SOT EMOL "Maachen amplaz vu schwätzen"

D'Kultur ass eng vun de groussen Passioune vun der Erna Hennicot-Schoepges. Ee vun hire Prinzippie war: "Kultur soll fräi sinn, et ass net um Politiker sech a kulturell Inhalter an ze mëschen."

Jean-Claude Majerus

Erna Hennicot-Schoepges

E Prinzip un deen d'Erna Hennicot-Schoepges sech ëmmer gehalen huet, och wann de Wand hir besonnesch als Kulturministerin ferm entgéint geroost huet.

"D'Kultur gëtt net eescht geholl"

Ënner Kultur versteet ee gären, esou d'Erna Hennicot-Schoepges, wou ee sech defouléiere kann oder wou een zur Rou kënnt. Mee datt Kultur richteg Aarbecht ass gëtt ganz dacks negligéiert. An dofir steet gären d'Fro am Raum, firwat een dofir soll Suen ausginn.

"Me well et fir d'Leit wichteg ass, well et fir d'Mënsche wichteg ass. Mer hunn als Mënsche Kapazitéiten déi fantastesch sinn. Mer hunn e Geescht, mer hunn Oueren fir ze lauschteren.(...) sou dass mer aus deene Kapazitéiten eppes maachen sollen. A 'Culture' dat heescht och 'cultiver', mer sollen all déi Fäegkeeten déi de Mënsch huet, déi solle mer profitéieren fir him e Sënn ze ginn a sengem Liewen. An dofir ass Kultur en elementare Bedarf fir eng ganz Gesellschaft, dat kënnt net vum selwen."

Eng Politikerin ass och e Mënsch

"Lady Rosa", de Mudam an d'Steng, d'Education précoce, d'Universitéit, alles Dossieren déi d'Erna Hennicot-Schoepges an hire verschidden Ressorten an der Responsabilitéit hat. Dossieren wou se dacks fermer Kritik ausgesat war. Mee hannert all Ministerin oder Minister gëtt och e Mënsch, dee de Drock och aushale muss.

"Ech hunn eng Schëller gehat, mäi Mann dee stoung riicht an alle Situatiounen. An dat war am Fong deen, dee mech dann erof geholl huet vum Sockel. Wann ech da ganz opgereegt war, dann huet dee gesot: Komm, komm, komm elo mol hei. Et ass näischt esou al wéi d'Zeitung vu gëschter. Elo liest de mol keng Zeitung an ech hunn a villen kriteschen Momenter net geliest wat geschriwwe ginn ass."

An der Mediathéik:

Sot emol / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Musek am Gespréich - Marketing
Musek am Gespréich

Zwee Begrëffer, déi quasi all professionell MusekerInne betreffen. Wat bedeite se? Op wat kënnt et bei enger Karriär an der klassescher Musek un? Mir hu bei Professionellen aus dësem Secteur nogefrot.

Theaterpräis Danzpräis
Kultur

Haut den Owend ginn am Kapuzinertheater d'Laureatinnen a Laureatin vun den éischte Lëtzebuerger Theaterpräisser an dem Lëtzebuerger Danzpräis bekannt. Am Virfeld vun dëser Zeremonie ass um Hamilius d'Theaterfest.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen