Pseudowëssenschaft Wat ass eng Gangstervisage?

Alles wat bannen net stëmmt gesäit een och vu baussen – dat ass dem Johann Lavater seng Theorie gewiescht. Nach haut gëlt d'Virurteel, datt een ee mat engem Al Pacino-Scarface-Gesiicht muss fäerten. Physiognomie, Phrenologie, Kraniometrie: vum 18. Joerhonnert un ass d' Pseudowëssenschaft vum Lavater ëmmer méi wäit gedriwwe ginn. 

Christian Mosar / ckl

béis.jpg
Gesäit sou e mystériéise Verbriecher aus, wéi d'Fotosdatebank Bigstock et undeit? (© Bigstock)

Ass déi perfekt Gangstervisage déi vun dem Al Capone? Vun deem also, deen 1917 an enger Bar op Coney Island, dem Gangster Frank Gallucio seng Schwëster draguéiert hat, an deen dofir vun dem jalouse Brudder zweemol an de Back geschnidde krut? De Capone huet spéider erzielt hien hätt seng Narben am Gesiicht vun enger Blessur déi hien am éischte Weltkrich an enger Schluecht krut. Just: den Al Capone war ni an der Arméi. Op jiddefalls war de Capone fir säi Liewe markéiert an dat huet him dorops hinn de Spëtznumm Scarface – Narbegesiicht – abruecht. Zweemol ass deen zum Filmtitel ginn, 1932 an enger Verfilmung vum Howard Hawks, an dunn 1983 beim Brian de Palma, wou den Al Pacino d’Roll vu sengem Liewe spillt.

Scarface aus dem Wee goen

All déi Figuren a Schauspiller profitéieren hei vum Cliché vun der Gangsterschnëss. Geféierlech, düster an onberechenbar: alles Adjektiver a Wiesenszich déi vun e puer graffe Messernarben am Gesiicht nëmmen nach ënnerstrach ginn. Mee wouhier kënnt dat onheemlecht Gefill, dee Virurteel dass een engem matt engem Gesiicht wéi dem Scarface aus dem Wee goe soll? Wéi esou oft an eiser westlecher Kulturgeschicht fänkt alles am Zäitalter vun der Opklärung un .

De Johann Lavater ass 1741 an der Spiegelgasse zu Zürich gebuer, dat ass do wou iwwregens spéider de Lenin sech verstoppt huet an 1916 d’Gebuertsstonn vum Dadaismus gefeiert gouf. De Lavater, e reforméierte Paschtouer an Intellektuellen huet 1775 ugefaangen un de véier Bänn vu senge "Physiognomische Fragmente zur Beförderung der Menschenkenntniss und der Menschenliebe" ze schreiwen.

Et kéint een dem Lavater seng Theorie am einfachsten esou résuméieren : Alles wat bannen net stëmmt gesäit sech och vu baussen. De Lavater huet behaapt et kéint een de Mënsch iwwert seng Physiognomie kennen an och erkenne wéi säi Charakter ass. De Lavater huet sech, eng Zäitlaang,  gutt matt dem Goethe verstanen, mä hien hat och méi exzentresch Bekanntschafte wéi de Scharlatan Cagliostro. An esou ass och d’Spaanwäit vun der physiognomescher Interpretatioun gaangen: vum Verstand bis zum Muttwëll.

Vun der Physiognomie bis bei d'Phrenologie an d'Kraniometrie

Dem Lavater seng Studie ware laang e Geheimtipp. Réischt wéi den däitschen Dokter Franz Joseph Gall se nees am Ufank vum 19. Joerhonnert opgegraff huet, huet sech dorausser eng Pseudowëssenschaft entwéckelt déi nach bis haut en Afloss op eist Alldagsliewen huet. Gemengt ass domadder d’Phrenologie, an där probéiert gëtt eng Verbindung, tëscht der Form vum Kapp grad ewéi vum Gehir, an dem Charakter vun engem Mënsch, opzestellen.

Géint 1800 huet de Gall observéiert, dass e puer vu senge beschte Schüler Aen haten déi eraustoungen. Anengems haten déi e ganz gudde Verhalt. Hien huet do en Zesummenhang gesinn. Senger Meenung no hunn déi verschidde Regioune vum Gehir d’Form vum Kapp mat determinéiert. Dat heescht, wann eng Fakultéit bei enger Persoun extra ervirstécht da misst een op där Plaz vum Kapp och eng Knupp spiere kennen. Dat huet de Franz Joseph Gall probéiert nozemoossen, matt enger Methoden déi hien dunn Kraniometrie gedeeft huet.

Eng Zon déi de Mordinstinkt ausdréckt?

Ënnert dem Virwand vun der Wëssenschaft ass also eng Andeelung vun der Mënschheet favoriséiert ginn, déi spéider ganz gutt, zum Beispill, an d’Rassentheorië passe sollt. De Gall huet seng Iddien dunn och nach matt der neier Léier vun der Statistik verbonnen. Dëse ganzen empiresche Sammelsurium vu Bausteng war awer méi den Ausdrock vun enger Ideologie wéi dee vun enger verwäertbarer wëssenschaftlecher Theorie. De Gall huet eng Lëscht vu 27 Gehirfunktiounen opgestallt déi en direkten Afloss op d’Form vum Kapp hunn.

An dunn huet en sech selwer eng Fal gestallt. Senger Meenung no gëtt et eng Zon déi de Mordinstinkt, och beim Mënsch ausdréckt. Dat heescht och, dass een net fir alles wat ee verbrécht ka verantwortlech gemaach ginn. De Gall huet do vu wëllen Déieren a bluttrünstegen, historesch Figure wéi dem Caligula dem Nero oder dem Ravaillac gefuebelt.

Mä d’Konsequenze vu senge Gedankespillereien hat hie sech net virgestallt. De Gall hat sech virgestallt et kéint een eng nei Gesellschaftsform grënnen, eng Zivilgesellschaft bei där jidderengem seng Plaz wëssenschaftlech a rationell predestinéiert wier. Domadder huet hien am Éisterräich vu Ufank vum 19. Joerhonnert eng Kontrovers ausgeléist wéinst där hie schlussendlech Wien huet misse verloossen.

De Gall, ëmmer méi ëmstridden

Wann ee fir dat wat ee mécht net méi verantwortlech ass, da mécht net nëmmen de Justizapparat kee Sënn méi – och d’Moral an d Relioun gi fundamental a Fro gestallt. De Gall hat mat sengen abstrusen Theorien net nëmmen eng Moud lassgetrëppelt, mee hien hat och de Gesellschaftssystem vu senger Zäit fir iwwerflësseg erklärt. De Kaiser Franz II huet de Franz Joseph Gall doropshin ausser Landes weise gelooss. A Frankräich vum Napoleon huet hien sech dunn installéiert a weider, matt Konferenzen zum Beispill, d’Promotioun vu sengen Ideen an Theorië gemaach. 1831 gouf a Frankräich eng Société de Phrénologie gegrënnt déi fënnef Joer dorops e Musée zu Paräis opgemaach huet. 

Vun 1840 un huet sech déi phrenologesch Moud a Frankräich awer schonn nees berouegt. An England, Amerika, a Spuenien oder an de skandinavesche Länner war d’Phrenologie awer nach ëmmer do. An Italien waren d'Konsequenzen awer am gréissten, an dat duerch den Den Cesare Lombroso (1835-1909), Medeziner an Expert um Geriicht, deen sech och fir Psychiatrie interesséiert.

De Lombroso verschäerft d'Theorië vum Lavater

1876 – gutt honnert Joer nom Lavater – huet de Lombroso säi Buch "L’Uomo delinquente" erausbruecht. Eng Etude, an där hien d’Iddien vum Lavter verschäerft huet: de Lombroso war iwwerzeegt dass kriminellt behuelen eng direkt Konsequenz vun interne kierperlechen Dysfunktionnementer wier, an déi wiere verierflech. E Gen vun der Kriminalitéit a vum Verbrieche souzesoen.

An de Lombroso wollt sech wierklech op Statistike stäipe fir seng Theorie ze rechtfertegen. 1906 schreift hie folgendes:

En 1870, je poursuivais depuis plusieurs mois, dans les prisons et dans les asiles de Pavie, sur les cadavres et les vivants, des recherches pour fixer les différences substantielles entre les fous criminels, sans pouvoir y réussir. Tout à coup, un matin d’une triste journée de décembre, je trouve dans le crâne d’un brigand toute une longue série d’anomalies atavistiques. Le problème de la nature et de l’origine du crime m’apparut résolu. 

Den Cesare Lombroso huet eng onheemlech Quantitéit u Mossen an Zuelen an den Asiler a Prisonge gesammelt. Resultat: et gëtt de gebuere Verbriecher wierklech, an et kann een him et vum Gesiicht ofliesen... Märder a Verbriecher hunn, dem Lombroso sengem Text no, gréisstendeels schwaarz a gekrauselt Hoer, eng däischter Haut eng kromm Nues e breet Gebëss eng flaach Stir matt Aperhoer, déi erausstinn – an awer kee Baart. Am 19. Joerhonnert war de Baart oder de Schnauz eng Eegenaart vum Schoulmeeschter vum Zaldot oder vum gudde Bourgeois an net vum Pickpocket oder Kannermärder. De Lombroso wollt och genee sinn: de Kappvolume vun den éierlechen Bierger wier tëscht 1475 an 1550 cm3 awer bei der Kriminellen nëmme bei 1455 cm3…

Artena, e "kriminellt" Duerf

Iwwert d’Verieflechkeet vun der Kriminalitéit hunn dunn d’Imitateure vum Lombroso no anere Beweiser gesicht. 1890 huet den Scipio Sighele, dee gären als Pionéier vun der Massenpsychologie beschriwwe gëtt, d’Duerf vun Artena als Beispill genannt. Nëmmen eng 50 Kilometer vu Roum ewech hunn deemools eng 4000 Leit do gewunnt. Tëscht 1853 an 1887 sinn do awer eng 79 leit ëmbruecht ginn! De Sighele huet an den Archiven nogesicht an erausfonnt, dass schonn 1557 de Pobst Pius IV d'Männer vun Artena verdaamt hat, well si all kriminell wieren. De Sighele huet dorausser geschloss, dass déi grouss Zuel vu Schwéierverbrieche schonn an der Geschicht an also am Ierwen vun de Leit am Duerf festgeluecht war.

De Lombrose sengersäits hat zwar eng Onmass vu Statistike gesammelt, mä säin Duerschnettsverbriecher war esou mëttelméisseg, dass d’Beschreiwung bal op jiddereen hätt kenne passen. Zum Schluss vum 19. Joerhonnert ass et kloer ginn: Dem Lombroso seng "bosse du crime" ass duerch eng Soziologie vum Verbriechen ersat ginn.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen