Zäitspuer: Episod 3 Kachrezepter mat Politik: Esou huet Fraen-Radio an de 50er geklongen
Fraen um Radio ze héieren ass haut zimmlech normal. Dat war awer net ëmmer esou: An der neier Zäitspuer-Episod kënnt dir iech ulauschteren, wéi Sendunge fir Fraen an de 50er Jore geklongen hunn.

Original Opnamen aus der Zäit vun de 50er Jore ginn et praktesch keng méi. Déi meescht Radio-Emissioune sinn deemools nämlech live iwwer d'Antenn gaangen, ouni datt e Band matgelaf ass.
D'Historiker Jens van de Maele a Julia Harnoncourt hu fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" awer nogestallt, wéi Fraen-Radio sech an de 50er Joren unhéieren huet. Eraus komm ass d'Audio-Stéck "Zuhause mit Ketty und Catherine".
Wéi ass dat Stéck entstan? A wat seet et iwwer déi gesellschaftlech Stellung vun de Fraen direkt nom zweete Weltkrich aus? Dat freet de Rick Mertens d'Julia Harnoncourt an der drëtter Episod vun der Zäitspuer.