"Act Now and Speak Up" Jonk Europäer engagéiere sech politesch

Jonk Leit aus eelef europäesche Länner hu sech zu Lëtzebuerg zesummefonnt fir politesch aktiv ze ginn. Dat um sougenannte Western Model European Parliament: Eng Simulatioun vum Europäesche Parlament, déi Jonker dozou beweegt zesummen ze diskutéieren a potentiell Léisungen zu akute Problemer auszeschaffen. Mee wat kënnt dobäi eraus, wa Jonk Europäer sech politesch engagéieren?

Rahel Könen / cbi

Model European Parliament
Jonk Leit aus eelef europäesche Länner hu sech zu Lëtzebuerg zesummefonnt fir politesch aktiv ze ginn

Klimawandel, Kryptowärung, Gläichberechtegung oder Droits d'auteurs. Alles aktuell Sujeten, mat deene sech jonk Europäer wärend enger Woch intensiv beschäftegt hunn. Ronn 110 Jugendlecher goufen deemno a fënnef verschidde Comitéen agedeelt fir konkret Léisungsvirschléi auszeschaffen: Dat op Englesch.

D'Norwegerin Ida Flem erzielt, datt dëst eng Erausfuerderung war: Wann een ee Wuert op Englesch net weess, da wier et schwiereg sech auszedrécken. D'Sproochkompetenze wiere bei jiddwerengem anescht, erzielt si.

Verschidde Meenungen

Wärend den Diskussioune géif en awer och mierken, datt een dacks ënnerschiddlech Standpunkte vertrëtt, sou de Paul Petit. Virun allem wann en aus aneren europäesche Länner kënnt. Als Beispill nennt hien d'Diskussioun ëm eng Vitesslimitatioun: Frankräich hätt déi maximal Vitess op de Stroosse schonn op 80 km/h begrenzt. An Norwege géifen et ënnerschiddlech Vitesslimitatioune ginn, déi am Dag an an der Nuecht anescht sinn. Dat wier fir Fransouse schwéier nozevollzéien.

Et géifen also Problemer ginn, fir verschidden Theemen d'selwecht ze verstoen, mee de Paul Petit mengt awer, datt jiddwereen dat selwecht Zil an déi selwecht Iddi hätt: et misst sech eppes änneren.

Et géif ee leiere sech fir seng politesch Iddien anzesetzen, sou d'Jimena Revadulla. Doduerch géif een och u Selbstvertraue gewannen. Déi jonk Spuenierin huet sech mat der europäescher Verteidegungspolitik auserneegesat a vertrëtt d'Meenung, datt Europa eng Friddenstrupp bräicht.

D'EU géif nämlech de Moment vun den USA a vun der Nato ofhängeg sinn, mee et misst ee méi Verantwortung iwwerhuelen. Et sollt een net méi Suen an d'Verteidegung investéieren, mee d'Sue besser opdeelen. "Mir mussen zesummeschaffen, well zesumme si mir méi staark."

Wéi eng Léisunge fir d'EU?

Op europäeschem Niveau misst ee sech awer och fir méi Gläichberechtegung asetzen, dat virun allem wa Mënscherechter mëssbraucht ginn, sou de Victor Adams. Et hätt ee sech op d'Sanktionéiere vu Länner konzentréiert, déi géint d'Mënscherechter verstoussen. Mee déi Jonk hu sech och iwwer Informatioun an Educatioun an de Schoulen ausgetosch.

Och den Emil Weis hätt mat sengem Comité iwwer d'Kryptowärung u Léisungsvirschléi geschafft. Ee vun de gréisste Problemer wier, datt déi europäesch Wirtschaft géif dorënner leiden, wa jiddweree seng eege Wärung kéint maachen. Dofir wier et wichteg, datt déi Europäesch Zentralbank hir Muecht a Kontroll géif behalen, fir datt si selwer hir eege Kryptowärung entwéckele kéint an domat och d'Kontroll iwwer de Finanzmaart géif behalen.

Virun allem awer hätt den Zesummenhalt hie gepräägt: och wann een heiansdo verschidde Meenunge gehat hätt, sou wier et ni zum grousse Sträit komm, mee et hätt een ëmmer eng Léisung fonnt.

D'Zil vum Projet wier et also net d'Welt ze veränneren, mee fir d'Jugendlecher ze motivéieren sech méi ze engagéieren, a fir datt déi Jonk méi e groussen Interêt fir d'Politik entwéckelen, seet d'Mathilde Araujo, eng vun de Presidente vun dësem Western Model European Parliament.

Deemno wier et e kulturellen Austausch gewiescht, deen ee sou séier net méi vergësst: doranner waren déi Jonk sech ob jiddefalls eens.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Rahel Könen
Lauschteren

Méi zum Thema

Schüler diskutéiere mat Politiker
Klimaschutz

No de Youth-for-Climate Protester am Mäerz, goufen eng Réi Treffen tëschent Schüler an der Regierung organiséiert, fir iwwer de Klimaschutz ze schwätzen. En éischt Treffe war am Forum Geesseknäppchen.

D'Greta Thunberg
EU-Klimapolitik

Dee 7. Donneschdeg hannerenee marschéieren Dausende vu Schüler zu Bréissel fir géint de Klimawandel ze demonstréieren. Dierf een d'Schoul schwänze fir géint de Klimawandel ze demonstréieren?

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen