Invité am Moies-Magazin Jayrôme C. Robinet

"Mein Weg von einer weissen Frau zu einem jungen Mann mit Migrationshintergrund" - dëst Buch stellt de Schrëftsteller den Owend am Institut Pierre Werner vir.

Nathalie Bender / cbi

Jayrome Robinet
Foto: Ali Ghandtschi

Dëst Buch ass eng Autofiktioun an erzielt dem Jayrôme C. Robinet säi Wee vun der jonker franséischer Fra zum Mann mat Migratiounshannergrond, deen elo zanter 20 Joer zu Berlin lieft a schafft. No enger Testosteronbehandlung gesäit de Schrëftsteller, Poetry Slammer, Dozent an Doktorand no baussen aus wie e Mann an huet seng Transitioun domat realiséiert.

Datt dee Wee keen einfachen ass, an een nawell scho bal witzeg kann doriwwer erzielen, ouni den Eescht vun der Thematik Trans ze vernoléissegen - doriwwer erzielt de Jayrôme C. Robinet a sengem Buch an och am Institut Pierre Werner.

De Wuertkënschtler liest den Owend aus sengem Wierk an ënnerhält sech mam Sandy Artuso, déi an hirer Dissertatioun däitschsproocheg Autobiographië vun Trans*Persounen erfuerscht.


D'Nathalie Bender huet sech am Virfeld dovunner mam Jayrôme C. Robinet ënnerhalen.

An der Mediathéik:

Invité am Moies-Magazin / / Nathalie Bender
Lauschteren

Méi zum Thema

D'Nori ass en Trans'Meedchen
Trans'Kanner an der Schoul

D'Nori ass en eelef Joer aalt Trans'Meedchen. Dat heescht: Hatt ass e Meedchen, bei senger Gebuert krut hatt awer dat männlecht Geschlecht zougeuerdent, mat deem hatt sech awer net identifizéiere kann.

Erik Schneider
Transgender an Intersex

Transgenderpersounen hunn en eendeitegt Geschlecht no medezineschen Normen, mä identifizéiere sech psychologesch mam Géigegeschlecht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen