Dëser Deeg erliewen d'Loun a Gehaltsempfänger, wéi d'Indextranche an der Realitéit opschléit: Léin a Gehälter, a Pensiounen a Rente ginn Inflatiouns-bedéngt 2,5 Prozent gehéicht.
De Wirtschaftsminister hat dës Indextranche schonn am Verlaf vun 2016 ongedëlleg ugekënnegt, an huet se quasi wéi eng politesch Errongenschaft verkaaft. Et hätt ee kënne mengen, den Här Schneider géif aus dem Gewerkschaftslager stamen, an hätt keng Vergaangenheet op de Patrons-Etagen. Well do ass d'Relatioun mat Index an automateschem Inflatiounsausgläich jo traditionell zimlech gespaant.
Dës Indextranche mécht d'Aarbecht méi deier. Fir dëse Radio-Betrib zum Beispill kascht si am ganze Joer 2017 ongeféier den Equivalent vun engem gutt qualifizéierten Employé. Wann d'Aarbecht méi deier gëtt, ass de Betrib manner kompetitiv. An dat deet besonnesch wéi, wann e sech wéi déi meescht Lëtzebuerger kommerziell Betriber, op engem internationale Marché muss behaapten, wou d'Konkurrenz keen automateschen Inflatiounsausgläich kennt.
"Den Index" soll déi Kafkraaft kompenséieren, déi duerch d'Inflatioun verluer geet. Inflatioun, dat ass en gros d'Evolutioun vun de Präisser vun enger grousser Zuel vu Wueren an Déngschtleeschtungen, déi all Dag an Usproch geholl ginn. Ginn déi méi deier, dann ass Inflatioun. Am Dezember louch d'Inflatioun bei 1,1 Prozent, a si gouf virun allem duerch d'Evolutioun vun de Pëtrolspräisser gedriwwen. Wie wëll, kann also der OPEC fir d'Indextranche Merci soen.
Déi gemittlech Inflatioun
Inflatioun ass net eppes Schlechtes per se. Zentralbanken a Wirtschaftspolitiker peilen en Inflatiouns-Taux vun "no bäi, awer manner wéi" zwee Prozent un. De Konsens ass, datt eng Ekonomie mat sou engem Inflatiouns-Taux "ootme" kann. Dann ass grad genuch Sputt am System, awer net ze vill.
En héijen Inflatiounstaux vun zum Beispill fënnef Prozent ass net wënschenswäert. Dee bedeit an der Regel, datt d'Kapassitéit vun der Ekonomie ausgereizt ass, datt méi Demande fir vill Wueren a Servicer do ass, wéi Offer. An e ganz nidderegen oder esouguer negativen Taux vun Inflatioun ass nach méi e grousst Schreck-Gespenst fir Wirtschaftspolitiker an Ekonomisten. Dat bedeit, datt eng Ekonomie am Begrëff ass, ze kollabéieren.
Eng gemittlech Inflatioun vu ronderëm zwee Prozent arrangéiert dogéint vill ekonomesch Acteuren. Ënnert deene Konditioune gewënnt zum Beispill de Staat. Well d'Steierrecettë ginn erop, a gläichzäiteg devaluéiert d'Schold, déi de Staat gemaach huet, a si gëtt laangfristeg manner deier. Fir privat oder kommerziell Playere gëllt dat selwecht: iwwer d'Zäit kënnt eng niddereg Inflatioun zu pas, well laangfristeg Ausgaben oder Investitioune reell gesi manner deier ginn.
Esou gesinn ass dem Wirtschaftsminister seng Fixatioun op d'Indextranche net méi esou ganz pervers.
A moins natierlech, datt hie mat der Indextranche just wahltaktesch a fir d'Sondage punkte wollt. Mä sou eng Theorie ass eng béiswëlleg Ënnerstellung a sprengt ausserdeem de Kader vun dëser Wirtschaftschronik.