Identitéit an Heemecht "Identifiziert Euch! Warum wir ein neues Heimatgefühl brauchen"

15 Joer laang huet hien d'Tagesthemen op der däitscher Televisioun presentéiert, virdru schonn hat den Ulrich Wickert sech als ARD-Korrespondent a Frankräich en Numm gemaach. De Maurice Molitor huet sech mat him iwwer Däitschland a Frankräich, virun allem awer iwwer säi lescht Buch, an deem et ëm Heemecht an Identitéit geet, ënnerhalen.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Ulrich Wickert
Den Ulrich Wickert huet 15 Joer laang d'Tagesthemen presentéiert

Identitéit an Heemecht sinn déi zentral Begrëffer am neiste Buch vum Ulrich Wickert. De bekannten däitschen Televisiouns-Journalist mengt, en Heemechtsgefill an e Bekenntnis vun de Leit zu der nationaler Identitéit wieren noutwendeg Viraussetzunge fir d'Kohesioun vun all Gesellschaft ze garantéieren.

"Das Bekenntnis zur Identität macht den Bürger erst zum Staatsbürger, der sich verantwortlich fühlt. Und dieses sich engagieren in der freiwilligen Feuerwehr, in der Gewerkschaft, in einer Partei, hat ja mit Verantwortung übernehmen zu tun."

Gëschter war den Ulrich Wickert op Invitatioun vum Institut Pierre Werner hei zu Lëtzebuerg. An der Abtei Neimënster huet hien, viru Public, mat engem SPIEGEL-Journalist iwwer Däitschland, Frankräich an Europa diskutéiert.

Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Ulrich Wickert:

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Bartleby Delicate
Bartleby Delicate

A senger neier Single beschäftegt de Lëtzebuerger Sänger Bartleby Delicate sech mam Begrëff Heemecht. Dee sollt an enger digitaliséierter Welt nei beluecht ginn. Als Artist misst ee Stellung bezéien.

ons heemecht
Flüchtlingen

“Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen”. Eng Zeil aus dem Michel Lentz sengem “Feierwon”. Mee och eng asbl, déi iwwer Projeten d'Awunner am Land mat Flüchtlinge wëll zesumme bréngen.

Programm

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen