Raumfaart Geschwënn op de Mars?

Wann et dem Elon Musk vun der Raumfaartsentreprise SpaceX, nogeet, da wunnen um Enn vun dësem Joerhonnert Dausende vu Meschen um Mars. De Mënsch als interplanetaresch Spezies? Absolut noutwenneg, seet de Musk, a wëllt sech mat sengem ganze Verméigen engagéiere fir den Transport op de Planéit an zeréck z'organiséieren.

Carole Eicher an André Mousset / cwi

Mars
Gëtt de Mars geschwënn koloniséiert? Foto: Bigstock

Op der internationaler astronautescher Konferenz zu Guadalajara a Mexiko de 29. September huet den Elon Musk, Grënner vun der Raumfaartsfirma SpaxeX allen anere Riedner d’Show geklaut. Hie sot, "jiddereen dee wëllt, soll kënnen op der Mars fléien." Dem Musk no mussen d'Mënschen auswanderen, well op der Äerd een Evenement antriede géif, duerch dat d'Mënschheet staark zréckgoe léisst.

De Mars géif sech als Planéit ubidden: D'Temperatur wier déi richteg an en Dag géif bal genau esou laang daueren, wéi op der Äerd. Dernieft wier de Mars scho gutt erfuerscht, mengt den Elon Musk.

Bezuelbar an d'Weltall

Den Elon Musk huet 2002 d'Raumfaartsentreprise SpaceX gegrënnt – eng Firma, mat där och de Satellittebedreiwer SES zesummeschafft. Dëst mat der Visioun, d'Käschte fir den Transport an d'Weltall – vu ronn zéng Milliarden Euro op 200.000 Euro – ze reduzéieren, fir kënnen aner Planéiten ze koloniséieren. No e puer Feelschléi huet SpaceX 2008 d'Rakéit Falcon1 op Orbit bruecht – zu engem Drëttel vum Präis vun de staatlech finanzéierte Flich.

Fir datt de Fluch op de Mars nach méi erschwénglech gëtt, muss SpaceX nach eng Partie Problemer léisen: Den Transportsystem muss méi dacks kënne benotzt ginn an eng Rakéit bis zu 1.000 Mol kënnen agesat ginn. Bis ewell konnt d'Rakéit Falcon9 vu SpaceX eréischt ee Mol agesat ginn – Enn des Jores soll si viraussiichtlech eng zweete Kéier op Orbit bruecht ginn. Et ass awer onkloer, op dësen Zäitplang agehale ka ginn, well viru ronn zwee Méint eng Falcon9-Rakéit beim Start explodéiert war.

Dernieft missten d'Raumschëffer kënnen am All tanken, fir Käschten ze spueren. Dofir misst um Mars Sprit kënne produzéiert ginn an dat geet mat deem Kerosin, deen den Ament bei de Rakéiten agesat gëtt, net. De Sprit muss awer nach fonnt ginn. Fir dëse Problem ze léisen, denkt SpaceX u Sauerstoff a Methan, déi sech liicht a präiswäert um Mars géife generéiere loossen.

Eng autark Kolonie

D'Zil vu SpaceX ass et dem Musk no, fir 1000 Raumschëffer um Äerdorbit prett maachen, déi wéi Satellitte ronderëm d’Äerd dréien. D’Rees op de Mars ass nämlech nëmmen all 26 Méint méiglech. An engem Raumschëff séizen tëscht 100 an 200 Leit. Nëmmen esou kéint eng autark Kolonie a 40 bis 100 Joer um Mars opgebaut ginn. D'Rees soll am Schnëtt véier Méint daueren.

Bis ewell huet SpaceX 5 Prozent vun hirem Budget an d'Marsmissioun gestach. Privat Investissementer sollen de Finanzement assuréieren, ma et hofft een och op Ënnerstëtzung duerch d'Regierungen.
Deen éischten Testfluch op de Mars ass fir 2023 geplangt.

Méi zum Thema

Space Mining
Space Mining

D'Halschent vun de 25 Milliounen Euro, déi de Staat investéiert, si fir Fuerschung an Entwécklung bei der Lëtzebuerger Filial vu Planetary Resources. De Rescht gëtt an d'Mammenhaus investéiert.

Space X.JPG
SES

​Op der amerikanescher Weltraum-Statioun Cape Canaveral ass eng Rakéit vun der Firma SpaceX explodéiert. Eng Firma mat där de Satellittebedreiwer SES zesummeschafft fir e Satellit ze lancéieren.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen