Biophilia Geschwë gëtt et nees glat dobaussen...

Wann et dobausse schneit a fréiert, kann et zu glate Stroosse kommen - an deemno och nees zu méi Accidenter. An deem Fall gëtt dacks zu Streesalz gegraff, fir d'Äis ze entdeeën. Mee dat huet vill negativ Konsequenzen.

Tessy Steffen Koenig / sam

äis a gestreet salz op enger strooss
Salz streeën ass net ëmweltfrëndlech. Foto: Bigstock / DimaBerlin

Kucke mer eis kuerz un, wat d'Salz op de Stroossen eigentlech mécht: Äis ass gefruerent Waasser, Schnéi besteet aus ganz klengen Äiskristaller. Wa si a Kontakt mat Salz kommen, suergt d'Salz dofir, datt d'Waassermoleküllen am Äis oder Schnéi sech net zu feste Strukture kënnen zesumme bannen. Dat huet de Virdeel, datt dat net nëmmen do geschitt, wou d'Salz higestreet gëtt, mee d'Äis entdeet och ronderëm, wéi beim Domino-Spillen.

An de leschte Joren hu Ponts et Chaussée eng 20 bis 30 Tonne Salz pro Saison verstreet. Dat ass vill, och wann d'Salzgefierer esou ausgeriicht sinn, datt d'Quantitéit vum Streesalz un d'Temperatur an un d'Breet vun der Strooss ugepasst gëtt. Dobäi kënnt nach dat Salz, dat vun de Privatleit verstreet gëtt.

Schied bei Planzen

Negativ betraff vum Streesalz si virun allem d'Planzen, déi um Stroosserand stinn. Si kënne beschiedegt ginn a beim direkte Kontakt mam Salz och verätzen.

D'Waasser mam Salz, dat duerch d'Entdeeë vum Äis a Schnéi entsteet, versickert am Buedem, wat dann nees zur Konsequenz huet, datt de Buedem méi salzeg a fest gëtt. Dat huet fir d'Planzen - awer och aner Liewewiesen am Buedem - schlecht Konsequenzen.

Duerch d'Salz kënnen d'Planze manner Waasser an Närstoffer ophuelen, si ginn dobäi méi ufälleg fir Krankheeten a kënnen éischter ofstierwen. Och nei Planze packen de Wee duerch déi verkuuschte Buedem-Uewerfläch net.

Eng Hellewull aner negativ Konsequenzen

Trotz Kläranlage bleift d'Salz am Waasser, an doduerch och nohalteg an der Ëmwelt.

D'Streesalz suergt och fir Schied op de Stroossen, u Gebaier, un Autoen, Mottoen a Vëloen. Et gëtt esouguer geschat, datt d'Hallschent vun de Korrosiounsschied un den Autoen duerch d'Streesalz verursaacht ginn.

Dann ass d'Salz och schlecht fir d'Patte vun eise Muppen a Kazen, déi sech kënnen entzünden.

Wat sinn d'Alternativen?

De Schnéi an d'Äis leie loossen, geet op ville Plazen net. Donieft ass all Awunner per Gesetz dozou verflicht, säin Trëppelwee fräi ze maachen, fir datt d'Sécherheet vun de Foussgänger garantéiert ass. Et gëtt geroden, de Schnéi direkt ewech ze schëppen, nach éier en d'Geleeënheet kritt, ze fréieren. Dat ass ganz ëmweltfrëndlech, mécht awer och vill Aarbecht.

Eng aner Méiglechkeet ass Granulat ouni Salz ze streeën, dat den Ëmwelt-Siegel "Blauer Engel" oder "Nordischer Schwan" huet.

Och Kaffisaz oder Holzspéin kënnen hëllefen. Eng aner Méiglechkeet ass Sand, deen d'Stroossen an d'Trottoire méi grëffeg mécht.

An enger däitscher Etüd, déi sech domat beschäftegt huet, wéi ee Vëlosweeër méi sécher maache kann, koum eraus, datt och Kaliumcarbonat hëllefe kann. Duerch dat wäisst Polver gëtt de Gefréierpunkt erofgesat, allerdéngs ass et och méi deier ewéi Streesalz a gëtt den Ament just punktuell agesat.

An der Mediathéik:

Biophilia / / Tessy Steffen Koenig
Lauschteren

Méi zum Thema

Benu Village
Biophilia

Wéi kann ee säi Kleederkonsum méi ëmweltfrëndlech maachen? Wou fënnt een nohalteg a fair produzéiert Kleedung an ass och wierklech dran, wat drop steet? D'Paule Rodesch huet sech op d'Sich no Äntwerte gemaach.

Bësch Meenung
Biophilia

D'Blieder am Hierscht leie loossen huet vill positiv Konsequenzen: de Buedem gëtt virun der Keelt an dem Ausdréchne geschützt, an och vill Liewewiese fannen hei eng Plaz fir de Wanter ze verbréngen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen