International Wirtschaft Geschäfter trotz Wirtschaftssanktiounen

Mëttlerweil dierft jiddereen et matkritt hunn: D'Relatiounen tëscht Russland an der EU sinn ugespaant wei scho laang net méi. Nieft den aktuelle politeschen Tensiounen, sinn och zanter iwwer véier Joer Wirtschaftssanktioune géint Russland a Kraaft. Trotzdeem sinn nach ëmmer vill europäesch Entreprisen a Russland aktiv. Wéi schwéier hu si et am Moment fir Geschäfter a Russland ze maachen?

Rick Mertens / cz

VW Fabrick Russland-02462.JPG
VW Fabrick zu Kaluga a Russland (Foto: Rick Mertens)

Den Alexej Knelz ass an de leschte Méint e vill gefrote Mann. Als Pressespriecher vun der dätsch-russescher Baussenhandelskammer zu Moskau, ass hien e gefroten Uspriechspartner fir Journalisten, déi wësse wëllen, wéi d'Wirtschaftssanktioune géint Russland sech bemierkbar maachen.

A sengen Äntwerten zitéiert den Alexej Knelz vill Etüden: Fuerscher vum Kieler Institut fir Weltwirtschaft hätten, zum Beispill, ausgerechent, datt e Verloscht vu ronn 40 Milliarden US-Dollar fir europäesch Entreprisen entstanen ass, zanter 2014 déi éischt Sanktioune verhaange goufen. Och eng Ëmfro ënnert däitschen Entreprisen, déi a Russland aktiv sinn, wier zu engem klore Resultat komm, seet den Alexej Knelz.

Entreprise géint Sanktiounen

D'Wirtschaft hätt sech kloer géint Wirtschaftssanktiounen ausgeschwat, well hiren Effekt ze hannerfroe wier. 94 Prozent vun de Membere vun der Baussenhandelskammer wieren dofir, datt ee Wirtschaftssanktiounen no an no géif ofbauen, seet den Alexej Knelz.

Alexej Knelz vun der Baussenhandelskammer

Ronn 160 Kilometer süd-westlech vu Moskau mierkt een op den éischte Bléck näischt vu Wirtschaftssanktiounen. An der VW-Fabrik zu Kaluga laafen nei Poloen an Tiguane vum Band. D'Opträg géife sech a sengem Departement positiv entwéckelen, erkläre de Michael Henkel, deen zanter véier Joer zu Kaluga an der Motorproduktioun schafft.

D'Sanktioune wëllt VW op Nofro hin net kommentéieren. Eng Spriecherin seet awer d'Verkafszuelen hätte sech d'lescht Joer positiv entwéckelt. No engem Réckgang an de Joren virdrun, hätt een d'lescht Joer ronn zwielef Prozent méi Autoe verkaaft, wéi nach am Joer virdrun.

Verloschter duerch Export kompenséiert

Virun allem den Export vun Autoen, déi zu Kaluga produzéiert ginn, huet an de leeschte Joren zougeholl. Bei VW heescht et, den Export hätt 2016 ëm 70 Prozent zougeholl. Dat ass keen Eenzelfall: Och eng aner däitscher Entreprise, déi an dëser Regioun produzéiert, huet an de leschte Jore méi exportéiert: De Pneue-Produzent Continental. De Generaldirekter Jaron Wiedmaier seet, op déi Manéier hätten d'Verloschter um russesche Marché deelweis kënne kompenséiert ginn. Et misst ee sech awer lafend un nei Konditiounen upassen. Wéinst de Sanktiounen um Finanzmarché waren deelweis e flexibelen Ëmgang mat de Clienten néideg.

Allgemeng bléckt de Jaron Wiedmaier awer geloossen op déi aktuell politesch Entwécklungen. Continental hätt bis elo keng grouss Verloschter duerch d'Sanktioune gehat. Seng Entreprise, géif laangfristeg a Russland plangen. Wann ee sech géif drop astellen, fir laangfristeg a Russland ze bleiwen a wann ee Russland als Zukunftsmarché gesäit, da géif et keng aner Méiglechkeet, wéi déi, fir weider a Russland z'investéieren.

Russesch Lokaliséierungspolitik

"Keng Alternativ" ass zum Deel wiertlech ze verstoen: Déi russesch Regierung sëtzt zanter den 2000er Joren nämlech op eng sougenannte "Lokaliséierungspolitik". Des Politik gesäit vir, datt auslännesch Entreprisen a Russland musse produzéieren, fir Taxen ze ëmgoen. Donieft ginn Entreprisen aus dem Ausland finanziell encouragéiert mat russeschen Zouliwwerer zesummenzeschaffen. De Jaron Wiedmaier mécht kee Geheimnis doraus, datt des Gesetzer eng Roll gespillt hunn, wéi Continental decidéiert huet sech zu Kaluga néier ze loossen.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Rick Mertens Analys
Auslandschronik

De Rick Mertens war zéng Deeg a Russland ënnerwee an huet festgestallt, datt russesch Politiker anescht mat Journalisten ëmginn, wéi d'Politiker heiheem. Obwuel: Esou anescht vläicht och erëm net.

Rick Mertens Analys
Mediechronik

Grenze bleiwe Barrièren. Däers gëtt ee sech als EU-Bierger zum Beispill bewosst, wann een a Russland reest. Grad wann een als Journalist dohi geet, zielt den 100,7-Auslandskorrespondent Rick Mertens.

Kreml
Presidentschaftswahlen a Russland

D'Presidentschaftswahlen a Russland versprieche keng grouss Iwwerraschungen ze bréngen. D'Chancen, datt de Wladimir Putin als President zeréckgewielt gëtt, si grouss. Mä wie sinn déi aner Kandidaten?

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen