Bewosst gesond Frëscht Uebst a Geméis

"Du muss grouss a staark ginn", soe mer eise Kanner a verbannen dat dacks mat Iessen an Drénken. Uebst fir Energie, Mëllech fir d'Schanken asw. Ob dat och stëmmt a wat e Stéck Uebst an e Glas Mëllech och wierklech u Vitaminnen a Närstoffer hunn, erkläert d'Dieteticienne Liz Mersch, déi och d'Kanner ganz besonnesch an de Menü mat aplangt. Am éischten Deel geet et ëm frëscht Uebst a Geméis.

Angie Maquil / cbi

Vitamin C
Foto: Bigstock / Formatoriginal

Frëscht Uebst a Geméis liwwert eis normalerweis déi Quantitéit Vitaminn C, déi mir brauchen. E gesonde Mënsch brauch ongeféier 100 mg Vitaminn C pro Dag. Mir fannen dës net nëmmen an der Zitrusfruucht, mee och an anerem Uebst a Geméis.

Fir déi meescht Vitaminnen notzen ze kënnen, ass et wichteg, frëscht Uebst a Geméis aus der Regioun anzekafen. Dofir si mir och un d'Saisone gebonnen. Elo, am Mount Mäerz z. B. ass d'Offer vun frëschem Uebst net immens grouss, mir hunn haaptsächlech Äppel a Bieren aus einheimescher Lagerung.

Als Geméis fannen mir z. B. nach Chiconen, verschidden Zalotenzorten a Poretten. Wa mir niewent dem Uebst nach frëscht Geméis iessen, ass eisen Vitaminnbedarf gedeckt.

Normalerweis huet ee kee Mangel u Vitaminn C

Et gëtt gesot, datt Vitaminn C virun Erkältunge schützt. Duerch Studie konnt awer net bewisen ginn, datt Leit, déi zousätzlech Vitaminn-C Preparater zou sech huelen, manner Erkältunge kréien. Ënner normalen Ëmstänn kennen mir heizuland kee Mangel kréien, well mir stänneg Zougang zu frëschem Uebst a Geméis hunn.

En Iwwerschoss u Vitaminn C, wat eng waasserléislech Vitaminn ass, gëtt iwwer d'Nieren ausgescheet. Ganz beléift si jo och Smoothien aus Uebst an/oder Geméis. Ob déi elo eng gutt Alternativ zu der frëscher Variant sinn, kucke mir zesummen da muer.

An der Mediathéik:

Bewosst Gesond / / Angie Maquil
Lauschteren

Méi zum Thema

Téi vum Séi
25 Joer Téi vum Séi

Tëschent sechs an aacht Hektar Téi a Kraider ginn zanter iwwer 25 Joer vun der landwirtschaftlecher Genossenschaft produzéiert. Ouni Pestiziden a chemeschen Dünger, esou ee Verkafsargument.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen