Am Gespréich François Valentiny

De François Valentiny, 1953 zu Rëmersche gebuer, huet fir d'éischt d'Handwierk vum Schräiner geléiert, ier hie sech un d'Architektur erugewot huet. Haut ass säi Wierk wäit iwwer d'Grenze vun eisem Land bekannt a priméiert.

François Valentiny

Am Gespréich mam Claude Faber schwätzt hien iwwer d'Ufäng an déi wichteg Etappen a sengem beruffleche Liewen, iwwer Estetik an Inspiratioun, Kritik an d'Wunnengspolitik hei am Land, an net zulescht och nach iwwer de 40. Anniversaire vum Valentiny Architktebüro.

Lauschtert den éischten Deel vum Gespréich

Ob renomméiert a priméiert, oder net, en Architekt setzt sech ëmmer nees enger gewësser Kritik aus, déi net zulescht och vu Bauhäre vu privaten, ma besonnesch awer vun ëffentleche Gebaier kënnt. Wéi wäit léisst sech e François Valentiny dann iwwerhaapt nach op Diskussioune mat engem Bauhär an?

Lauschtert den zweeten Deel vum Gespréich

De François Valentiny ass op Wien Architektur studéiere gaangen, wou hien dann direkt och schonn e wichtege Grondstee fir seng laangjäreg Karriär konnt leeën. Wéi eng aner wichteg Etappe gouf et da soss nach a sengem Liewen? Etappen, déi hie berufflech, an och als Mënsch, markéiert hunn.

Lauschtert den drëtten Deel vum Gespréich

Den Architekt huet och ee kritesche Bléck op déi aktuell Wunnengspolitik:

Lauschtert de véierten Deel vum Gespréich

Wéi eng nei Projete stinn an d'Haus? Wat genee mécht d'Fondation Valentiny? A wat steet an der neier Publikatioun, déi fir de 40. Anniversaire vum Architektebüro erauskomm ass?

Lauschtert de fënneften Deel vum Gespréich

An der Mediathéik:

Am Gespréich / / Claude Faber
Lauschteren

Méi zum Thema

IMG_2906.jpg
Am Gespréich

E Liewe fir d'Musek an de Gesang ass bei der Susy Thomé-Schneider wuel net iwwerdriwwen ze soen. Si ass Musekerin, Sängerin, Multiinstrumentalistin an oder virun allem Enseignante an der Käerjenger Museksschoul.

Jemp Schuster
Auteur

Den Auteur vu "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer" schwätzt iwwer säi Schreifprozess an d'Bedeitung vu sengem aktuelle Wierk. Wéi koum de Jemp Schuster dozou, grad elo ee Roman ze schreiwen?

Bob Bertemes
Am Gespréich

De Bob Bertemes hat sech fir d'olympesch Spiller 2020 zu Tokyo qualifizéiert. Wéinst der Pandemie goufen déi bekanntlech verluecht. Am Gespréich erzielt de Kugelstousser, wéi dat säin Training beaflosst huet.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen