Flouernimm Dréisch an Dréischer

De Flouernumm vun dëser Woch ass Dréisch oder Dréischer. Et kéint een och Frichen oder ganz einfach Brooch oder Broochland soen, mee do ginn et awer landwirtschaftstechnesch gesi fein Ënnerscheeder.

Claude Faber / cbi

Dréischer

Mam Wuert Brooch gi gemengerhand Felder bezeechent, déi eng Zäit net benotzt ginn. An der Zäit vun der Dräifelderwirtschaft war d'Brooch dat Feld, dat ee Joer roue gelooss gouf, fir sech ze regeneréieren. Spéider gouf den Ausdrock och gebraucht fir allgemeng en onbenotzten Terrain ze bezeechnen.

Och dat franséischt Wuert Friche ass dofir dacks gebraucht ginn, dat mer hei zu Land haut dann nees éischter fir eng Industriezon benotzen, déi souzesoe brooch läit, wéi zum Beispill d'Frichë vun Esch/Belval.

Wann dann awer op esou engem onbenotzten Terrain oder Feld sech schonn nees eng Vegetatioun breet gemaach huet, mat Straicher, Blummen, déi wëll wuessen, a gären och mat vill Onkraut, da gëtt allerdéngs vun enger Dréisch geschwat.

Vun der Landwirtschaft an de Bauperimeter

Dëser Brooche fënnt een natierlech uechter d'ganzt Land. A well op Lëtzebuerger Buedem nach ëmmer vill Landwirtschaft bedriwwe gouf, sinn d'Flouernimm Dréisch an Dréischer och iwwerall unzetreffen, obschonn op dëse Plazen net ëmmer Broochland läit.

Dacks huet sech nämlech de Bauperimeter vun enger Gemeng an der Zäit geännert, vergréissert, an op esou Felder goufe Privat- an Appartementshaiser gebaut, et steet haut vläicht souguer eng Aktivitéits- oder Industriezon do.

Et ginn der vill uechter d'Land

Mee nawell, d'Flouernimm Dréisch an Dréischer si bestoe bliwwen, an et fënnt ee se, wéi gesot, op ganz ville Plazen uechter d'Land erëm. "An den Dréischer" heescht et zum Beispill zu Keel an zu Monnerech, "Kuurz Drésicher" zu Leideleng, an "Op den Dréischer" zu Esch an zu Walfer. Mee och déi éischter däitsch Versioun "Driescher" ass gären emol unzetreffen, wéi zum Beispill zu Sëll, Biekerech, oder och nach zu Feelen.

A wéi sou dacks kommen eis Lëtzebuerger Wierder Dréisch an Dréischer dann och aus dem Däitschen, wou d'Ausdréck Dreesch, Dreisch an Driesch bis haut och nach erëmzefanne sinn, an etymologesch bis an d'12./13. Joerhonnert zeréckverfollegt kënne ginn. Dröge, also trocken, genee esou wéi dat englescht Wuert dry hunn deemno déi selwecht Virgänger wéi eist Wuert dréchen, respektiv eis Flouernimm Dréisch an Dréischer.

An der Mediathéik:

Iwwer Bierg an Dall / / Claude Faber
Lauschteren

Méi zum Thema

Tonn Fluesweiler.jpg
Flouernimm

Vum Al-Griicheschen iwwer dat Laténgescht an déi al franséisch Sprooch - bis zeréck an d'Lëtzebuergesch. Wësst Dir, vu wou de Flouernumm Tomm hierkënnt? De Claude Faber huet sech op Spueresich gemaach.

Loch Ness.jpg
Flouernimm

Huet de schottesche Séi Loch Ness wierklech eppes mat Lëtzebuerg ze dinn? Etymologesch huet de déi selwecht Originne wéi zwee éischter onbekannte Flouernimm hei am Land. De Claude Faber huet recherchéiert.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen