Invité am Moies-Magazin Eugène Berger (Alpinist)

Den 20. Juli 1919 ass de Sir Edmund Hilary zu Auckland an Neuseeland gebuer. An dëser Deeg wäert bestëmmt op ville Plazen uechter Welt un den Edmund Hillary geduecht ginn, oder besser u säin Exploit. Dem Alpinist Edmund Hillary ass et nämlech zesumme mam nepalesesche Biergsteiger a Sherpa Tenzing Norgay gelongen, den 29. Mee 1953 als éischt Mënschen um Mount Everest ze stoen, deem mat 8.848 Meter héchste Buerg vun der Welt.

Jean Claude Majerus / cbi

Eugène Berger um Mount Everest

Mee och mat deem Exploit ass den Edmund Hillary ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen. Hien huet sech säi Liewe laang fir Natur, d'Bierger an och d'Lous vun de Sherpaen agesat. Hie gouf souguer Éierebierger vum Nepal.

Den Edmund Hillary a säi Sherpa vun deemools, den Tenzing Norgay, sinn 1999 op TIME Lëscht vun den 100 bedeitendste Perséinlechkeeten vum 20 Joerhonnert opgeholl ginn. Den Edmund Hillary ass den 11. Januar 2008 am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Säin Exploit vum Mount Everest ass an d'Geschicht agaangen.

Mee wat heescht et iwwerhaapt, op deem héchste Bierg vun der Welt ze stoen, wéi eng Gedanke ginn engem duerch de Kapp, oder wat kascht dat alles un Ustrengungen?

Invité ass den Eugène Berger, deen Dir vläicht éischter als Politiker an als Deputéierte kennt. Den Eugène Berger ass och mat Leif a Séil Alpinist. An hie stoung als éischte Lëtzebuerger 1992 um Sommet vum Mount Everest.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Fliedermaus
International Fliedermausnuecht zu Baastenduerf

"D'Fliedermaus ass en Deel vun eisem kulturelle Patrimoine," seet de Fliedermausexpert Jacques Pir. Dëse Freideg kann een déi kleng Déieren zu Baastenduerf op der Fliedermausnuecht besser kenneléieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen