Gesellschaft an Technologie "Et gëtt keng Internetsucht"

Vill Mënsche kënne sech d'Liewen ouni Smartphone an Internet net méi virstellen. Ass eist Verhale problematesch? Nee, seet de Psychiater Jan Kalbitzer, Leeder vum "Zentrum fir Internet a séilesch Gesondheet." Den Auteur vun "Digitale Paranoia: Online bleiben, ohne den Verstand zu verlieren" dedramatiséiert d'Debatt ëm Suchtverhalen.

Sarah Pepin (Berlin) / ys

Jan Kalbitzer
Jan Kalbitzer

"Et gëtt keng Internetsucht" seet de Psychiater Jan Kalbitzer. Internet géif immens vill verschidde Saache bedeiten. Mënschen, déi zum Beispill fënnef Stonnen um Stéck géifen Internetradio lauschteren, wieren net süchteg. Oder et géif och Leit ginn, déi vill géife spillen, sech dobäi awer géife wuel fillen. "Wann dat fir si a fir anerer ok ass, gesinn ech kee Grond fir dat ze pathologiséieren."

Mir géifen dozou tendéieren, staark Leidenschaften als krank ze bezeechnen. Dat wier ee Problem. Wann een eng Diagnos vun enger Internetsucht wéilt opstellen, misst een oppassen, datt een net dee Falsche géif treffen. "Dat fannen ech schwiereg, dofir sinn ech dogéint."

De Jan Kalbitzer mécht sech am Kontext vum Internet ëm zwou Saache Suergen. Ëm d'Geltungssucht bei Individuen, déi kommunizéieren. An ëm d'Habsucht bei Entreprisen. "Déi si verantwortlech fir eis Plattforme fir eis Kommunikatioun mateneen bereet ze stellen. Awer si si gesteiert vu kommerziellen Interessen. An dat ass dacks eng gëfteg Mëschung."

Romantiséierung vum Ursprénglechen

Datt d'Kanner vill Zäit mam Smartphone oder mat Video-Spiller géife verbréngen, ass am Jan Kalbitzer sengen Aen net problematesch. "Mir stellen deem eng romantesch Welt géigeniwwer, déi et ni gouf." Déi Zäit, wou d'Mënsche sech déi ganzen Zäit an der Natur opgehalen hätten a ganz vill matenee geschwat hätten a sozial a frëndlech an entspaant gewiescht wieren, wier et ni ginn.

D'Mënsche géife sou vill Liese wéi nach ni. Dat géif zwar um Ecran geschéien, awer et géif vill Zeitung gelies ginn, well d'Offer grouss a villfälteg wier. Virun 20 Joer hätten d'Mënschen net Meldungen aus verschiddene Medien aus verschiddene Länner matenee verglach.

"D'Zukunft kënnt sou oder sou. Si kënnt op jiddwer Fall mat Internet." Et wier wichteg z'experimentéieren, an och Feeler ze maachen, sou de Jan Kalbitzer. "Mir kënnen och probéiere fir all Weekend déi ganzen Zäit mat der Famill ze zocken. A wa mi mierken, datt dräi Véierel vun der Famill dat schrecklech fannen, dann ännere mir dat nees." Et kéint een déi grouss Erausfuerderungen, déi d'Technik mat sech bréngt, net duerch kuerzt Iwwerleeën oder streng Regele meeschteren.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Sarah Pepin
Lauschteren

Méi zum Thema

CES 2017
Technologie

Bei der Consumer Electronics Show 2017 stoungen Autoen am Mëttelpunkt. Net all neie Gadget wäert bedeit eng Revolutioun. Dat gëtt däitlech beim Hype ëm d'virtuell Realitéit. Dee flaacht nämlech of.

Karl Olsberg
Literatur

De Mënsch ass ëmmer méi der Technik ausgeliwwert. De Karl Olsberg beschreift dat a sengem Roman "Mirror". Wéi säi Buch erauskoum, war een Deel vun der Handlung scho Realitéit. Ee Grond ze fäerten?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Noriichten

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen