Muséen iwwer Bierg an Dall Espace Muséologique 9/44

Den 9. September 1944 gouf Péiteng vun den Nazie liberéiert. Haut erënnert den Espace muséologique engersäits dru wéi Fraen a Männer ëm hir Fräiheet gekämpft hunn, an anerersäits ass de But vum Espace Muséologique dës Episod aus der Lëtzebuerger Geschicht net ze vergiessen.

Natasha Ehrmann / cbi

Espace Muséologique 9/44

Den Espace Muséologique 9/44 invitéiert de Visiteur dozou an eng aner Epoch anzedauchen an op interaktiv Manéier d'Geschicht ze erliewen. Zu Péiteng ass zanter 1947 all fënnef Joer eng grouss Zeremonie zum Undenke vum éischte gefalenen amerikaneschen Zaldot, den Hyman Josefson.

De Guy Kummer ass Member vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Péiteng an erzielt, wéi d'Amerikaner komm sinn, wier en M8 Spähpanzer mat véier Leit virgefuer. Déi däitsch Truppe wiere schonn um Wee fir zeréck gewiescht, hätten awer nach Panzer a Kanoune verstoppt. Den M8 Panzer wier da beschoss ginn an dräi Zaldote goufe verletzt: si hu gebrannt, sinn aus dem Panzer an d'Waasser vun der Waxweiler Mille gesprongen. De véierten Zaldot koum net aus dem Panzer eraus an huet dat net iwwerlieft.

Dat war den Hayman Josefson, ee wichtege Personnage fir d'Gemeng Péiteng. Fir hie gouf 1947 e Monument opgestallt, an dat Evenement gëtt an der Gemeng gefeiert.

Virun allem awer steet den Espace muséologique 9/44 fir déi lieweg Memoire mat der Commemoratioun an de Verdeedeger vun der Fräiheet.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Patton Museum
Muséeën iwwer Bierg an Dall

Zu Ettelbréck steet de Musée deen dem Generol Patton zu éiere kënnt. Offiziell 1995 inauguréiert, weist de Musée wichteg Archiven, Bicher, Publikatiounen, Dokumenter a Fotoen, déi d'Befreiung theematiséieren.

Douanesmusée
Muséeën iwwer Bierg an Dall

D'ASBL Musée des Douanes et accises gouf 1996 mam But gegrënnt fir op lieweg Manéier esouwuel d'Geschicht vun der Administratioun, wéi och d'Aarbecht vun den Douanieren ze erzielen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen