Zäitspuer: Episod 2 Esch 1918: Eng brutal Rebellioun, déi séier nees vergiess gouf

Wann een un d'Lëtzebuerger Geschicht denkt, si Rebellioune mat Sécherheet net dat éischt, wat engem an de Kapp kënnt. Dat heescht awer net, datt et der ni gouf: 1918 hunn zum Beispill honnerte rose Bierger an de Stroosse vun Esch-Uelzecht rebelléiert, an eng ganz Rei Geschäfter attackéiert. An der Zäitspuer beliichte mir, wat deemools lass war.

Rick Mertens

Zäitspuer Episod 2
Foto: 1918 When the German troops withdrew, the supply wagons were looted. Credit: André Schoup, Europeana, CC BY-SA

An der Nuecht vum 26. op de 27. November 1918 sinn zu Esch méi ewéi 60 Butteker geplëmmt ginn: D'Escher waren esou rosen op d'Geschäftsleit, datt si hir Regaler a Vitrinne futti geschloen hunn. Mee obwuel grousse Materialschued entstanen ass, sinn d'Onroue vun deemools relativ séier nees a Vergiessenheet geroden.

Zwee jonk Historiker vun der Uni Lëtzebuerg hunn d'Evenementer vun deemools elo fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" nei opgeschafft. D'Julia Harnoncourt an den Daniel Richter si bei hire Recherchen ënner anerem op en ausféierleche Police-Rapport iwwer d'Onroue vun November 1918 gestouss. Deen hu si esou spannend fonnt, datt si en zu engem Audio-Stéck mam Titel "Tumulte in Esch" verschafft hunn.

Mee däerf een als Historiker iwwerhaapt esou kreativ mat Geschicht ëmgoen? Dat ass eng vun de Froen, déi de Rick Mertens deenen zwee an der "Zäitspuer" gestallt huet.

An der Mediathéik:

Zäitspuer / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Zäitspuer Episod 1 Minnen
Zäitspuer: Episod 1

1981 huet déi lescht Eisenäerz-Minn zu Lëtzebuerg zougemaach. Wéi war den Aarbechtsalldag ënner dem Buedem deemools? An der Sendung "Zäitspuer" komme Leit zu Wuert, déi d'Minnenaarbecht selwer materlieft hunn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen