Lëtzebuerg entdecken Eng wonnerschéi Vue iwwer de Belval

An eiser Serie Lëtzebuerg entdecken, hu mir eis scho mam Biergbau hei am Land beschäftegt, zum Beispill am Minne-Musée zu Rëmeleng, wou gewise gëtt, wéi d'Material ofgebaut gouf. Dës Kéier geet et ëm eng Plaz, wou dat Material verschafft gouf, an zwar d'Héichiewen um Belval.

Pit Walté / cz

Héijuewe Belval 2

82 Meter héich ass den Héichuewen A um Belval, deen ee sech haut kann ukucke goen. Bei ganz spezielle Visitte geet et dann och bis bal ganz erop, mee am Normalfall ass op 40 Meter Schluss. Dat ass och net schlëmm, well nodeems een déi 180 Träppleker fir dohinner eropgaangen ass, huet een eng schéi Vue iwwer de Site. Déi kann een dann op eege Fauscht entdecken, oder et mellt ee sech fir eng Visite un. An do gëtt een dann eppes iwwer d'Geschicht vum Site gewuer, seet d'Christiane Bram vum Fonds Belval.

1913 hätten déi éischt Héichiewen ugefaangen ze produzéieren. "Wat awer vill Leit net wëssen, ass datt hei virdrun eng Quell war a Mineralwaasser produzéiert gouf." Déi hätt missten ophalen, wéi d'Produktioun vu Stol an Eisen ugefaangen huet. Um Ufank wiere sechs Héichiewe gewiescht, dono hätt ee mat dräi méi performanten Iewe virugeschafft. Dat sinn déi, déi haut nach vum Belval stinn. D'Héichiewen A a B géifen nach ganz do stoen, während vum C just nach d'Fundament steet.

D'Geschicht gëtt et an der sougenannter Massenoire, wou een de Geroch vun der Produktioun vun deemools an d'Nues kritt. Dono geet et dann op den Héichuewen erop.

Wann een dann um Héichuewen ass, huet een e gudde Bléck doriwwer, wéi sech de Site entwéckelt huet a wat haut do wichteg ass.

"An zousätzlech kann ee sech nach d'Cité des Sciences ukucken. Wou mir da gesinn, wéi déi Stad sech nei entwéckelt huet, wéi eben de ganzen neie Quartier mat der Uni gebaut gouf. Wou een dann och Erklärungen zu de Gebaier, wéi der Bibliothéik kritt."

Fir Kanner gëtt eng Schatzsich ugebueden, sou d'Christiane Bram vum Fonds Belval. Kanner kréien hei op eng einfach Aart a Weis d'Geschicht erkläert. "Datt si och wëssen, firwat déi Eise-Monster hei stinn. An da kréien si eng Kaart mat Indizien, deenen si mussen nogoen, fir dann eben de Schatz ze fannen. An da kréien si och nach e klenge Schatz mat heem", sou d'Christaine Bram.

Déi méi Sportlech kënnen hir Visite vum Héichuewe mat engem Vëlos-Tour kombinéieren.

Bis Enn Oktober kann een op den Héichuewen erop. Den 19. Oktober huet een d'Méiglechkeet d'Héichiewen an der Nuecht kennenzeléieren. Da kann een och mat enger Kapp-Luucht bis eropklammen.

An der Mediathéik:

Lëtzebuerg entdecken / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Klierf Camping
Lëtzebuerg entdecken

De Klierfer Camping ass dem Wëlle vun engem fréieren Generaldirekter vun der ARBED ze verdanken. De Claude Faber war fir eis Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" Klierf - fir sech selwer - och nei entdecken.

Rondonnée ORT Eisleck
Lëtzebuerg entdecken

Mir ginn haut an der Serie "Lëtzebuerg entdecken" an den Norden, wou mir eis d'Wander- a Vëlosweeër ukucken. An dës Weeër féieren een dacks bis an eis Nopeschlänner. De Pit Walté huet sech informéiert.

Camping Kohenhof
Lëtzebuerg entdecken

Net wäit vum Kohnen Haff ewech ass schonn zu Réimerzäite campéiert ginn. An eiser Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" hëlt Iech de Claude Faber mat, op de moderniséierte Camping Kohnenhof.

fonds de gras 1
Lëtzebuerg entdecken

Am Minett Park am Fond-De-Gras kann ee mat enger Damp- oder Diesellokomotiv fueren, a mat der Minièresbunn geet et dono bis an de Bierg. De Pit Walté war fir d'Serie "Lëtzebuerg entdecken" en Nomëtteg dohinner.

Abtei Neimënster Gronn
Lëtzebuerg entdecken

An eiser Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" geet et an d'Stad. Et geet ëm verschidde Weeër, déi een do goe kann, fir d'Geschicht vu Lëtzebuerg ze entdecken. De Pit Walté huet sech puer schéin Ecke weise gelooss.

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen