arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Woch, en neie Programm

100,7-Klassesall

|
reading time

2 min

Eng nei Woch, en neie Programm

De Pierre Reyland erzielt eis eppes iwwer de Coronavirus an den USA, d'Sandrine Amann aus dem natur musée erkläert eis, wéi mer d'Faarwe gesinn oder net gesinn, an de Roland Meyer verréit iech, wéi d'Geschicht weidergeet, un där dir matgeschafft hutt.

reading time

2 min

Vill Spaass am 100,7-Klassesall! Denkt drun, eis är Biller an Texter eranzeschécken: klassesall@100komma7.lu

Noriichten

Déi meescht Länner op der Welt hu jo ganz streng Reegelen ageféiert, fir ze verhënneren, datt nach méi Leit sech mam Cornoavirus ustiechen. Ënner anerem gëtt gesot, d'Leit sollen oder missten doheem bleiwen. Och an den USA ginn et sou Reegelen.

Mee den amerikanesche President Donald Trump hat d'lescht Woch nach gesot, hie géif hoffen, datt all déi Reegele fir Ouschteren nees kéinten opgehuewe ginn, fir datt nees alles normal ka funktionéieren - also ganz geschwënn, well Ouschteren ass schonn den 12. Abrëll. Elo awer, huet den amerikanesche President seng Meenung geännert.

play_arrow Lauschteren

Schätz aus dem natur musée

Wéi kënnt et, datt mer Mënschen esou vill verschidde Faarwe gesinn? A wéi gesäit eis d'Gehier dann, ob en Objet elo rout, blo, gréng oder soss eng Faarf huet? A wéi ass dat bei den Déieren?

D'Sandrine aus dem Science-Mobil huet sech mam Joshua mat Faarwe beschäftegt.

play_arrow Lauschteren

Mr. Science

An och an der zweeter Woch am 100,7-Klassesall ass de Mister Science nees mat senge spannende Experimenter derbäi. An haut geet an sengem Experiment ëm Absorber an Pampersen, an där grousser Fro: Wéi Waasser verschwanne kann! Super-Spannend!

A lauschtert oder kuckt no, mam Mister Science kënnt der bal zauberen.

play_arrow Lauschteren

Mir schreiwen zesummen e Buch - Dat 3. Kapitel

Nodeems nees fläisseg weider un der Geschicht gesponne gouf, huet de Roland Meyer eis fir haut dat 3. Kapitel geschriwwen.

Dofir lauschtere mer haut emol wéi d'Iddien, déi dir zu dëser Geschicht hat, mat afléissen, an dono kënnt dir Iech alleguerte Gedanke maachen, wéi dir mengt, datt d'Geschicht weider kéint goen.

Schéckt eis Är Iddien op klassesall@100komma7.lu

play_arrow Lauschteren