Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit Eng innovativ, sachlech Etüd

Déi meeschte vun eis kenne se nach aus der Lycéeszäit: Schülerzeitungen. Aus ville Schoule si se net méi ewechzedenken. Mee hir Wierkung geet dacks wäit iwwer de Schoulhaff eraus. En neit Buch, erausgi vun der Fondatioun Lydie Schmit, beschreift fir d'éischte Kéier d'Geschicht vun de Schülerzeitungen zu Lëtzebuerg.

Mohamed Hamdi / cbi

Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit
"Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit" ass bei der Fondatioun Lydie Schmit erauskomm

Wie mengt, datt Lëtzebuerger Schüler- a Studentevereenegungen ee rezent Phänomen wieren, dee gëtt am Marc Birchen sengem Buch enges Bessere beléiert. Tatsächlech lokaliséiert den Auteur hiren Ursprong am Joer 1909. Eng vun den ausdréckleche Missioune vun dëse Studentevereenegunge war d'Verbreedung an d'Verdeedegung vu kathoulesche Wäerter.

Laizistesch Vereenegungen hunn net laang op sech waarde gelooss a sou koum et am Joer 1912 zu der Grënnung vun der AGEL, déi spéider als ASSOSS mat hirer anti-klerikaler Haltung fir vill Opmierksamkeet suerge sollt. D'Grënnung vun den éischte Schülerzeitungen huet awer nach e puer Joer misse waarden.

Definitioun vun enger Schülerzeitung

Mee wat si Schülerzeitunge genau? De Marc Birchen ënnersträicht ganz am Ufank, datt et eigentlech keng eenheetlech Definitioun gëtt. Schülerzeitungen ënnerscheede sech och an hirer Form, hirer Struktur, hirer Ausféierung. Well se dacks onsystematesch an improviséiert entstinn ass et schwéier kloer Kritäre festzeleeën, déi op all Schülerzeitung zoutreffe kéinten.

Verschidde Schülerzeitunge waren de Produit vun individuelle Schüler, anerer goufe vu gréissere Verbänn erausbruecht a nach anerer sinn op Initiativ vu Proffen entstan. Graff kann een awer soen, datt Schülerzeitunge vu Schüler zesummegestallt ginn an sech un Schüler riichten.

Net all Schülerzeitung gouf gehalen

Nieft der Definitioun louch eng zweet Schwieregkeet beim Quellematerial. Net just sinn eng Onmassen u Schülerzeitungen am Laf vum leschte Joerhonnert zu Lëtzebuerg publizéiert ginn, mee et feelt virun allem vu villen Zeitungen haut all Spur. Dacks sinn Zeitungen no e puer Nummere scho verschwonnen, seele goufen se an hirer Ganzheet versuergt an archivéiert.

Dem Marc Birchen säi Buch kann also just ee generellen Iwwerbléck liwweren an erhieft och keen Usproch op Vollstännegkeet. Zum Schluss vum Buch fënnt den interesséierte Lieser dofir awer eng zwar onkomplett, mee impressionnant Lëscht vun de Schülerzeitungen, déi zu Lëtzebuerg erauskomm sinn.

E Bléck hanner d'Kulissen

D'Limitten an d'Ziler vun der Aarbecht sinn also däitlech skizzéiert. Och den Opbau vum Buch ass kloer: deen éischten, méi ëmfangräichen Deel retracéiert déi historesch Entwécklunge vum fréien 20. Joerhonnert bis haut. Den zweeten Deel behandelt d'Form an den Inhalt vu Schülerzeitungen a kuckt och hanner d'Kulisse fir ze verstoen, wéi d'Zeitungen intern funktionéiert hunn.

Wat huet d'Auteure motivéiert sech u Schülerzeitungen ze bedeelegen, wéi eng Themen hunn si interesséiert, wéi engen organisatoreschen a finanzielle Schwieregkeete waren si ausgesat? Och technesch Entwécklunge ginn an dësem Kontext kuerz erwäänt.

Dat Ganzt gëtt ergänzt duerch Interviewe mam Thierry Lagoda, Christian Kmiotek, Robert Goebbels an der Colette Mart. Alle véier hunn an hirer Jugendzäit aktiv u Schülerzeitunge matgewierkt a sinn, wéi am Fall vum Robert Goebbels, duerch hir Aktivitéit souguer an déi national Schlagzeile geroden. Et ass och interessant, datt eng ganz Rei Lëtzebuerger Perséinlechkeeten, déi als Intellektueller a Politiker am ëffentlechen Discours deelgeholl hunn, hir éischt Erfarungen an de Schülerzeitunge gemaach hunn.

Méi wéi just Zäitzeien

De Marc Birchen weist, datt d'Schülerzeitungen eng Resonanz konnten hunn, déi wäit iwwer de Schoulhaff erausgoe konnt. Schülerzeitunge waren a sinn net einfach Zeien, déi d'Aktualitéit just kommentéieren. Se hunn, ganz am Géigendeel, och selwer um gesellschaftlechen Debat deelgeholl a souguer fir deen een oder anere Skandal gesuergt.

Méi ewéi eemol si Schülerzeitungen an d'Dagesaktualitéit geroden. Déi bekanntsten Episod ass ouni Zweiwel d'Karikatur aus dem Joer 1970, déi an der lénks-radikaler Zeitung "D'Roud Wullmaus" publizéiert gouf an de Jesus a senger Manneskraft duerstellt, während hien enger Koppel beim Kopuléieren nokuckt. D'Karikatur huet hefteg Reaktiounen ausgeléist.

Mee d'Roud Wullmaus ass a senger Ëmstriddenheet bei wäitem keen Eenzelfall. De Marc Birchen erwäänt och aner Episoden, déi et an d'Dageszeitungen an esou guer an d'Chamber geschafft hunn. Beim rezentste Fall handelt ech sech ëm eng Schülerzeitung aus dem LGE mam Numm "The Maisy Observer". Dës hat am Joer 2004 zu engem nationale Politikum gefouert, wéi se op hirer Titelsäit d'Entloossung vun engem Proff gefuerdert hat. Wéi doropshin d'Lokaler vun der Police duerchsicht an d'Zeitunge beschlagnaamt ginn sinn, hu sech och d'Deputéierten ageschalt fir d'Schüler a Schutz ze huelen.

D'Geschicht vun der Zensur a vun der Jugend

Wie Schülerzeitung seet, seet och dacks Zensur. Ee Buch iwwer d'Lëtzebuerger Schülerzeitungen ass soumat och ee Buch iwwer d'Geschicht vun der Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg. Verschidde Schülerzeitunge konnte mat hirer Themewahl, hirer radikaler politescher Identitéit an hirem schaarfen, wann net absichtlech provokativen Toun, just fir Skandal suergen.

De Marc Birchen weist awer och, datt d'Bild vun de Schülerzeitungen sech no an no an der Gesellschaft geännert huet. Goufen se uganks éischter mësstrauesch an erofloossend kommentéiert, sou hu Schülerzeitungen haut net just Unerkennung gewonnen, mee se gi souguer aktiv promouvéiert an trotz dem kontroversen Inhalt vun der Politik ënnerstëtzt.

D'Geschicht vun de Schülerzeitungen ass awer och d'Geschicht vun der Jugend a besonnesch vun de Studenten- a Schülerorganisatiounen zu Lëtzebuerg. Unhand vun hire Publikatioune gewënnt een e Bild iwwer d'Aart a Weis, wéi d'Lëtzebuerger Aktualitéit vun der Jugend interpretéiert ginn ass. Et gewënnt een awer och een Abléck an d'Selbstbildnis vun der Jugend a wéi dëst Bildnis sech am Laf vun de Jore verännert huet.

Innovativ a sachlech

Eng Politiséierung, wéi et se an den 30er an 60er gouf, huet d'Jugend zwar net méi erlieft. Mee d'Schülerzeitunge sinn och an der Joerhonnertwenn nach ëmmer ee beléift Vehikel, fir sech politesch auszedrécken an éischt Erfarungen an der redaktionneller Tätegkeet ze maachen.

Eng gutt Schülerzeitung kënnt och net ouni guddem Bildmaterial aus - an eng, déi provozéiere wëllt, scho guer net. Dat wier da vläicht och deen eenzegen nennenswäerte Kritikpunkt un dem Marc Birchen sengem Buch. D'Biller, déi den Text begleeden, kommen e bëssen ze kuerz, wann ee bedenkt, datt Karikaturen duerchaus eng zentral Roll a ville Schülerzeitunge gespillt hunn.

D'Buch beschränkt sech quasi ausschliisslech op eng Rei Titelsäiten an op déi wierkungsvollste Karikaturen - sou ewéi déi schonn ernimmten Duerstellung vu Jesus an der Rouder Wullmaus. Vun dësem klénge Bemol ofgesinn, ass et dem Marc Birchen gelongen, eng innovativ, sachlech Etüd iwwer Schülerzeitungen zu Lëtzebuerg ze schreiwen, déi och nei Piste fir zukünfteg Recherche opmécht.

An der Mediathéik:

Een Theema, e Buch / / Mohamed Hamdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Tessy Steffen Koenig
Buch-Tipp fir de Summer

Eng gutt Partie Leit wësse ganz wéineg iwwer d'Planzen. D'Buch "Die Intelligenz der Pflanzen" vum Stefano Mancuso kann dat änneren. D'Tessy Steffen Koenig presentéiert säi Buch-Tipp fir de Summer.

Valerija Berdi
Buch-Tipp fir de Summer

A senger drëtter Novell bitt de Gast Groeber engersäits den akribesche Groeber-Stil, anerersäits iwwerrascht den Auteur mat ongewéinlecher Situatiounskomik, och wann d'Story u sech net witzeg ass.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen