Aviatioun En Tëschebilan vu Ryanair zu Lëtzebuerg

Ryanair erhofft sech 2017 450.000 Passagéier zu Lëtzebuerg. De Fluchhafe mécht aktuell Adaptatioune fir Low-Cost-Fluchlinnen. Wat bedeit de Succès vun der irescher Gesellschaft fir d'Luxair an de Findel?

Chris Zeien / ys

Ryanair

Ryanair flitt vun Oktober un, véier mol d'Woch vu Lëtzebuerg op Barcelona. D'Offer fir d'Fluchverbindunge mat Porto a Lissabon soll Enn 2017 ausgebaut ginn. Porto soll da sechs mol d'Woch vum Findel aus ugeflu ginn a Lissabon fënnef mol. Nieft deene Stied sinn nach London-Stansted, Madrid a Mailand-Bergamo am Programm vu Ryanair.

Bis elo wier een zefridde mat de Performancen, déi een zu Lëtzebuerg gemaach hätt, esou de Yann Delomez, responsabel fir Regionalmarketing vu Ryanair. Si hätte réischt Ufank November 2016 mat hiren Operatiounen ugefaangen. An deenen zwee Méint vun 2016 hätt ee schonn 32.000 Passagéier gezielt. Fir 2017 géif Ryanair 450.000 Passagéier zu Lëtzebuerg erwaarden.

Ännerungen um Findel

De Bedreiwer vum Fluchhafe Lëtzebuerg, d'Gesellschaft Luxairport, wäert dëst Joer eng Rei vun Ännerungen ëmsetze, fir de méi héije Fluchpassagéierzuelen mat deenen ee rechent, gerecht ze ginn, esou den Direkter Johan Vanneste.

Nach virum Summer sollt den Terminal B fäerdeg gestallt ginn. "An deem Projet schafe mir zwou Plazen, déi un d'Low-Cost-Fligeren ugepasst sinn." Do géifen et keng Passerelle ginn, mä d'Passagéier misste selwer duerch d'Entréën an de Fliger goen. Donieft wéilt ee verschidden Deeler vum Fluchhafe vergréisseren an eventuell och automatesch Passkontrollsystemer um Findel installéieren.

Mat hirer aggressiver Präispolitik setzt déi iresch Bëlleg-Airline Ryanair hir Konkurrenz an Europa scho méi laang ënner Drock.

Luxair gesäit sech gutt opgestallt

Déi national Fluchgesellschaft Luxair wollt aktuell Annonce vu Ryanair op Nofro hin net kommentéieren. Luxair hätt sech schonn 2010 eng nei Präisstruktur ginn, fir déi eegen Offer méi attraktiv ze maachen an d'Arrivée vu Low-Cost-Fluchgesellschaften z’antizipéieren, esou de responsabelen Direkter fir Marketing vum Luxair-Group, Marc Gerges.

Et geséich ee sech och weiderhi gutt opgestallt, fir mat Low-Cost-Fluchgesellschafte mat ze halen. Dernieft hätt d'Luxair virun engem Joer méi Transparenz beim Fluchreservéirungssystem um Internetsite geschaaft. Doriwwer eraus géif ee weider strategesch wichteg Destinatiounen renforcéieren. Ënner anerem hätt d'Luxair dofir d'lescht Joer en zousätzleche Fliger vum Typ Q400 vum Produzent Bombardier kaaft, esou de Marc Gerges.

Wuesstëm a Laangstreckeflich

Ryanair wier de Moment a Verhandlunge mat anere Fluchgesellschaften, fir zesummen eng Offer vu Laangstreckeflich unzebidden, esou de Yann Delomez. Tickete fir sou Volle solle laangfristeg via d'Websäit vu Ryanair ugebuede ginn. Dës Offer soll och den ëmgedréinte Wee méiglech ginn. Zum Beispill fir Passagéier, déi Lëtzebuerg aus den USA via Dublin wéilten ufléien..

Doriwwer eraus wéilt Ryanair zu Lëtzebuerg an um Fluchhafe Frankfurt-Hahn wuessen. Béid Fluchhäfen kéinten ouni Problem niefteneen existéieren an och profitabel sinn.

Frankfurt-Hahn a Lëtzebuerg kéinten niefteneen existéieren, sou Ryanair.

Et wéilt een awer en Equiliber tëscht Low-Cost- an traditionelle Fluchgesellschafte um Findel behalen an d'Zuel vun den Destinatiounen erhéijen, déi vu Lëtzebuerg aus ugeflu ginn, sou de Johan Vanneste.

D'Zukunft vu Frankfurt-Hahn

Den defizitäre Fluchhafen Frankfurt-Hahn wier aktuell net sou attraktiv wéi e kéint si, mengen iwwerdeems déi Responsabel vu Ryanair. Dat géing un héijen Taxe leie, déi Fluchgesellschaften an Däitschland misste bezuelen, esou de Yann Delomez.

De Fluchhafen vu Frankfurt Hahn géif awer héchstwahrscheinlech un de chinesesche Mëschkonzern HNA verkaf ginn. Dat huet d'Landesregierung vu Rheinland-Pfalz de Medie matgedeelt. Wann d'Detailverhandlunge positiv géifen ofgeschloss ginn, da kéint de Kafvertrag nach Mëtt Februar ënnerschriwwe ginn.

Ryanair géing aktuell och keng negativ Entwécklung wéinst dem geplangten Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun spieren. Bei LuxairGroup schwätzt een dogéint vu manner Businessflich, zënter der Annonce vum Brexit d'lescht Joer.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Chris Zeien
Lauschteren

Méi zum Thema

Findel
Lux-Airport

De Lëtzebuerger Fluchhafe kéint bis zu sechs Millioune Passagéier d’Joer packen, seet de Generaldirekter Johan Vanneste. 2016 hunn d’Passagéierzuelen d'Erwaardunge bäi wäitem iwwertraff.

RER Aviation.JPG
Table Ronde Aviatioun

Ryanair, Aviapartner a Qatar Airways: Eng gutt Noriicht fir d'Aviatioun oder eng Gefor vu Sozialdumping? Den Adrien Ney, de François Bausch, de Johan Vanneste an den Hubert Hollerich si sech net eens.

ryanair2.JPG
Findel

Ryanair operéiert vum 1. September un och um Findel. Fir Luxair Group stellt d'Bëllegfluchgesellschaft "eng grouss Konkurrenz an eng Gefor" duer.

ryanair.jpg
Findel

Ryanair verbënnt vum 1. September un de Findel mat London Stansted a Porto. Dat huet déi iresch Bëllegfluchgesellschaft de Moie virun der Press annoncéiert.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen