Dréchemaueren "En immense Biotop fir Planzen an Déieren"
Dréchemauere ginn ouni Speis gebaut. Dat eenzegt, wat ee brauch, sinn d'Steng, en Hummer an e Meessel. Eng Dréchemauer schaaft e Liewensraum fir Planzen, déi d'Dréchent an Déieren, déi d'Wäermt gär hunn.
"Eng Dréchemauer kënne verschidden Zorte vu Biotope sinn", seet de Jo Goergen vum Natur- a Geopark Mëllerdall. Hien ass Responsabel vum Interreg Projet Dréchemaueren. "Mir hoffen, datt verschidden Déieren esou nees e Liewensraum kréien an nees zeréckkommen." D'Planzen an d'Déiere fille sech op der Mauer awer och an de Foue wuel.
Lauschteren: Visite um Chantier um Klengelbuer zu Beefort
An der Reegel ginn typesch Natursteng aus der Regioun benotzt, zum Beispill Sand- oder Kalleksteen.
![]()
Wien eng Dréchemauer wëllt bauen, muss e puer Reegelen befollegen:
- Eng Dréchemauer ass ëmmer liicht an den Hang gebaut, wouduerch se eng besser Resistenz kritt, géint de Buedem oder d'Waasser, dat vun hannen drécke kann
- Et gi sougenannte Binder agebaut, déi an der Déift vun der Mauer, déi verschidde Couchë matenee kombinéieren, "e bësse wéi en Anker"
- Déi längste Säit vum Stee weist ëmmer no vir. D'Steng sollen net héichkanteg geluecht ginn, well si dann net esou stabil sinn
- Déi gréisste Steng komme ganz ënnen, fir esou e Fundament ze kréien
- Op d'Mauer gi méi grouss a schwéier Steeplacke geluecht
- Steng mussen ëmmer versat openee geluecht ginn, am Beschten an der T-Form. Si sollen net mat de Fouen iwwertenee leien
- Kee Stee soll méi wackelen, wann een dru geet
- D'Plaz hanner de Steng gëtt mat Schotter oder Kies opgefëllt. Déi Schicht gëtt der Mauer weider Stabilitéit
![]()
Am Prinzip kënnen an enger Dréchemauer keng Rëss entsoen. D'Waasser kann duerch d'Huelraim lafen an et entsteet keen Drock.
Donieft kennen d'Mauere méi liicht a méi séier nei opgebaut ginn, wa Feeler dra sinn.
![]()