Ëmtauschen
Wouhi mat de Kaddoen, oder: de Service après-vente vum Chrëschtkëndchen.
"Ëmtauschen". Sou heescht de Service après-vente vum Chrëschtkëndchen. Awer no de Feierdeeg verschwënnt net nëmmen d'Chrëschtdekoratioun, mee dacks och déi "einfach" Modalitéiten, fir eppes ëmzetauschen. Vum Zeenario ouni Quittung bis zur Fro, ob een e Bong muss huelen oder op Bores däerf bestoen - schlussendlech en Nervekrich, bei deem jidderee Plomme léisst. De Konsumenteschutz ka bestëmmt ee "Chrëschtlidd" dovunner sangen.
Wiem d'Ëmtauschen ze penibel ass oder aus anere Grënn net passt, dee kann et jo einfach weiderverschenken. Op dat elo chrëschtlech oder skrupellos ass, dat muss jidderee mat sech selwer ausmaachen. An awer ass eppes krank um Message vu Chrëschtdag, wann ee sech ënnereneen emol net agestoe kann, datt de Kaddo einfach net gepasst huet. An da wier et bestëmmt och net méi wäit, de Keesenticket op den Dësch ze leeën. Well och wann dem Chrëschtkëndche säi Geschäft e ganz aalt ass, sou musse sech d'Geschäftsleit nun emol u méi modern Spillregelen halen. Schliisslech kënnen d'Geschäftsleit jo och net dofir, dat d'Chrëschtkëndche sech dauernd iert.
Sech gutt kennen, mee falsch Kaddoen
Spéitstens hei stellt sech d’Fro: wei ass et dann iwwerhaapt méiglech, datt Leit, déi sech sou gutt kennen, sech respektéieren a gär hunn, sech beim Aschätze vun hire géigesäitege Wënsch sou iere kënnen? Oder geet et vill méi ëm d'Erfëllung an d'Befriddegung vum eegenen Kafzwang a vill manner ëm déi eigentlech Freed, déi een engem aneren well maachen?
Wann also esou vill ëmgetosch gëtt, misst een dann net higoen, an eppes ganz aneschters tauschen? Nämlech dee ganze materiellen Opwand, deen sech ëm dëst reliéist a spirituellt Fest opgebaut huet? Oder brauche mer dofir och e Keesenticket?