Centre national de recherche archéologique Een archäologeschen Tour duerch Lëtzebuerg

De Centre National de Recherche Archéologique - kuerz CNRA - gouf 2011 per Règlement Grand-Ducal an d'Liewe geruff fir den archeologesche Partimoine vu Lëtzebuerg ze erfuerschen an ze schützen. Zanter leschtem Joer bréngt den CNRA kuerz Hefter ënner dem Titel "Livret du Patrimoine" eraus fir seng Aarbecht engem breede Public bekannt ze maachen. De Mohamed Hamdi huet sech déi zwou rezent Publikatiounen ugekuckt.

Mohammed Hamdi / cbi

Archeology
Foto: Bigstock / Krugloff

Dat éischt Heft dréit sech ganz ronderëm der sougenannter Prinzessin vu Schengen, déi 1995 an der Ëmgéigend vu Rëmerschen an enger fréigeschichtlecher Nekropol entdeckt gouf. Nieft der Prinzessin vu Schengen ass nach een zweet Graf duerch säin aussergewéinleche Contenu opgefall. Iwwer dëst Graf gëtt een am Buch awer leider näischt gewuer.

D'Buch fokusséiert sech ausschliisslech op d'Géigestänn, déi d'Prinzessin vu Schengen op hirer Rees an d'Jenseits begleede sollten. Den Archeologe vum CNRA no war d'Prinzessin vu Schengen warscheinlech eng Fra aus dem kelteschen Adel, déi viru ronn 2.500 Joer, wärend der sougenannter Eisenzäit, gelieft huet.

Och fir Net-Fachleit verständlech

Unhand vun de Géigestänn, déi zu Schengen am Graf vun der Prinzessin fonnt goufen, adresséiert d'Buch méi allgemeng Froen iwwer d'Gewunnechte vun de Mënschen, déi viru ronn 2.500 Joer an eise Géigende gelieft hunn.

Et ass sécherlech eng Period, déi vergläichsweis éischter seelen a populärwëssenschaftleche Publikatioune behandelt gëtt. Ëmsou méi begréissenswäert ass dës Publikatioun vum CNRA, déi et fàerdeg bréngt den Net-Fachmann fir dës Matière ze begeeschteren.

E gesamten Iwwerbléck

Och den zweete Livret du Patrimoine gëtt dësem Zil gerecht. Wéi am éischten Heft sollen och hei archeologesch Entdeckungen aus Lëtzebuerg op eng zougänglech Aart a Weis virgestallt ginn. Dës Kéier dréit sech awer net alles ronderëm een eenzegt Fallbeispill. Villméi offréiert d'Buch ee Gesamtiwwerbléck op déi archeologesch Landschaft vum Groussherzogtum.

Alles an allem gi 44 archeologesch Sitten am Buch kuerz virgestallt. Bei dëse Sitten handelt et sech natierlech just ëm eng Auswiel. De Foni Le Brun Ricalens vum CNRA erkläert, datt et an de leschte 15 Joer méi wéi 200 archeologesch Sitte gouf, mee bei just engem klengen Deel dovunner konnt restauréiert ginn an ass erhale bliwwen.

E Guide am wuertwiertleche Sënn

A kuerzen Texter, déi seelen iwwer eng Säit erausginn, kritt de Lieser déi wichtegst Informatiounen zu de verschiddene Sitten zesummegefaasst - dat ganzt begleet mat Fotoen oder Rekonstruktiounen, deelweis och mat Kaarten a Pläng.

D'Buch versteet sech als ee Guide, deen - wéi den Titel et scho seet - de Lieser op eng historesch Tour duerch Lëtzebuerg invitéiert. Dobäi ass "Tour" duerchaus wuertwiertlech ze verstoen. Fir all Site fënnt een am Buch Weebeschreiwunge fir d'Plazen op eege Fauscht ze besichen. Souguer Koordinate sinn ugi fir mam Navi de Wee bei d'Ruinen ze fannen.

En Heft mat villen interessanten Detailer

Déi archeologesch Sitte sinn alphabetesch sortéiert an erstrecke sech vum galloréimesche Relief zu Allënster bis zum ënnerierdesche Waasserkanal, deen ëm 130 no Christus vun de Réimer am haitege Walfer gebaut gouf. De 600 Meter laange Kanal - sou gëtt een am Buch gewuer - gehéiert iwwregens zu den am beschten erhalene réimeschen Tunnelwierker nërdlech vun den Alpen.

Och aner interessant Detailer iwwer d'Lëtzebuergesch Geschicht fënnt een am kuerzen Heft. Wie sech zum Beispill schonn ëmmer gefrot huet, wat et mam sougenannten Dikrecher Däiwelselter oder mam Mierscher Menhir op sech huet, kann dat am "Livret du Patrimoine" noliesen. Den interesséierte Lieser, dee méi iwwer déi eenzel Plaze gewuer wëllt ginn, fënnt doriwwer eraus an all Kapitel eng kuerz Literaturempfielung.

Den CNRA gëtt senger Missioun gerecht

Dem CNRA geléngt et soumat a senge "Livrets du Partimoine" de Lieser op eng liicht verständlech Aart a Weis an d'archeologescht Ierwe vu Lëtzebuerg anzeféieren. Fräi vun techneschem Jargon offréiere béid Bicher ee flotten Iwwerbléck op déi markant Sitten aus der Lëtzebuergescher Fréigeschicht.

Mat dëse klengen Hefter gëtt den CNRA senger Missioun gerecht den archeologesche Patrimoine zu Lëtzebuerg ze valoriséieren a bei engem breede Public bekannt ze maachen. Et dierf een also gespaant a mat Freed op déi nächst Hefter vum CNRA waarden.

An der Mediathéik:

Kultur / / Mohamed Hamdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Thomas Koenig Analys
Prisma

Net all Mënsch fënnt déi selwecht Saache wichteg, a beim Patrimoine ass et net anescht. Wat eng Gesellschaft als erhalenswäert unerkennt a wat net, weist, wéi déi Gesellschaft sech selwer wouerhëlt.

Foni Le Brun.JPG
Archeologie

Lëtzebuerg huet vill archeologesch Schätz. Nëmmen een Deel dovun ass och repertoriéiert. D'Equipe vum archeologeschen Zenter huet also vill Defien ze bewältegen. Mee ass och houfreg op eng Rei Succèsen.

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen