Sot Emol Ee sozialen Engagement

Als Bouf war de Marc Elvinger am Pafendall an am Stater Gronn schonns sensibel op defavoriséiert Persounen. Seng Konviktiounen hu sech dunn als Student zu Aix confirméiert - wou hien Droit geléiert huet - a wéi hien eng Campagne vun der ONG Frères des Hommes gesinn huet mam Titel : "Mieux se nourrir, vaincre la faim".

Natasha Ehrmann / cbi

Marc Elvinger
De Marc Elvinger ass President vun der ONG "Friendship"t

Seng Quête no Humanitärem huet hie schlussendlech iwwer Action Solidarité Tiers Monde an de Bangladesch gefouert. Zanter 2007 ass hie fir d'ONG Friendship ganz aktiv.

"Ech muss awer soen: ier ech zu Aix op der Uni war, hunn ech mech ëmmer sozial engagéiert fir Kanner, am Ufank fir Kanner Bäihëllef an der Schoul ze ginn - dat huet sech deemools BIM genannt - ma och bei der Caritas an der Téi Stuff fir d'Sans-Abrien. An u sech géif ech och mengen, datt de Gerechtegkeetssënn fir een Affekot näischt Aussergewéinleches ass, déi zwou Saache missten am Fong relativ gutt beienee goen."

Zanter senger Studentenzäit hunn humanitär Besoine sech verännert an d'Hëllef muss deemno ëmmer nees adaptéiert ginn.

Klimawandel ass ee groussen Defi fir de Bangladesch

De Bangladesch huet 145.000 Quadratkilometer, zielt ronn 165 Milliounen Awunner an ass eent vun de bevëlkerungsräichste Länner op der Welt. D'Populatioune liewen zu enger ronn 1.300 Awunner pro Quadratkilometer an engem Delta.

Ee groussen Deel läit knapps 12 Meter iwwer dem Waasser, an de Bangladesch ass nach méi flaach wéi Lëtzebuerg. De Bangladesch war fréier eent vun de räichste Länner vum Indesche Kontinent, haut zielt et zu engem vun den äermsten.

De Marc Elvinger ass dacks ënnerwee fir u Konferenzen Deel ze huelen. Zum Beispill rezent zu Marseille op der International Union for Conservation of Nature, wou et ëm Biodiversitéit gaangen ass. Deemnächst wäert hien och zu Glasgow un der COP26 deel huelen.

"Et kann een sech d'Fro stellen, wéi vill dës Manifestatioune beweegen, mee fir mech war et eng super Geleeënheet fir ze gesinn, a wéi wäit d'Saachen zesummenhänken, nach weider iwwer de Klimawandel eraus. Et kritt ee méi eng global Vue. Dat ass een Encouragement dozou d'Saache global un ze goen, mee dann dierf een net vergiessen, datt ee konkret en fonction vun de Besoinen, de konkrete Besoinen seng Aktiounen adaptéiert, soss riskéiert ee sech ze verléieren an deem Globalen (...) et gëtt engem ëmmer erëm een Ustouss ze gesinn, wat sech alles deet."

Soziaalt Engagement: "een Deel vu mir selwer"

Fir de Marc Elvinger ass dat soziaalt Engagement keen Deel vun enger professioneller Karriär, mee fir hien ass dat en Deel vu sech selwer.

"Jo ech hunn dat emol gesot, dat kéint u sech iwwerhieflech kléngen, mee et wier onvirstellbar, datt ech muer géif soen, elo lees du dat emol op d'Säit, dat geet net. An deem Sënn ass dat sécherlech een Deel vu mir an een Deel, dee mat der Zäit, zumindest wat den Zäitopwand betrëfft éischter méi grouss ginn ass wéi méi kléng, obwuel ech ëmmer nach aktiv sinn um Barreau".

Fir Zäit ze hu Friendship ze presidéieren, schafft de Marc Elvinger just nach Deelzäit als Affekot. An där wéineger Fräizäit déi him bleift, geet de Marc Elvinger gär an d'Natur, wou hie schafft a spadséiert, fréier ass hien op Bierger geklommen.

An der Mediathéik:

Sot emol / / Natasha Ehrmann
Lauschteren

Méi zum Thema

Karolina Markiewicz a Pascal Piron
Sot emol

D'Karolina Markiewicz an de Pascal Piron kommen aus ënnerschiddlech Richtungen: Konscht, Theater a Film. Si hu sech zesumme mat Succès un déi virtuell Welt erugewot. Kennegeléiert hu si sech als Studenten.

Marc Kiefer
Sot emol

Fir de Marc Kiefer waren d'Paralympesch Spiller zu Tokyo "super-emotional". Déi perfekt Organisatioun an déi grouss Gentillesse vun de Leit hunn d'Event zu engem eenzegaartegen Erliefnes gemaach, esou den Directeur sportif vum LPC.

Frédéric Haupert
Sot emol

De Besoin un humanitärer Hëllef gëtt ëmmer méi grouss an och d'Situatioun vun der Ernierung weltwäit gëtt ëmmer méi prekär, seet den Direkter vu CARE Lëtzebuerg Frédéric Haupert.

Françoise Poos
Sot emol ...

D'Françoise Poos huet virun 20 Joer zu New York gelieft an huet d'Attentater vum 11. September 2001 materlieft. Mëttlerweil ass si Direktesch vum Kulturprogramm vun Esch 2022 a wëllt als Minetter eppes zeréckginn.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen