Nepal Ee Joer nom Äerdbiewen

Am Nepal kommen d’Opraumaarbechten nëmme lues virun. Beim Äerdbiewe virun engem Joer ware 9.000 Mënschen ëm d’Liewe komm an 800.000 Gebaier zerstéiert ginn, esou d’Rout Kräiz. D’Tessy Steffen-Koenig war virun zwou Wochen am Nepal.

Tessy Steffen-Koenig / fa

Nepal.JPG

Geet een duerch d’Stroosse vu Kathmandu Valley (Kathmandu-Dall), stellt ee séier fest, datt ee Joer nom Äerdbiewen villes nach ëmmer an engem Koup läit. Iwwerall leie Steng an Zillen op der Strooss. Wou fréier historesch Tempelen a Palaise stoungen, steet haut näischt oder just nach d’Fundamenter.

Schwaach Regierung

Datt d’Opraum- a Rëmopbau-Aarbechten net virukommen, ass ënnert anerem op déi “schwaach Regierung” zeréckzeféieren, sou d’Karla Brodie, fräiwëlleg Mataarbechterin am buddhistesche Klouschter vu Namo Buddha, net wäit vu Kathmandu. D’Regierung géing souguer d’Aarbechte bremsen an d’Hëllefsgelder net richteg ënnert de Leit verdeelen.

Véier Milliounen Euro wiere vun internationaler Säit zur Verfügung gestallt a gréisstendeels schonn un d’Regierung zu Kathmandu iwwerwise ginn. D’Karla Brodie bedauert, datt dës Suen bis elo nach net wierklech bei de Leit ukomm wieren.

Obwuel aus China an aus Indien, mee awer och vu räiche Nepalesen am Ausland Hëllef versprach gouf, wier och näischt dovunner ukomm, mengt iwwerdeems den Dipen Khadgi, deen an engem Tourismus-Bureau an der nepalesescher Haaptstad schafft. “Mir wëssen et net, mee vläit sinn och si korrupt.”

(D'Karla Brodie an den Dorje Lhakpa)

Schwiereg Konditiounen

Direkt nom Äerdbiewen hätten d’Leit baussen, ënnert fräiem Himmel verbruecht, erzielt den Dipen Khadgi. Elo hunn nach ëmmer vill Leit keen doheem a wunnen den Ament a provisoreschen Zelter, dacks awer och a véier einfache Wänn mat engem Wellblechdaach. Ënnert esou Konditioune liewen awer och déi Leit, deenen hiert Haus net komplett zerstéiert gouf, mee déi net méi zréck an hier Haiser konnten, well Experte vun der Regierung dës “geféierlech” deklaréiert hunn.

Duerch de Réckgang vum Tourismus - dem gréisste Sekteur an der nepalesescher Wirtschaft, wier och d'Aarbechtslosegkeet staark geklomm, huet den Dipen Khadgi festgestallt.

(Den Dipen Khadgi [ganz riets] a seng Equipe)

Namo Buddha

De 17 Joer alen Dorje Lhakpa ass Mönch a lieft am Namo Buddha Klouschter, deen iwwregens och beschiedegt ass. Hien erzielt, wéi seng eeler Bridder am Namo Buddha, de Geck mam Äerdbiewe gemaach hätten an doriwwer gelaacht hätten.

“Aner Leit hu gesot: ‘Dir sidd verréckt! Dir musst traureg sinn!’", esou den Dorje Lhakpa. Seng eeler Bridder hätten dunn geäntwert: “Wat geschitt ass, ass Vergaangenheet, dowéinst kuck elo d’Géigewaart a beroueg aner Leit.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Nepal.jpg

"Obwuel direkt nom Biewe mat den Opraumaarbechten ugefaang gouf ass d’Situatioun haut nach ëmmer schwiereg", esou d'Eva Wieners vun der Hëllefsorganisatioun Kaule

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen