arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hu mech och eng laang Zäit dofir geschummt"

Sci-Fi a Fantasy zu Lëtzebuerg

|
reading time

1 min

"Ech hu mech och eng laang Zäit dofir geschummt"

De Jean Bürlesk an de Claude Peiffer schreiwe selwer Science-Fiction- a Fantasy-Bicher. Si ginn awer zou: Et ass net einfach e grousse Public mat deem Genre zu Lëtzebuerg ze fannen.

reading time

1 min

An zwar well Science-Fiction a Fantasy awer nach ëmmer literaresch als Stéifkanner behandelt ginn. "Mee ech fannen et flott, wann d'Leit sech net schummen, wa si do sëtzen an dat liesen, wat hinne gefält!", seet de Jean Bürlesk.

Am 100,7-Interview beschreift hien zesumme mam Auteur a Beroder Claude Peiffer, wat den Ënnerscheed tëschent Science-Fiction a Fantasy ass, a wéi si hir "fantastesch" Welten am Kapp entwéckelen, dacks iwwer Joren.