Den Hotel stoung e puer Joer laang eidel do. En huet al ausgesinn, de Skandal-Hotel nieft dem Potomac-Floss, mat Vue op Georgetown. Zanter e puer Joer elo leeft de Betrib nees. An zanter a puer Wochen ass de Pascal Forotti, Lëtzebuerger, de Chef hei. Houfreg mécht deen d'Dieren op vum Watergate Hotel.
En Hotel wéi fréier
2016 ass den Hotel frësch opgemaach ginn. Den neie Proprietär wollt alles erëm esou wéi an de 60er a 70er Joren. De Setdesigner vun der US-Serie "Mad Men" huet dofir d'Uniforme vum Personal kreéiert fir de Flair vun där Ära erëm opliewen ze loossen.
![]()
Den Hotel ass en Deel vun engem Komplex vu sechs markanten ovalen a wäiss ugestrache Gebaier. Am Watergate wunnen och Leit, déi méi räich natierlech, an hei sinn och Büroen.
Eng Touristenattraktioun
Deemools, 1972, hat d'Demokratesch Partei do säi Setz, do wou agebrach gouf, den Ufank vum politesche Skandal vum Joerhonnert an Amerika. Elo ass den Hotel e Magnéit fir Touristen. D'Wuert "Watergate" eleng ass genuch fir d'Leit unzelackelen.
![]()
Vill vun de Leit kenne "Watergate" wéinst dem Skandal, mee net jiddweree weess, datt et och en Hotel gëtt.
E grousse politesche Skandal
Am Joer 1972 ass de Watergate Hotel lues awer sécher zum Synonym vum politesche Skandal ginn. Membere vum Richard Nixon senger Wahlequipe sinn agebrach an de Büro nieft dem Hotel, de President huet probéiert de Skandal ze verstoppen. Mee de Skandal ass ëmmer méi grouss ginn.
![]()
D'Zëmmer 205, dem fréieren Zëmmer 214, ass d'Skandal-Suite, an där een haut och schlofe kann. Vun dësem Zëmmer ass d'Oflauschteraktioun ofgehale ginn.
![]()
Op der Dachterrass, do treffen sech déi Räich an déi Schéi vu Washington, mee och Leit vu méi wäit fort. Verschidde Leit kommen och fir hire Kanner en Deel vun der Geschicht ze weisen. Verschiddenes géife si nämlech net an der Schoul léieren, erzielt eng Fra.
![]()
De Watergate-Hotel muss sech wéi all aner Luxus-Hotel ëm déi räich a wichteg Leit streiden.
An do ass dann och mol de Lëtzebuerger Fändel. Den Ausseminister war nach virun e puer Wochen ee vun de wichtege Gäscht beim Lëtzebuerger Pascal Forotti am Watergate Hotel. An der Skandal-Suite huet hien net geschlof.