SOT EMOL "E kann näischt, ass awer zu allem fäeg"

De Robert Garcia ass Ingenieur, en huet no Etüden als Enseignant geschafft an dann an engem Fernstudium Sozial- an Erzéiungswëssenschafte gemaach.

Jean Claude Majerus / cbi

Robert Garcia

Mat de Sozial- am Erzéiungswëssenschafte wollt de Robert Garcia sech an deem Beräich eng Basis schafen, well een déi Zäit an als Chargé de Cours geschafft huet:

"Mee de Witz ass deen heiten, ech hu kee vun deenen dräi Studien einfach konkret genotzt. Ech hunn déi Diplomer doheem leien, ech hu se och homologéiere gelooss. Mee ech sinn och nach ni gefrot ginn, ob ech geschummelt hu bei menger Diplomaarbecht, well ech hu se ni benotzt."

"Die unerhörte Leichtigkeit des Seins"

"Ech sinn iwwerall esou era geschliddert", seet de Robert Garcia, hien huet als Journalist geschafft, e war den éischte Gerant vum Gréngespoun, wourauser d'Woxx ginn ass. Seng Passioun fir Musek konnt a kann e bis haut mat sengen Emissiounen um Radio Ara ausliewen.

Mee wéi esou dacks huet hien ëmmer nees Kéiere geholl, an aus esou enger Kéier eraus huet e mam Muck Huss eng Partei gegrënnt:

"Do géif ee jo mengen, do hätten der Zwee im stillen Kämmerlein gebrütet. De Muck hu mir ugeruff. Elo geet et mir duer mat deem ganzen Zodi hei, hie war deemools nach mat esou engem hallwe Fouss an der LSAP. [...] An do war en e bëssen esou onofhängeg lénks an huet gesot: elo geet et duer, mer maachen eng gréng Partei."

De Robert Garcia war direkt mat derbäi, well e schonn an déi selwecht Direktioun vun enger grénger Partei iwwerluecht huet, an ideologesch net virbelaascht war.

"Ech hunn e Bréif geschriwwen un e puer Honnert Leit, an do hu mer eis am Centre Convict, witzegerweis wollte mer d'Ironie an d'Geschicht bréngen, déi éischt Versammlung gemaach. Dat war 1982 an dunn 1983 um Nationalfeierdag koum et zur Grënnung."

Kulturjoer 2007

"D'Kulturjoer 2007 geet am Fong 2008 un" war ee Saz, deen de Robert Garcia a senger Funktioun als Coordinateur général vum Kulturjoer 2007 dacks widderholl huet, well e grouss Zil vun 2007 war jo d'Nohaltegkeet. Hien ass am Fong zefridde mat deem, wat 2007 geschitt an dat gouf och esou attestéiert.

Mee onzefridden ass hien awer bis haut mat deem Saz: "D'Kulturjoer 2007 geet 2008 un." Well 2007 soll en Impuls si mat där d'Kollaboratioun tëscht de verschiddenen Acteuren, virun allem och an der Groussregioun 2008 sollt richteg lancéiert ginn.

"An dofir hu mir Mechanisme geschaf, mer hunn eng transfrontalière Struktur geschaf, déi 2007 gutt zesummegeschafft huet, well mer haten 133 Projeten iwwer d'Grenzen ewech, dat sinn der ganz vill.(...) Mer haten d'Zesummenaarbecht mat Sibiu, dat huet och gutt geklappt a mer haten 555 Projeten, ech mengen Esch nächst Joer huet der Honnert an eppes, dat war schonn e immense Batz."

Nom Kulturjoer war nach Budget do, mat deem de Robert Garcia d'Iddi hat e Fong ze maachen, wou dann och nach de Staat, d'Oeuvre a Privater derbäi kéimen, mat deem ee jonk Kënschtlerinnen a Kënschtler hätt kéinten ënnerstëtzen:

"Mee wéi dat dann zu Lëtzebuerg geet, do koum d'Kris an op emol hopp waren déi zwou Milliounen erëm eng Kéier am Staatssäckel.(...) An dat huet mech richteg rose gemaach an ech sinn et nach haut doriwwer an och meng deemoleg administrativ Direktesch - eng gewëssen Nancy Braun - war och doriwwer immens rosen. Mir sinn och nach haut ëmmer immens rose wa mer eis gesinn, an dofir hunn ech och zu Esch ëmmer gesot: hei kuckt datt der herno eng Cagnotte behaalt, an datt der déi net aus Hand gitt."

An der Mediathéik:

Sot emol / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Martin Folz
Sot emol

De Martin Folz ass zanter 2019 Chouerdirekter vum Theater Tréier, dat heescht en ass de Responsabele fir d'Kanner vu sechs Joer, de Jugendchouer awer och fir déi Grouss, dat heescht de Profi-Chouer vum Theater.

Marion Thill
Sot emol

Iwwer 30 Prozent vun der europäescher Bevëlkerung hätt een Tattoo seet de Marion Thill. Fir de Piercer, Museker a Besëtzer vun engem Tattoo-Studio ass sech tätowéiere loossen eng "Muttprouf - an dat ass och gutt esou".

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen