Suchtverhalen "D'Substanz ass dacks net de Problem"

Vill Drogenofhängeger hätten eigentlech psychech Problemer, seet den Direkter vum Centre Thérapeutique vu Manternach. De Romain Pauly gesäit d'Legaliséierung vu Cannabis eleng net als Léisung.

François Aulner / ys

Romain Pauly
Romain Pauly, Direkter vum Centre thérapeutique Manternach Syrdall Schlass

Am "Centre thérapeurique Manternach Syrdall Schlass" wäre momentan vill Leit, déi psychesch Problemer hätten, seet den Direkter Romain Pauly. "Si hunn iergend ee Produit geholl, fir sech auszehalen. Oder fir dobaussen ze bestoen." Wann d'Substanz bis net méi do wier, géif dacks kloer ginn, datt d'Drog net de Problem wär. Deen eigentleche Problem wier vill méi komplex a géif méi déif sëtzen.

Ëmmer méi Leit kéinten oder wéilten net méi an der Gesellschaft matmaachen. Doduerch kéint een an eng gewëss Zeen kommen, wou ee mat der Substanz géif konfrontéiert ginn. De Romain Pauly begréisst awer, datt et haut méiglech ass, fir als Drogenofhängegen an der Gesellschaft z'existéieren. "Fréier souze si méi an der Psychiatrie a méi am Prisong. Hautdesdaags kann een domat liewen. Och wann déi meescht dat net als liewenswäert gesinn." Eng Fixerstuff wär net schéin. Awer fir Mënschen, déi op sou Strukturen ugewise wieren, wär et ee Liewen an een Iwwerliewen.

Cannabis däerf net verharmloost ginn

Déi meescht Leit wäre wéinst Heroin a Kokain am Therapiezentrum. Déi allermeescht Clienten hätte mat Cannabis ugefaangen. Dat géif net heeschen, datt Cannabis direkt zu Heroin géif féieren, sou de Romain Pauly. Et wier awer e Feeler d'Drog ze verharmlosen.

Den Trend, datt vill Jugendlecher regelméisseg Cannabis consomméiere gesäit hien als problematesch. Et misst een Ëmdenke bei der Preventioun ginn. "Mä et geet net duer fir ze soen, komm mir legaliséieren et, an dann ass de Problem geléist. Jugendlech, déi massiv a chronesch Cannabis fëmmen, déi hunn e Problem."

Am "Centre thérapeutique Manternach Syrdall Schlass" gi bis zu 25 Drogenofhängeger betreit. Den Zentrum ass aus dem Centre Hospitalier Neuro-Psychatrique ausgelagert. Et ass deen eenzegen Therapiezenter fir Drogenofhängeger zu Lëtzebuerg, wou d'Clienten eng Zäit laang kënne liewen. D'Cliente kéimen aus verschiddene soziale Milieuen, seet de Romain Pauly. Hien ass zanter 30 Direkter vum Zentrum.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

E Jonke fëmmt en Joint
Suchtpräventioun

Drogekonsum ass ënner Jugendlechen e grousse Problem. Besonnesch d'Jugendhaiser spillen an der Suchtpräventioun eng wichteg Roll. Et ginn interessant Projeten, fir déi Jonk vun Drogen ewech ze halen.

Crystal Meth
Nationalen Drogerapport

2.000 Leit zu Lëtzebuerg hunn akut Problemer mat Drogen. Dat geet aus deem neien Drogerapport ervir. De Konsum vu Kokain hëlt zou. Suerge mécht ee sech iwwer Fraen a Kanner am Drogenhandel.

Patrick Klein
Abrigado

Police a Justiz gi konsequent géint d'Drogekriminalitéit vir. De Patrick Klein vun Abrigado begréisst déi rezent Aktiounen. D'Problemer missten awer méi regional geléist ginn. An net just an der Stad.

Alain Origer.jpg Riicht Eraus
Drogepolitik

Hei am Land ginn et ronn zweedausend problematesch Drogekonsumenten. Eng Zuel déi an de leschten 10 Joer zeréckgaangen ass. D'lëtzebuerger “Suchtstrategie”, cibléiert och de Konsum vu legale Substanzen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen