Zweete Weltkrich D'Verwaltungskommissioun an d'Gestapo-Judenkartei

Den 21. November 1940, hunn d'Verwaltungskommissioun an de Service vun der Friemepolizei eng Lëscht mat 480 "polnesche Judden" un de Chef vun der Zivilverwaltung (CdZ), de Gauleiter Gustav Simon, geschéckt. Eng Lëscht, déi wéinst "vorauseilendem Gehorsam" vun der Friemepolice an der Verwaltungskommissioun eréischt zustane koum, sou d'Analys vum Denis Scuto. D'Existenz vun dëser Lëscht war bekannt, mee d'Lëscht selwer mat all den Nimm bis elo net. Den Historiker huet se elo entdeckt - den neien Online-Inventaire vun den Nationalarchiven huet dat erméiglecht.

Salomon Family
Den Aaron J. Salomon, seng Schwéiermamm Rachel Wonagus an seng Fra Ida Wonagus poséieren 1932-1933 am Stater Park (Quell: http://collections.ushmm.org/search/catalog/pa1179052)

Zënter den 80er Jore waren sech vill Froen iwwert déi Lëscht gestallt ginn. Well se an den Nationalarchiven net ze fanne waren, huet een ugeholl se wier zerstéiert ginn oder iergendwou an engem däitschen Archiv. Mee virun zwou Wochen huet den Denis Scuto se an den Nationalarchiven erëmfonnt. Wéi dat genau gaangen ass, erkläert den Historiker am Manuskript vu senger Emissioun "Den Zäithistoriker".

Dräi Schicksaler vu 480

D'Lëscht erfaasst 480 Persounen mat Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, Gebuertsuert, Stand a Wunnuert. Vill Nimm, déi op deeër Lëscht sinn, ware bis elo net bekannt. Dorënner d'Ida Wonagus, de Jakob Finkelstein an de Jakob Hirschkorn, deenen hir Schicksaler den Denis Scuto retracéiert huet.

D'Ida Wonagus war eng jonk Lëtzebuergerin, där am November 1940 d'Flucht an déi Dominikanesch Republik gelongen ass. De Jakob Finkelstein koum 1928 aus Polen op Lëtzebuerg. 1941 gëtt hien internéiert, dann an de Ghetto vu Litzmannstadt (Lodz) deportéiert an spéider mat senger Fra a sengem Bouf Julius vermuttlech zu Chelmno vergaast. De Jakob Hirschkorn war 1919 aus Polen an Däitschland an dunn 1938 op Lëtzebuerg geflücht. Hien gëtt deportéiert an iwwerlieft zu Lodz mat vill Chance.

Déi éischt Säit vun der Lëscht vun de “Juden polnischer Abstammung” vu November 1940. Quell: Nationalarchiven, Fonds Chef der Zivilverwaltung, CdZ-A-3020.

 

Eng Lëscht, enstanen duerch “vorauseilenden Gehorsam”

D'Entstoung vun der Lëscht erkläert den Denis Scuto esou: Den 11. September 1940 addresséiert dem Gauleiter säi Stellvertrieder Münzel sech un d'Verwaltungskommissioun a verlaangt, dass an Zukunft "Reichsdeutsche" zu Lëtzebuerg wéi d'Lëtzebuerger selwer behandelt ginn, wat d'Carte d'identité betrëfft. De 16. September äntwert de Wehrer als Präsident vun der Verwaltungskommissioun, dass en déi Uweisung un d'Meldeämter weider gëtt, dat heescht un d'Lëtzebuerger Friemepolice. Dee Service reagéiert mat "a vorauseilendem Gehorsam", seet den Denis Scuto: E wërft de 16. Oktober nei Froen op a freet d'Verwaltungskommissioun, wéi dann ze verfueren ass mat däitschen, staatenlosen a polnesche Juden.

De Chef vun der Friemepolice schléit vir, dass däitsch Judde weider wéi Auslänner ze behandele sinn, "da es nicht im Sinn der Verordnung des Chefs der Zivilverwaltung ist den deutschen Juden eine Vorzugsstellung zu geben". Den Emile Brisbois erkennt domat di däitsch Veruerdnungen un an interpretéiert se am Sënn vum däitsche Recht, sou den Denis Scuto. Den 31. Oktober reecht de Louis Simmer déi Froe weider un den CdZ. Den CdZ huet sech d'Fro no de polnesche Judde zu deem Zäitpunkt nach net gestallt, sou den Historiker, a freet den 9. November 1940 d'Zuel vun de "Juden polnischer Abstammung" déi nach am Land sinn. Doropshinn mécht de Service vun der Friemepolice, sou den Denis Scuto, opgrond vun der antisemitescher Methode vum jüdesche Klang vun den Nimm, eng Lëscht mat de Nimm vu 480 sougenannte "polnesche Judden". Fir hire Zèle ze ënnersträichen hätten se betount, dass se dofir all hir Auslännerdossieren duerchgekuckt hunn. D'Lëscht gëtt den 21. November am Numm vun der Verwaltungskommissioun vum Jean Metzdorff un den CdZ geschéckt.

U wien goung d'Lëscht?

Déi Lëscht goung net nëmmen un de Chef der Zivilverwaltung. Den CdZ gëtt se den 18. Mäerz 1941 weider un den "Einsatzkommando der Sicherheitspolizei und des SD" (Sicherheistdienst), deen an der Ëffentlechkeet als Gestapo bekannt war. Den CdZ freet se den 18. Mee zeréck. Den Einsatzkommando behält se awer bis den 2. Juli 1941. Déi bal dräi an hallef Méint notzt en ënnert anerem fir déi genee Adressen erauszefannen an ze kucke, wie vun deene Leit nach am Land ass an esou seng Judenkartei ze komplettéieren. E weidere Beweis fir d'Kollaboratioun vu Lëtzebuerger Autoritéiten an der Juddeverfolgung, seet den Denis Scuto.

Op der Lëscht si praktesch nëmme polnesch oder staatelos Judden, déi spéitstens zënter Dezember 1940 nëmme schwéierlech e Pass kréie kënnen fir auszewanderen. Vill soutzen an der Fal. D'Lëscht vun der Verwaltungskommissioun ass schonn am November 1940 entstanen, wou di Lëtzebuerger Beamten nach näischt vun enger spéiderer Endlösung wossten. Awer, sou den Historiker, et misst och fir si kloer gewiescht sinn, dass se déi Leit enger grousser Gefor aussetzen andeems se d'Nimm un d'Nazie ginn.

Oppe Froen

Fir den Denis Scuto stelle sech nach eng ganz Rei Froen: Fir d'éischt ronderëm d'Lëscht selwer. Wéi eng Persounen op der Lëscht waren der Gestapo nach net bekannt a sinn op déi Lëscht komm opgrond vu Renseignementer, déi just d'Lëtzebuerger Friemepolice konnt hunn? Wat war hiert weidert Schicksal? Wéi vill waren der nach zu Lëtzebuerg oder an de Nopeschlänner? An dann aner Froen iwwert de gréisseren historesche Kontext, déi mat dëser Lëscht eleng net beäntwert kënne ginn. Froen déi en Institut fir Zäitgeschicht (nieft allen anere Froen aus dem 20. an 21. Jorhonnert) wëssenschaftlech ugoe misst, fënnt den Historiker. A Froen, déi sech och elo schonns stellen, an der Suite vum Rapport Artuso, iwwert e Fuerschungsprojet zur Haltung vum Lëtzebuerger Staat zu de Judde vun den 1930er bis zu den 1950er Joren.

En attendant, dass dës Froen kënne beäntwert ginn, stellt den Denis Scuto dem Historiker Charel Barthel an deenen déi seng Opfaassung deelen awer eng Fro: "Sitt Dir wierklech der Meenung. dass mer et mat engem nëmmen '(angeblich) begangenen Unrecht' vun der Verwaltungskommissioun, vu Lëtzebuerger héije Beamten a Behörden ze dinn hunn?"

An der Mediathéik:

Zäithistoriker / / Denis Scuto
Lauschteren

Méi zum Thema

Barthel-Artuso.jpg
Vincent Artuso a Charel Barthel

De Vincent Artuso, Auteur vum Rapport iwwert d’Roll vun de Lëtzebuerger Autoritéiten bei der Juddeverfolgung um Ufank vum Zweete Weltkrich, huet sech géint Virwërf vu sengem Historiker-Kolleg Charel Barthel gewiert.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen