Generatiounen Den Ur-Komiker Hary Hagen, Gospel-Musek an den 100,7-Pionéier Pierre Puth

Mat der Editioun vun haut geet déi éischt Woch vun eiser neier Emissioun "Generatiounen", mat enger spezieller Offer un en eelere Public op Enn. An emol einfach riicht eraus gefrot: "Wat haalt Dir dovunner?" Sot eis et, wann Dir et gutt fannt, awer och wou mir nach kéinten nobesseren. Dir erreecht eis iwwer WhatsApp um 621 44 00 44 oder iwwer de Repondeur 44 00 44 123.

Masken Theater
Foto: Bigstock / Len_pri

Clubs Senior: Mam Coronavirus huet eisen Alldag geännert

Och déi 20 Club Senioren aus dem Land hunn hir Diere missten zoumaachen. Et sinn awer just d'Diere vun de Club Senioren, déi zou sinn. Hir Ouere sinn awer duerch hir Telefonspermanencen an de leschte Wochen ëmmer fir Iech op bliwwen, an et gi weiderhi vill Aktiounen an Aktivitéite garantéiert.

D'Nadia Bemtgen - Coordinatrice vun de Club Seniore stellt de Fonctionement vun de Clibb vir. Méi allgemeng Informatiounen iwwer d'Club Seniore fannt Dir op www.luxsenior.lu oder www.rbs.lu

Lauschteren

Gospel géint d'Eleng sinn

D'Fondation EME proposéiert haut e "Concert contre la solitude" vun der Theresia Birngruber, déi hir musikalesche Léift der Gospel- an der zäitgenëssescher Kierchemusek gehéiert. Um 3 Auer de Mëtteg weist ApartTV, deen iwwer Eltrona an d'Tëlee vun der Post disponibel ass, dëse Concert. Dir kënnt en awer och iwwert de YouTube-Kanal vun der Fondatioun EME am Internet kucken.

Lauschteren

Iessrhythmus bei Kanner

Mol méi mol manner Honger hunn déi kleng Butzen. Trotzdeem soll eng Reegelméissegkeet vun de Moolzechten iwwer den Dag bestoen, och wann de Rhythmus individuell un all Kand ugepasst ka ginn. Dat gëllt och, wa si bei d'Grousselteren iesse kommen. Wann een zum Beispill e Kand huet, dat moies net esou vill Honger huet, kann d'Moiesiesse méi kleng ausfalen. Am Nomëtteg soll een och eng Paus maachen, wou een de Kanner ze iessen an ze drénken ubitt. Am Kader vun enger gesonder Ernärung ass bei dëser Moolzecht d'Qualitéit méi wichteg wéi d'Quantitéit, dat ass ee vu ville Rotschléi vun der Dieteticienne Liz Mersch.

Lauschteren

Pierre Puth: Pionéier aus den Ufankszäite vum 100,7

De Pierre Puth ass um Lampertsbierg opgewuess a goung nom 6. Schouljoer an de Kolléisch an duerno op de Cours Universitaire. Zu Tübingen, Paräis a München huet hie Germanistik a Philosophie studéiert. Hien koum dunn eng éischte Kéier a Kontakt mat literaresche Kreesser. Als klengen Ufänger, zesumme mat enger Partie deemools scho bekannte Schrëftsteller konnt hie bei literaresche Publikatiounen a Virliesungen derbäi sinn.

Zanter 1970 war hien Däitschprofesser a war do dernieft a villen anere Beräicher aktiv, ë. a. um Gebitt vun der Lëtzebuerger Kultur, speziell wat d'Literatur an den Theater ugeet, bei Radio an Télé Lëtzebuerg (laangjärege Mataarbecht beim "Hei Elei") an als Organisateur an Animateur vu ville kulturelle Manifestatiounen. 1993 (a schonn an der Virbereedungszäit) war hien als ee vun deenen éischte mat derbäi, déi den 100,7 an d'Liewe geruff hunn. No dëser schwéierer Gebuert war dat Ganzt awer nach laang net ofgeschloss.

Wann d'Zopp dobäi dann och mol muss kal giess ginn, gehéiert dat nu mol leider derbäi. Mee wann een dann elo awer d'Resultat dovunner héiert, kënnen eis Virgänger awer houfreg op sech sinn. Wann Dir zesumme mam Claude Mangen am Pierre Puth senger Kandheet um Lampertsbierg oder a senger Kultur-Karriär wulle wëllt, kënnt Dir dat an eiser Archiv-Sektioun op www.100komma7.lu

Lauschteren

"Mat Freed sinn ech haut komm hier bei iech"

De Varieté-Ensembel vun der Nationallotterie war am ganze Land bekannt. De Grënner Fernand Wark, zesumme mat Artiste wéi d'Micky an den Ali Bintz, de Marcel Jander, Jängi Hopp, Eugène Bley a wéi si all heeschen, hu bei Generatioune mat hirem Entertainment fir flott Stonne gesuergt.

A wann da vu Komik rieds goung, da kann a muss een dem Hary Hagen säin Numm eraushiewen. Hie war e grousse Komiker a virun allem e Schauspiller mat ville Facetten. Seng berüümtste Sketcher waren a sinn "D'Quiselchen" oder "De Besuch vun den Tramwaysmännercher".

De Jean Claude Majerus proposéiert eis haut am éischten Deel vun der Lëtzebuerger Sketchgeschicht den Hary Hagen mat zwee Texter, an zwar "Vir d'Frecken net" a "Verkuerbelt Wierder". Vill Spaass!

Lauschteren


A wann Dir éieren e Musekswonsch hutt, oder Dir eis eppes soe wéilt, oder engem e Bonjour wëllt mat op de Wee ginn, da kënnt Dir dat maachen iwwer eis WhatsApp um 621 44 00 44 oder iwwer den Telefonsrepondeur 44 00 44 123.

Méi zum Thema

Liewensmëttel
Generatiounen

Mir proposéieren haut en en Extrait aus engem Gespréich vun engem Zwangsrekrutéierten a sengen Erliefnesser, schwätzen iwwer staark verännert Liewensmëttel an dir héiert en Extrait aus engem Musical.

Jean-Claude Juncker ART 2
Generatiounen

A "Generatiounen" hu mer haut an en Interview vun 1998 mam Jean-Claude Juncker eragelauschtert, sinn der Fro nogaange wéi gesond vegan Liewensmëttel sinn a mir hunn op de Film Hello Dolly aus dem Joer 1968 zréckgekuckt.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen