Den Uber-Effekt

Unicorn Startups, dat sinn déi Firmen déi mat disruptiver Innovatioun a revolutionäre Geschäftsiddien, grouss Zommen un Investissementer kréien. Wann een awer bëssen un de Fong vun der Saach recherchéiere geet, huet sech prinzipiell um Business net esouvill geännert wéi verschidden Entreprise et gären hätten. Dacks gi bestehend Geschäftsmodeller ferm gerëselt, wéi zum Beispill den Taxissecteur oder den Hotelsbusiness.

uber.jpg
Uber ass nëmmen eng vun de sougenannten Unicorn Startups

Uber, déi sech am Mäerz 2009 gegrënnt hunn, ass eng Zort "Enfant terrible" – op allefalls fir Taxissecteuren uechter d'Welt. Uber Technologies Incorporated ass dora spezialiséiert mat enger mobiler Applikatioun eng Ufro fir een Trajet vun A op B ze maachen. Dës Ufro gëtt u Chauffeuren an engem noe geographesche Raum geschéckt an et gëtt ee vun esou engem Privatchauffeur an deem sengem Privatauto ofgeholl. Dëst nodeems een d’Konditioune vum Trajet, dem Präis, der Zort vum Auto a net zulescht de verschiddenste Benotzerbemierkunge konnt studéieren an Akzeptéieren.

Am Grënnungsjoer huet se ee verhältnisméisseg klenge seed-invest vun 200.000 Dollar kritt an 2010 ass et du mat 1,2 Milliounen Dollar méi serieux ginn. Dëse klassesche Modell vun engem klenge Seed an enger mëttelgroussen éischten Investissement hat als Konsequenz dass d’Firma 2011 44,5 Milliounen Dollar un Investment hiewe konnt.
Et sollt awer bis 2014 daueren, nämlech dat Joer wou Uber an Europa Fouss gefaas huet, bis déi éischt Bedenken zu dësem Geschäftsmodell opkommen.

Eng Mass vu Leit gleeft un e Produit

Wat geännert huet, ass wéi dat weltwäit verbonnent Netz wat mer Internet nennen, vun de Leit benotzt gëtt. Dat och well de Gros vun hinnen ee voll funktiounsfäege Multimediazenter, Wëssensdatebank oder och Kommunikatiounsmëttel an der Täsch hunn woumat si 24h am Dag erreechbar kënne sinn.

Déi grouss sougenannte "Disruptoren" wéi Uber (Privat-Taxi), Airbnb (Verloun Deng Privat-Wunneng) oder Snapchat (Fotoen déi no enger Zäit verschwannen) sinn an hirem Status als Unicorn Startup doduerch confirméiert dass se eng grouss Massen u Leit dozou beweegt hunn, un hire Produit ze gleewen an en regelméisseg an ze setzen.

Zu Lëtzebuerg ass ausser enger Bréifkëscht Firma nach keen esou ee mystescht Déier an der Startup-welt opgedaucht, mä dat kéint sech ëmmer nach mam massive Push a Richtung Finanztechnologien änneren.

"Secteuren déi laang net évoluéiert hunn"

Zanter enger gewësser Zäit gëtt e legale Kader fir Uber, AirBnB etc. gefuerdert. Mee d'Fro, déi sech gestallt gëtt ass: wou setzt een deen un? "Et stellen sech Froe vu responsabilité civile a commerciale, soubal ee Geld domat verdéngt. Et muss een awer och soen, datt déi ganz 'Uberisation' och Secteure betrëfft, déi laang net evoluéiert hunn an sech elo wieren, amplaz sech nei ze erfannen. De Secteur vun der Hotellerie an den Taxien ass net nëmmen zu Lëtzebuerg staark reguléiert, do ass e bëssche Konkurrenz vläit guer net sou schlecht", seet de Jerry Weyer, Affekot a Consultat an der digitaler Kommunikatioun.  

Wat awer dacks ënnerschat gëtt, ass d'Talent wat gebrauch gëtt fir an dësem Domaine, disruptiv oder net, sech ze etabléieren. De CEO vum Technoport zu Féiz, Diego Dibiasio ass der Meenung, datt et zu Lëtzebuerg e Pool vu Leit gëtt, déi de néidege Knowhow-How hunn."Et muss ee just d'Reseauen hunn, fir drunzekommen", seet hien. Gläichzäiteg gett hien zou, datt et a gewësse Beräicher e Manktem gëtt, deels am technesche Beräich an am Business development. 

"Méi aggressivt Optrieden" an den USA

D'Firma Scorechain, déi eng Bitcoin-Technologie entwéckelt huet, krut 500.000 Euro Investment dofir – an dat ass ongewéinlech fir eng Lëtzebuerger Startup. Mee, seet den Diego Dibiaso: "an den USA hätt esou e Projet wahrscheinlech annerhallef bis zwou Milliounen kritt". De Grond: "do kennen d'Entreprisë vill méi aggressiv um Marché optrieden". Intressant wier, senger Meenung no, lo ze gesinn, wéi et mat Scorechain weidergeet. 

Den Impakt vu FinTech ass awer de Moment nach méi geréng wéi vun Experten erwaard. Trotzdem: et géifen eng Rei Projeten um Dësch leien, aus der Groussregioun an doriwwer eraus, seet den Diego Dibiasio. "Lëtzebuerg gëtt als Land gesinn, dat sech an deem Beräich ka positionnéieren"

Bleift ofzewaarden, wat d'Zukunft bréngt. Aktuell gëtt den ICT-Marché zu Lëtzebuerg op 7% vum PIB geschat, mat enger Croissance vu 7% pro Joer säit 2007. Personalméisseg hu 15.500 Persounen am Informatiouns-, Kommunikatiouns- an Technologiesecteur eng Aarbecht.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen