Prisma Den Nuebel vun der Welt

D'Äerd am Mëttelpunkt vum Universum, de Mënsch als Zentrum vun der Welt - obschonn dat geozentrescht Weltbild scho laang widderluecht gouf, gesäit de Mënsch sech nawell nach ëmmer als dat wichtegst Wiesen am Universum. Ass dat tatsächlech och esou? Wat gëtt him dann déi besonnesch Wichtegkeet par Rapport zu all den anere Wiesen? Gëtt et net awer vläicht nach alternativ Weltbiller? An iwwerhaapt - ass net souwisou all Weltbild just vum Mënsch erschafen, an deemno e mënschlecht Konstrukt? Eis Hausphilosophin Pascale Worré taascht sech un e puer Erklärungen erun.

Pascale Worré

Weltbild

Ech giff gär mat enger Fro ufänken, déi de Ludwig van Beethoven a sengem Bréif an die "Unsterbliche Geliebte" gestallt huet:

"[...] und wenn ich mich im Zusammenhang des Universums betrachte, was bin ich und was ist der - den man de Größten nennt [...]"

Dës Ausso werft eng ganz Rëtsch Froen op. Ugefaange bei "wat sinn ech?". Et kann ee soen, datt et sech hei engersäits ëm eng perséinlech, existenziell Fro handelt, an anerersäits och ëm eng anthropologesch. Et ass jo wuel kloer, datt de Beethoven e Mënsch ass. Mee wat ass de Mënsch? A wat ass seng Stellung am Universum - an domat och par Rapport zu all den anere Wiesen op der Welt? An hei si mer dann och am Beräich vun der Ethik, well wa mer eis selwer e gewëssene Stellewäert zou- oder ofschwätzen, da bewäerte mer net nëmmen eis, mee och déi ganz Welt ronderëm eis. An da si mer och séier beim Ëmgang ukomm. Dir gesitt, eng kuerz banal Fro, déi et awer a sech huet.

De Mënsch als Mëttelpunkt

Riichte mer lo mol fir d'éischt e Bléck op déi verschidde Weltbiller, déi et am Zesummenhang mat der Fro no der Stellung vum Mënsch an all den anere Wiesen am Universum ginn. Wa mer vum Mënsch als Mëttelpunkt vun der Welt ausginn, da schwätze mer vun engem anthropozentresche Weltbild. Mee wat denkt, gleeft oder mécht dann een, deen en anthropozentrescht Weltbild vertrëtt? Ganz vereinfacht zesumme gefaasst huet de Mënsch no dëser Positioun, opgrond vu verschidde Fäegkeeten an Eegenschaften, méi en héije Stellewäert am Verglach zu anere Wiesen.

Virun allem an der europäescher Renaissance fanne mer bekannten Denker, déi den Anthropozentrismus gepräägt hunn an no vir bruet hunn. Wärend am Mëttelalter Gott am Zentrum vum Universum stoung, also en theozentrescht Weltbild dominéiert huet, ass de Mënsch selwer an der Renaissance an de Mëttelpunkt geréckelt. De Mënsch huet ugefaangen, sech méi vun der Kierch ze emanzipéieren, en ass selwer zum Schöpfer ginn. Fortschrëtter an der Wëssenschaft souwéi der Technik hunn et erméiglecht, datt de Mënsch méi Muecht kritt huet a schliisslech opgrond vu senge geeschtege Fäegkeeten zum "Meeschter a Besëtzer vun der Natur" ginn ass, wéi de René Descartes sot.

An och den Immanuel Kant huet de Mënsch ganz däitlech iwwer aner Liewewiese gestallt, andeems en d'Déier als Saach bezeechent huet, vis-à-vis vun der de Mënsch keng moralesch Flichten ze erfëllen huet an déi e kann als Mëttel zu sengem Zweck benotzen. Et gëtt hei däitlech, datt d'Fro, wat de Mënsch ass an säin Ëmgang mat senger Ëmwelt, dee sech aus dësem Mënschebild ergëtt, staark zesummen hänken.

Wéi eng aner Weltbiller ginn et nach?

Allerdéngs muss een awer betounen, datt de Mënsch jo selwer deen ass, dee sech hei probéiert ze definéieren, sech Eegenschaften, Fäegkeeten zouschreift an sech säin eegene Stellewäert deemno selwer gëtt. En ass also net per se Meeschter a Besëtzer vu senger Ëmwelt souwéi den Zentrum vum Universum. Op dësen Iwwerleeunge baséieren héich aktuell Diskussiounen, déi net nëmme vun Déierenrechtler an Ëmweltschützer gefouert ginn, mee déi allgemeng u Relevanz gewonnen hunn. Déieren-, Ëmwelt- a Klimaschutz sinn Theemen, déi och ëmmer méi um politesche Plang zu den ieweschte Prioritéite gehéieren an och déi jonk Generatioune beschäftegen. Heescht dat dann elo, datt dat anthropozentrescht Weltbild ëmmer méi un Dominanz verléiert? Wat fir Weltbiller stinn deem entgéint? A wat bedeiten déi fir de Mënsch, seng Stellung an den Ëmgang mat anere Wiesen?

Hei ginn et dräi gängeg Weltbiller, dee sou genannte Pathozentrismus, Biozentrismus an Holismus. Gemeinsam hu se, datt se dem Mënsch keng Sonnerstellung zou schreiwen, mee och aner Wiesen am Universum en änlechen oder de selwechte Stellewäert hunn. Am Pathozentrismus gëllt d'Leidensfäegkeet als Krittär, dat heescht de Mënsch an déi sou genannten héich entwéckelt Déiere wéi Afen oder Hënn ginn do mat ageschloss.

Mee natierlech kann een sech elo och erëm froen, firwat da grad déi bestëmmten Déieren. Och do definéiert de Mënsch jo erëm de Wäert vun de Liewewiesen, dëst opgrond vu bestëmmten Eegenschaften a Fäegkeeten, déi ebe genee deene vum Mënsch am nooste sinn. Hei si mer da beim Biozentrismus ukomm, dee virun allem vu Persoune vertruede gëtt, déi vegetaresch oder vegan liewen souwéi vun Déiererechter a vun Ëmweltaktivisten.

Mee och de Friddensnobelpräisdréier Albert Schweitzer war ee Verfechter vun dësem Weltbild, laut dem all Liewewiesen en Eegewäert huet a muss gläich respektéiert ginn. Et muss een awer och nach derbäi fügen, datt d'Argument net dat ass, datt de Mënsch d'Natur an d'Déiere soll schützen, well e selwer dovu profitéiert an doduerch gesond bleift. De Mënsch ass en Deel vun der Natur, déi e Wäert "u sech" huet. Firwat sollt en also och méi en héije Wäert hunn wéi all déi aner Liewewiesen, déi ebenfalls en Deel sinn? E weidert Weltbild, dat nach e Schratt méi wäit geet, ass de sou genannten Holismus.

Wéi wäit gi mir?

Hei gëtt och déi onbeliewten Natur mat ageschloss, wéi Steng, Waasser, Loft, Metaller oder Planéiten. Alles, wat ass. Et ass schwiereg hei eng Grenz ze zéien, zemools wann et ëm den d'Handelen an den Ëmgang mat all de Wiesen, déi eis ëmginn am Alldag geet. Wéi féiert een, entspriechend de genannte Weltbiller, säi Liewen? Wat erlaabt een sech a wat ass net méi moralesch vertrietbar? A vertrietbar fir wien? Fir de Mënsch, den definéiert, wat moralesch vertrietbar ass a wat net? Wat bleift iwwreg u Wäerter an u Stellewäert, wa mer de Mënsch ausblenden?

Ginn et objektiv Wäerter, déi an der Natur, onofhängeg vum Mënsch, bestinn? Riskéiert een elo bei all dëse Froen net och, sech an engem gewëssen Nihilismus ze verléieren? Engersäits wat Wäerter betrëfft, mee anerersäits awer och am Hibléck op de Sënn an Zweck vun allem Sinn.

Wéi schonn am Ufank ugedeit, beweege mir eis bei dësem Sujet permanent duerch déi verschidden Disziplinne vun der Philosophie, an dat mécht déi am Ufank gestallte Fro och sou komplex. A wa mer lo och nach ee wëllen drop setzen, da schléisse mer nieft dem Mënsch, dem Déier, der Natur an Ëmwelt, de Steng an de Planéiten och nach déi ausserierdesch Wiese mat an. Allerdéngs musse mer eis do jo lo nach keng Froe vu moralescher an ethescher Natur stellen.

Mee fir ofzeschléissen an dem Ludwig van Beethoven bei senger Fro behëlleflech ze sinn: An der Fro stécht am Fong schonn en Deel vun enger Äntwert dran - nämlech, datt de Mënsch am Fong just e minimalen Deel vun engem Ganzen ass, quasi en winzege Punkt am Universum. A firwat sollt grad déi winzeg Entitéit de Nuebel vun der Welt sinn?

An der Mediathéik:

Prisma / / Pascale Worré
Lauschteren

Net verpassen

  • 16.10. Riicht eraus - Bleift d'Kierch am Duerf?

    Riicht Eraus_Beift Kierch am Duerf 2.jpg

    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen nach gebraucht ginn? Et diskutéieren d'Architektin Sala Makumbundu, de Kierchenexpert A. Langini, de G. Kieffer vum Bistum, an den R. Mangen, Schäffen Déifferdeng.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen