Geschicht Den Éischte Weltkrich an der lëtzebuergescher Lokalgeschicht

Den Éischte Weltkrich gouf laang Zäit an der lëtzebuergescher Geschichtsschreiwung vernoléissegt. Mam Centenaire vum Krichsausbroch ass awer och hei am Land den Interessi gewuess. Eng ganz Rei Bicher goufen an deene leschte Joren zu Lëtzebuerg publizéiert - dorënner och lokalgeschichtlech Etüden. De Mohamed Hamdi huet sech dräi rezent Publikatiounen ugekuckt, déi sech jeeweils op eng Uertschaft bezéien.

Mohamed Hamdi / cbi

E Lager am éischte Weltkrich
Foto: ANLux, Fonds Première Guerre mondiale

Ganz op Diddeleng fokusséiert sech deen zéngte Band vun der Serie "Mutation", déi vun der Fondation Bassin Minier publizéiert gëtt. Dobäi ass déi geographesch an zäitlech Agrenzung net sou strikt anzehalen. D'Buch weit de Bléck geleeëntlech op déi gesamt Minettregioun aus a wot souguer de Sprong iwwer d'Grenz fir eng transnational Geschicht vum Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg ze schreiwen.

D'Schicksal vun Diddelenger Awunner, déi wéinst hirer Nationalitéit a Frankräich zwangsinhaftéiert goufen oder trotz hirer Nationalitéit fräiwëlleg fir Frankräich an de Krich gezu sinn, gi genee esou beliicht, wéi d'Schicksal vun auslännesche Krichsverletzter, déi zu Diddeleng an de Lazaretter soignéiert oder um Kierfecht bäigeluecht goufen. Eng Panoplie vun Theme ginn an dëser mikrohistorescher Etüd behandelt - dat geet vu Konscht a Literatur iwwer Demographie a Migratioun bis zur Industrie- a Sozialgeschicht. Dobäi geléngt et de Chercheuren, déi sech un dëser Publikatioun bedeelegt hunn, ee kohärent Gesamtwierk ze schafen, an deem all Bäitrag vun héichwäerteger Qualitéit ass an nei Erkenntnisser liwwert.

Miersch am Éischte Weltkrich

Eng zweet Publikatioun, déi den Éischte Weltkrich vun engem lokale Point de Vue beliicht, ass den Ausstellungskatalog mam Titel "Endlech Fridden? Miersch an den Éischte Weltkrich" - erausgi vun de Mierscher Geschichtsfrënn. De Qualitéitsënnerscheed zum éischte Buch ass direkt erkennbar. Dat läit dorunner, datt de Mierscher Ausstellungskatalog net vu professionelle Geschichtswëssenschaftler geschriwwe gouf, mee vu passionéierten Hobbyhistoriker, deenen dru läit, d'Geschicht vun hirer Heemecht opzeschaffen.

Ee gudden Drëttel vum Buch handelt awer net vu Miersch, mee liwwert allgemeng Informatiounen iwwer international Entwécklunge während deene véier Krichsjoren. Obschonn d'Texter duerchaus interessant sinn a sech op déi rezent Fuerschungsliteratur bezéien, si se an dëser Publikatioun e bësse falsch op der Plaz, well se iwwer dat eigentlecht Thema vum Buch erausschéissen.

Déi ëmfangräich Chronologie an der Aleedung vum Buch wier duergaange fir den historesche Kader ze setzen. D'Stäerkt vum Buch läit awer an de ville bis ewell onverëffentlechte Fotoe vun der däitscher Besatzung zu Miersch an och vun der spéiderer Präsenz vun den amerikaneschen Zaldoten. Innovativ an immens opschlossräich sinn och déi begleedend Texter - besonnesch déi kuerz Biographië vu méi oder manner bekannte Lëtzebuerger, wéi den Zaldote Jean-Baptiste Bentz an Perry Daubenfeld, déi allebéid an der amerikanescher Arméi gekämpft hunn. Iwwerraschenderweis net erwäänt bleift awer den Ernest Faber, deemolege Fierschter vu Miersch, dee während dem Krich een ausféierlecht Tagebuch geféiert huet.

Krich an der Haaptstad

Manner gelongen ass d'Novemberheft 2018 vun der Zäitschrëft ons stad, déi sech op d'Krichserliefnisser an der Haaptstad konzentréiert. Mat e puer Ausname liwweren déi meeschte Bäiträg kaum nei Erkenntnisser iwwer den Éischte Weltkrich an der Stad.

Et ass och iwwerraschend, datt wéineg Gebrauch gemaach gouf vun de Quellentexter aus de Stater Gemengenarchiven, déi awer fir d'Opschafe vun der Stater Geschicht onverzichtbar sinn. Och d'Themewahl léisst e bëssen ze wënschen iwwreg. De Sujet Hongersnout gëtt an enger Rei Artikelen opgegraff, wat zu sëlleche Widderhuelunge féiert, während aner wichteg Sujeten erstaunlecherweis iwwerhaapt net traitéiert ginn - sou zum Beispill d'Ausruffe vun der Republik um Knuedler kuerz nodeems de Waffestëllstand proklaméiert gi war. Insgesamt weess d'Heft trotz eenzelen Artikelen, déi ganz flott sinn, also net ze iwwerzeegen.

Trotz där enger oder anerer Schwächt weisen dës dräi Publikatiounen, wéi wichteg d'Aarbecht vun de lokale Geschichtsveräiner an Organisatiounen ass. Hir mikrohistoresch Etüden erlaben eis ee bessert Verständnis, net just vun der lokaler a regionaler Vergaangenheet ze gewannen, mee se erméiglechen doriwwer eraus och ee méi räichhaltegen, villschichtege Gesamtbléck op Entwécklungen um nationalen an transnationale Niveau.

An der Mediathéik:

Kultur / / Mohamed Hamdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Auer Bigstock
Zäithisoriker

Verschiddentlech denke Patronatsvertrieder driwwer no, déi legal Aarbechtszäit nees ze erhéije fir d'Kompetitivitéit ze boosten. De Jacques Maas geet op d'progressiv Reduzéierung vun der Aarbechtszäit an der Lëtzebuerger Gesellschaft an.

Simone Beck Meenung
Fräie Mikro

Nodeems den 11. November de Waffestëllstand ënnerschriwwe war, sinn nach bis zu sengem Akraafttriede fënnef Stonne méi spéit 11.000 Zaldote gefall oder blesséiert ginn. E Fräie Mikro vun der Simone Beck.

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen