Zäithistoriker Dem Gauleiter säi Frust

Virun 80 Joer huet eng Zeremonie zu Éiere vun de Lëtzebuerger Fräiwëlleger an der Däitscher Arméi stattfonnt. 1.500 vun hinnen hate sech gemellt, esouvill wéi néierens an den annektéierte Westgebitter. An trotzdeem war de Gauleiter Simon frustréiert.

Vincent Artuso / tt

Vincent Artuso
De Vincent Artuso. Foto: Archiv

De Sonndeg 5. Juli 1942 huet um Lampertsbierg eng vun deenen enormen Zeremonië stattfonnt déi d'Nazien zu Lëtzebuerg esou gären organiséiert hunn.

An der fréierer Expo-Hal waren 3.000 Leit zesummekomm an net egal wéi eng: de Gauleiter, seng enkst Mataarbechter an d'crème de la crème vun der Lëtzebuerger Kollaboratioun, op éischter Plaz den Damian Kratzenberg, Landesleiter vun der Volksdeutsche Bewegung. En Invité war och speziell aus Däitschland komm, neemlech de General der Infanterie Steppuhn, Befehlshaber vum Wehrkreis XII.

Si waren all do fir 400 jonk Leit ze éieren, déi sech fräiwëlleg an der däitscher Arméi gemellt an domadder hiert "Deutschbekenntnis durch die Tat besiegelt" haten. Dat war op jidder Fall wat een den Dag dono am Escher Tageblatt konnt liesen. D'gläichgeschalt Dageszeitung huet d'Evenement esou beschriwwen :

"Die Ausstellungshalle (...) prangte gestern im schönsten Festschmuck. Auf der Bühne hatte ein Musikkorps der Wehrmacht und ein Soldatenchor Aufstellung genommen, die durch den Vortrag von schneidigen Soldatenmärchen die schon gehobene Stimmung der vieltausendköpfigen Kundgebungsteilnehmer noch mehr hoben. Die Ehrenplätze waren selbstverständlich für die bereits im Feldgrauen Rock angetretenen Lützelburger Freiwilligen bereitgestellt, die in strammer Haltung ein eindrucksvolles Bild von soldatischer Zucht boten. Auf manchem Rock sah man schon das E(iserne) K(reuz) hervorleuchten, ein Zeichen, dass die lützelburger Freiwilligen an der Front zu kämpfen verstehen."

Eng laang, oninspiréiert a batter Ried

Dës festlech Stëmmung a viril Zouversiicht huet een an den Discoursen awer net erëmfonnt. Dem Gauleiter seng Ried war besonnesch laang, oninspiréiert a batter. Offiziell war e komm fir de Fräiwëlleger ze gratuléieren. Mee a Wierklechkeet huet e vill méi Zäit domadder verbruecht, d'Politik vum NS-Regimm ze rechtfäerdegen an d'Passivitéit vun engem groussen Deel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft unzeprangeren:

"Aber gegenüber diesem Soldatentum und gegenüber den Lützelburgern, die ihm verbunden sind, gibt es auch wertlose Kreaturen, die mit dem Hang zur Minderwertikeit geboren sind. Es sind jene Kreaturen, die heute noch vor Angst in die Hose machen, wenn sie nur auf den Gedanken kommen es könnte hier einmal die allgemeine Wehrpflicht eingeführt werden (...) Hierzu muss festgestellt werden: an der Einstellung zur deutschen Wehrmacht scheiden sich die Geister. Das muss man hier jedem sagen, und erklären: wer nicht zur deutschen Wehrmacht steht, wer nicht im innersten Herzen die Wehrhaftigkeit bejaht, und wer nicht bereit ist, wenn es sein muss, mit dem Degen für das Reich zu kämpfen, der hat damit bewiesen, dass er die neue Zeit noch nicht vollkommen verstanden hat. Denn die Welt und ihre Werte stehen heute auf des Degens Spitze."

Et war warscheinlech keen Zoufall, datt den Ausdrock Wehrpflicht deen Dag gefall ass.

Lëtzebuerger Fräiwëlleger rekrutéieren

D'Zeremonie vum 5. Juli 1942 war en Héichpunkt vun enger Campagne, déi Méint virdrun ugefaangen hat. De 15. November 1940 hat de Wehrkreiskommando XII e Büro an der Stad opgemaach. Seng Roll war et, däitsch Bierger déi zu Lëtzebuerg gelieft hunn fir de Militärdéngscht ze rekrutéieren. Lëtzebuerger Fräiwëlleger konnten sech awer och hei mellen, mee de Büro huet dat zu deem Moment nach net aktiv encouragéiert.

Dat huet sech am Summer 1941 geännert, nom Ufank vun der Invasioun vun der Sowjetunioun. Do ass d'Propagandamaschinn wierklech mobiliséiert ginn. Plakater, Filmer, Radiosendungen, Zeitungsartikelen hunn d'Lëtzebuerger dozou opgeruff sech am Kampf géint de Bolschewismus ze engagéieren. D'Schoulen, d'Heimer vun der Hitlerjugend an d'Veranstaltunge vun der VdB si besonnesch viséiert ginn. D'Resultater vun der Campagne ware beträchtlech.

Wou d'Éierung um Lampertsbierg am Juli 1942 stattfonnt huet, hate sech schonn 1.500 Lëtzebuerger fräiwëlleg enroléiert. No de Schätzunge vum belschen Historiker Peter Quadflieg waren 2.000 vun de 11.000 Lëtzebuerger déi wärend dem ganzen 2. Weltkrich, an däitscher Uniform gekämpft hunn Fräiwëlleger. Bedeit dat, datt bal ee Fënneftel vun de Lëtzebuerger déi fir d'Drëtt Räich gekämpft hunn, sech tatsächlech dofir entscheet haten? Dat ass eppes wat een net oft héiert.

Wee waren d'Lëtzebuerger Fräiwëlleger?

Fir d'éischt muss een awer nuancéieren. Ënner deene Fräiwëlleger ware vläicht och Däitscher dobäi, déi net am Mobilisatiounsalter waren, mee trotzdeem kämpfe wollten. Verschidde Fräiwëlleger hunn och nom Krich behaapt, wou se am Kader vun der Epuratioun jugéiert goufen, datt een se a Wierklechkeet gezwongen hat sech ze engagéieren. Dat ass a verschidde Fäll net auszeschléissen. Et muss een awer och bedenken, datt se viru Geriicht all Interêt haten sech esou ze verdeedegen.

Dann goufen et och Profiller wéi dee vum Josef F. Hie war de jéngsten an enger Famill mat 16 Kanner, hat säi Papp verluer wou e ganz jonk war an d'Schoul ganz fréi verlooss, fir schaffen ze goen. Am Ufank vum Krich hat e versicht sech an d'franséisch Friemelegioun z'engagéieren, mee dat war net gaangen. Am Juli 1941 huet en sech schlussendlech fräiwëlleg an der Waffen-SS gemellt. Esou ee wéi den F. hätt sech 5 Generatioune virdru warscheinlech am Napoléon senger Arméi engagéiert, fir der Aarmut z'entkommen an och einfach fir eppes z'erliewen.

An da goufen et déi, déi sech tatsächlech aus purer Iwwerzeegung gemellt hunn. Esou Leit wéi dëse Schëfflenger vun der Totenkopf-Division, dee sengem Ortsgruppenleiter feireg Bréiwer vun der Ostfront geschéckt huet, wéi deen heiten:

"Seit dem 20.6.42 befinde ich mich wieder im Felde und habe jetzt den gewaltigen Vormarsch von Rostow bis zum Kaukasus hinter mir. Er war hart und mühsam. Aber der gewaltige Erfolg liess keine Schlappheit aufkommen. Mit blitzenden Augen und gestähltem Mut ging es immer wieder weiter. Über Berge und Sümpfe, staubige, holperige, verschlammte Wege und Strassen, durch Flüsse und Urwälder, Sonnenblumen- und Maisfelder und dergleichen. Aber der deutsche Soldat wird, wie bisher alle Schwierigkeiten überwinden. Der Sieg wird unser sein."

D'Aféierung vum Militärdéngscht

D'Proportioun vu Fräiwëlleger aus Lëtzebuerg war déi héchst an den annektéierte westlech Gebitter - méi héich wéi am Elsass, méi héich wéi a Loutrengen, méi héich wéi ze Eupen-Malmédy. De Gauleiter Simon war trotzdeem onzefridden. Dat hat vläicht mat sengem Eiergäiz ze dinn, mee vläicht och mat der Tatsaach, datt e schonn ufanks Juli 1942 wosst, datt den allgemenge Militärdéngscht géif agefouert ginn.

Seng Rivalen am Elsass an a Loutrengen, de Gauleiter Wagner an de Gauleiter Bürckel, hate sech schonn am Joer virdru fir dës Mesür ausgeschwat. De Simon hat sech awer zeréckgehalen, vläicht well e verstanen hat, datt eng Majoritéit vu Lëtzebuerger guer näischt vum däitsche Militärdéngscht wollten héieren.

1941 haten den Hitler a seng militäresch Beroder nach gezéckt. Mee ufanks 1942, wou d'Rout Arméi d'Wehrmacht viru Moskau gestoppt an dono souguer zeréckgeschloen huet, koum d'Fro vum Militärdéngscht erëm op den Dësch. Am Februar, huet den Hitler dann d'Propos vum Wagner a vum Bürckel prinzipiell akzeptéiert. D'offiziell Annonce war nach just eng Fro vun der Zäit.

Net de Béisen an der ganzer Geschicht

De 5. Juli 1942 wousst de Gauleiter Simon wat géif kommen a konnt sech vläicht och denken, wéi e gudden Deel vun de Lëtzebuerger géif reagéieren. Dat erkläert warscheinlech firwat seng Ried um Lampertsbierg esou däischter a passiv-aggressiv war; et erkläert och seng Diatrib géint d'wäertlos Kreaturen, mat engem "Hang zur Minderwertigkeit", déi absolut guer näischt vun der neier Zäit verstanen haten.

Iergendwéi wollt e se warnen, datt d'Wehrpflicht géif kommen - mee hinnen och d'Schold dofir ginn. Wann se sech méi fréi a méi massiv engagéiert hätten, war esou eng Entscheedung nimools getraff ginn. Hie war net de Béisen an der ganzer Geschicht, hien hat versicht se positiv ze mobiliséieren. Déi meescht haten awer refuséiert him nozelauschteren. Si waren um Punkt dat deier ze bezuelen.

An der Mediathéik:

Zäithistoriker / / Vincent Artuso
Lauschteren

Méi zum Thema

STÜBBEN PLANG.jpg
Zäithistoriker

1925 huet den Urbanist Josef Stübben e Staderweiderungsplang fir Esch-Uelzecht entwéckelt. Hie woll aus der Industriestad eng gréng Stad maachen. De Stübbenplang ass an Zäite vu Klimakris nees brandaktuell.

Vincent Artuso
Zäithistoriker

Zwee Intellektueller aus den USA hunn d'russesch Attack op d'Ukrain scho virun e puer Joer annoncéiert - ee vun hinne souguer op den Zäitpunkt genau. Wéi fënnt een an der Vergaangenheet Prinzippien, déi d'Zukunft viraussoen?

Net verpassen

Programm

  • Concert - Léiffrawëschdag

  • On air

    Spektrum - The Wombats - Oumou Sangaré

  • Noriichten

  • Spektrum - Caminero Quintet

  • Noriichten

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen