Police Déi nei Kollaboratioun am Kommissariat Atert
Zënter enger Woch schaffe verschidde Policekommissariater mat anere Kommissariater an hirer Regioun zesummen. Dës "Communautés de Commissariats" sollen de Service fir d'Bierger verbesseren. D'Poliziste solle méi flexibel um Terrain schaffe kënnen.
Zënter enger Woch schafft de Policebüro vu Réiden mam Büro vu Rammerech zesummen, ënnert dem Numm Kommissariat Atert. Déi nei Kooperatioun ännert fir d'alleréischt d'Schichten an d'Büroszäite vun de Beamten, esou den Norbert Nilles, Commissaire en Chef vu Réiden.
Méi Disponibilitéit fir de Bierger
Et wéilt ee méi disponibel fir d'Bierger sinn. Vu siwen Auer moies bis néng Auer owes ass op d'mannst eng Patrull am Bezierk ënnerwee. Virdru war et nëmme vun aacht bis sechs Auer. Mee virun allem verbréngen d'Beamten elo manner Zäit um Büro, seet den André Leick, Commissaire en Chef vu Rammerech.
Allerdéngs bedeit dat fir d'Bierger, datt een och mol um Policebureau virun zouenen Diere steet. Dofir wier et am beschten e Rendez-vous mat de Polizisten auszemaachen. Datt awer eng Patrull op d'mannst bis néng disponibel ass, wier e Virdeel fir d'Bierger, seet den André Leick. Doduerch kéinte Leit, déi am Dag schaffen, ee Rendez-vous no der Aarbecht ausmaachen. Mee och de Polizist hätt et méi einfach u Leit ze kommen, well der vill dagsiwwer net erreechbar sinn.
Awer och nom Zesummeleeën existéieren d'Kommissariater vu Rammerech a Réiden weider. De Bierger kéint also och nach op säin aalt Revéier goen, wann hien dat wéilt, sou den Norbert Nilles. "D'Leit hunn nach hir Proximitéit, wou si kënne vertraulech mat engem Beamte schwätzen, dee si vläicht besser kennen."
D'Kommissariat "Atert" muss sech elo ëm 38 Dierfer, opgedeelt op aacht Gemengen, këmmeren. Dat heescht och, datt d'Poliziste méi wäit fuere mussen. Grad déi Patrull, déi moies fréi eleng ënnerwee ass. Och mussen d'Beamte sech un den neie Beräich gewinnen, virdru ware si jo just fir hiren eegene Revéier zoustänneg.
Mangel u Personal bei der Police
Awer och dat géif bedeiten, datt ee méi disponibel fir de Bierger ass, esou den Norbert Nilles. Allerdéngs wier een nieft dem normalen Déngscht och nach bei spezielle Manifestatiounen am Asaz. An da géif et scho mol knapp mam Personal ginn. "Mir sinn och nach do, fir d'Alkoholkontrollen, mir maache Gefaangenen-Transporter, mir ginn op d'Coursen, mir gi lénks a riets och nach gebraucht, sou datt nach heienansdo Nout um Mann ass. A mir net ëmmer kënnen do sinn, wann d'Leit eis froen."
Och den André Leick seet, datt hie gär méi Leit op dem Kommissariat schaffen hätt. Et misst een awer probéieren, déi Aarbecht, déi do wier mat deene Leit z'assuréieren, déi disponibel wieren. Am Moment géifen am ganze Land Beamte feelen.
Pilot-Projet
D'Initiativ fir aacht Kommissariater zesummenzeleeën, ass e Pilot-Projet vun der Police. An den nächsten zwee Joer, ginn déi Police-Büroe vun der Police-Direktioun begleet a kontrolléiert. Da géif weider gekuckt ginn, seet den André Leick.
Am Virfeld goufe fir d’Kommissariater, déi zesummegeluecht goufen, Formatiounen organiséiert. D'Beamte sollte sech kenneléieren an och eventuell Ängschten déi se haten, äusseren. Bis elo géif d'Zesummenaarbecht awer gutt klappen, erklären déi zwee Commissairen. Reklamatioune vu Bierger hätte si och nach net kritt.