Marihuana Déi kanadesch Cannabisindustrie
D'Lëtzebuerger Regierung wëllt Cannabis hei am Land legaliséieren a wëllt sech dobäi um kanadesche Modell orientéieren. Wéi funktionéiert dëse genee an aus wéi enge Feeler ka Lëtzebuerg léieren?
Zanter Oktober 2018 kann een a Kanada ganz legal Cannabis kafen, ziichten, a consomméieren. No Uruguay ass Kanada domadder dat zweet Land op der Welt, dat landeswäit Cannabis legaliséiert huet, an doduerch eng nei Industrie konnt opbauen.
Bis zu 30 Gramm kann ee kafen oder besëtzena muss dofir an der Reegel zéng kanadesch Dollar pro Gramm bezuelen. An dat entweder an engem vun de staatlech lizenzéierte Butteker oder bei Onlinehändler.
D'Demande ass méi grouss wéi d'Offer
An der Praxis gesäit dat awer nach anescht aus, wei d'Journalistin Vanmala Subramaniam erkläert: "Et goufen an den éischte sechs Méint zwar Onlinegeschäfter, mee et konnt een net einfach esou an ee Buttek goen, well et der nëmme ganz wéineg gëtt. Eréischt elo geet déi Zuel erop."
Nëmme 25 Butteker ginn et bis elo zum Beispill an der Provënz Ontario, an där iwwer 14 Millioune Leit liewen. Um leschte Mëttwoch goufe weider 42 Lizenze verdeelt. D'Entscheedung, wéi a vu wiem Cannabis dierf verkaaft ginn, läit bei de Regierunge vun den eenzele Provënzen, mam Resultat, datt et hei immens Ënnerscheeder gëtt. Mee och allgemeng huet d'Industrie nach vill Problemer, seet d'Vanmala Subramaniam, fir Demande an Nofro openeen ofzestëmmen.
D'Regulatioune si strikt
Schold doru wiere virun allem déi strikt staatlech Regulatioune fir déi Firmen, déi Cannabis ziichten an déi, déi e verkafen. De Lucas McCann ass Grënner vun enger Berodungsfirma zum Thema Cannabis a mengt, datt grad déi Reegelen eng Stäerkt vun der Industrie sinn. "De wichtegsten Aspekt vun eiser Regulatioun ass d'Sécherheet vun de Consommateuren.", seet hien. "Ech si frou, datt de Standard vun den Analysen an Tester zum Produit esou héich läit."
Am Verglach zu amerikanesche Staate wéi Kalifornien oder Colorado, wou Cannabis legal ass, wieren d'Precautiounen, wat zum Beispill Pestiziden oder eng geséchert Lagerung ugeet, vill méi héich a Kanada, seet hien. Grad wéinst de strikte Reglementer kann awer d'Nofro och elo dacks nach net gedeckt ginn, wat dozou bäidréit, datt um Schwaarzmaart ëmmer nach däitlech méi Cannabis am Land verkaaft gëtt, seet d'Journalistin Vanmala Subramaniam: "De Schwaarzmaart boomt nach ëmmer, an de legale Marché huet dorun net all ze vill verännert, mee et muss ee sech och virun Aen halen, datt d'Legaliséierung mol nach kee Joer hier ass, an et een immens komplexe Projet ass."
De Lucas McCann ass zouversiichtlech, datt dee Problem sech geschwë vum selwe léisst:
"Kanadier denken elo méi doriwwer no Cannabis legal ze kafen an ze ziichten an ech denken, dat wäert dofir suergen, datt de Schwaarzmaart sech wäert opléisen."
Cannabis: net nëmme fir ze fëmmen
Um Enn vum Joer sollen och sougenannten Edibles, also Iesswueren an aner Produite mam Wierkstoff THC, legal verkaaft ginn. De McCann rechent hei mat enger grousser Nofro: "Doduerch wäerte mir een enorme Wuesstem erliewen, well Cannabis an anere Formen op eemol fräi an Apdikten ze kafen ass an als natierlecht Gesondheetsmëttel unerkannt gëtt."
D'Vanmala Subramaniam ass méi virsiichteg mat Prognosen. Och virun engem Joer wiere vill Versprieche gemaach ginn, déi herno net konnten agehale ginn. Wou béid sech eens sinn, ass datt de kanadesche Modell duerchaus exportfäeg ass, mee vläicht nach déi eng oder aner Modifikatioun bräicht.