International De Verbuet vu Chemiewaffen

Den Asaz vu chemesche Waffen am Krich ass zanter der Chemiewaffekonventioun vun 1997 vëlkerrechtlech verbueden. Trotzdem geschéien ëmmer erëm Attacken, an dat virun allem op d'Zivilbevëlkerung. Beweisen, wie fir esou en Ugrëff verantwortlech ass, kann ee kaum.

Claude Biver

Kontroll vu Chemiewaffen
Foto: Bigstock / STRINGER Image

Et si mëttlerweil iwwer 70 presuméiert Ugrëff mat chemesche Waffen, déi am Biergerkrich a Syrien bis ewell geschitt sinn. D'Zuele vun den Affer variéieren, et gëtt deelweis vun Honnerte Verletzten an Doudesaffer geschwat.

Den éisträichesche Fuerscher Gustav Gressel vum Thinktank European Council on Foreign Relations erkläert am Gespréich, wisou de Gebrauch vu Chemiewaffen sou schwéier anzedämmen ass. Déi chemesch Waffe si vill méi brutal wéi déi konventionell Waffen, an et ass net ëmmer méiglech festzestellen, wien hanner enger presuméierter Attack steet.

Et gëtt zwar eng Chemiewaffekonventioun, déi den Asaz verbitt an den Ofbau vu Chemiewaffe festhält, mee d'Kontroll vun der zoustänneger Organisatioun OPCW erweist sech net ëmmer als einfach. Dacks feelt hinnen den Accès, an d'Hierstellung vun de Chemiewaffe léisst sech relativ einfach verstoppen. De Gustav Gressel erkläert och d'Problemer un der Chemiewaffekonventioun.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Claude Biver
Lauschteren

Méi zum Thema

Rick Mertens Analys
Loftugrëff a Syrien

Déi däitsch Kanzlerin huet ausgeschloss, datt d'Bundeswehr sech u Militärugrëff a Syrien bedeelegt. Trotzdeem lueft d'Angela Merkel d'Virgoe vun hire westlechen Alliéierten. Wéi passt dat zesummen?

Donald Trump
Donald Trump

Eng Rakéitenattack géint Syrien schéngt nëmmen nach eng Saach vun der Zäit. Déi alliéiert Natioune sichen nach no konkrete Beweiser. Den Donald Trump huet säin nächst Manöver op Twitter annoncéiert.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen