Relioun a Politik De Succès vum Salafismus an Afrika

Net nëmmen am Mëttleren Osten kämpfe regional Muechte fir hire politesch-reliéis-ideologeschen Afloss ze halen. Saudiarabien an den Iran hunn hir jeeweileg Interessien a bekriche sech indirekt a verschiddene Länner am Mëttleren Osten. D'saudescht Kinnekshaus a säi reliéis-ideologeschen Apparat ass och aktiv um afrikanesche Kontinent, fir do säi reliéisen Afloss auszedehnen. D'Nathalie Oberweis huet mam bekannte franséische Politolog an Islamolog Olivier Roy geschwat.

Nathalie Oberweis / cz

Moschee vum Prophéit_Saudiarabien
Moschee vum Prophéit a Saudiarabien / Foto: Bigstock /hikrcn

A Westafrika wiisst villes net: d'Wirtschaft net an d'Reduktioun vun der Aarmut a vun der Zuel vun de Mënschen, déi Honger leiden och net. Awer d'Bevëlkerungszuel an d'Wüst wiisst a breet sech aus. A Moscheeë wuesse wéi Champignonen aus dem Buedem.

Vill vun dëse Moscheeë sinn awer keng, wou d'Relioun op déi traditionell Aart a Weis ausgeluecht a gelieft gëtt. Dacks sinn dës mat arabeschen a spezifesch saudesche Sue gebaut ginn. Gebietshaiser, Koranschoulen a Klinike ginn an den äermsten Deeler vu Westafrika mat saudesche Finanzsprëtze gebaut. Mat dëse Suen exportéiere saudiarabesch Koranschoulen a Privatleit de Wahhabismus an déi salafistesch Ideologie. Betraff si virun allem de Senegal, de Mali, d'Guinea, den Tschad an Nigeria.

D'salafistesch Präsenz an Afrika, dat sinn afrikanesch Jonker, déi no hire Koranstudien aus Saudiarabien oder aus de Golfstaaten erëmkommen an Netzwierker vu Priedeger a Moscheeën a kleng reliéis Schoulen opgebaut hunn. Saudiarabien gëtt bis zu Zéngdausende jonke Westafrikaner Accès zu enger Bourse, sou den Olivier Roy weider. Vill Jonker géingen dës Bourse dacks aus Mangel u Perspektiven um lokale Plang unhuelen.

D'salafistesch Ideologie hätt grousse Succès a Westafrika an dat wier op eng Rei Facteuren zeréckzeféieren. Op där enger Säit wiisst d'Mass vun de Mënschen, déi an Aarmut liewen. A Länner wéi Guinea a Senegal besteet eng Schéier tëscht dëser Mass an enger gewëssener Elite vun e puer Soufi-Famillen, déi traditionell d'Soen hätten. Am Kontext vun der Urbaniséierung an dem Landexod vu Jonken, déi keng Aarbechtsplaze fannen, ass de Message vun den neie salafistesche Priedeger besonnesch interessant. De Message riicht sech géint d'Privileegie vun enger Elite a priedegt Gläichheet, e quasi revolutionäre Message.

An der Mediathéik:

Globus / /
Lauschteren

Méi zum Thema

EU Chefdiplomatin Federica Mogherini an irnaeschen Ausseminister Mohammad Javad Zarif
EU-Aussepolitik

Den Donald Trump huet sech kloer hannert d'Demonstranten am Iran gestallt, d'EU hält sech méi zréck. Et gëtt op alle Fall um Atomdeal festgehalen, sou den Haaptmessage. D'EU huet och ekonomesch Interêten.

Karim El Khmlichi.JPG
Radikalismus am Prisong

De Prisong als Rekrutéierungsplaz fir de radikalen Islam? Ze kuerz gegraff, fënnt de Karim El Khmlichi, Psycholog a Prisongsdirekter am Bréisseler Quartier Saint-Gilles.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen