Reesen De Phenomen Overtourism
Ëmmer méi Leit kënne sech Reese leeschten. Eleng zejoert gouf et 1,6 Billioune Reesen. Tourismus ass domat zu enger vun den Haaptakommesquelle fir vill Destinatioune ginn. Dat huet awer och seng negativ Säiten. Eng iwwerfëllte Stad bréngt eng Partie Konflikter mat sech.
D'Croisièrë sti moies virum Hafen an der Schlaang, d'Fligere soueren am Minuttentakt iwwer Barcelona. Mam Taxi sinn d'Touriste séier un de Ramblas. Gaudi, Paella, Party, alles ass méiglech, och, wann ee just een Dag Zäit huet.
Stied leiden ënner ze vill Tourismus
D'Attraktivitéit vun der Stad, déi no den Olympesche Spiller 1992 zu enger vun de beléiftste Vakanzendestinatiounen an Europa gouf, ass net fir jiddweree positiv, esou den Awunner Edu. Den ëffentleche Raum wier zur "Massewuer" ginn an et géif e Manktem u Wunnenge ginn. "De Präis fir hei ze liewen ass exponentiell an d'Luucht gaangen", beklot hie sech.
Barcelona ass just eng vu ville Plazen, déi mam Phenomen Overtourism ze kämpfen huet. Den Tourismusfuerscher Jürgen Schmude vun der Uni München erkläert, datt wann eng Plaz déi vill Touristen net méi verdréit, géif ee vun Overtourism schwätzen. "Dat ka physesch, ekologesch oder ekonomesch sinn."
Leit reese méi dacks
Dacks ginn an deem Zesummenhang Hotspots wéi Venedeg, Dubrovnik a Santorini genannt. D'Manéier vum Reesen hätt sech geännert, sou de Fuerscher. Kuerz Reese sinn ëmmer méi beléift ginn, mee dofir verreesen d'Leit wesentlech méi dacks am Joer. Dat géif mat sech bréngen, datt grad Stied als Reesdestinatioun méi attraktiv goufen.
Overtourism wier awer kee rezente Phenomen, esou de spueneschen Tourismusfuerscher Claudio Milano. Konflikter tëschent Residenten an den Touristemasse géif et scho laang ginn. Déi grouss Mobilitéit, déi duerch Bëllegflich an erschwénglech Croisièrë méiglech goufen, wier awer nei. Eng Mëttelschicht, déi ëmmer méi grouss gëtt, hätt elo ganz aner Méiglechkeeten a Wënsch ze reesen.
Nei Konzepter si gefrot
Mat den Touriste komme weider Nodeeler an d'Stied: vill benotzten Einwegverpackungen, iwwerlaaschten ëffentlechen Transport, Souvenirsgeschäfter a maache Kaméidi bis an d'Nuecht.
Et hätt ee kee Patentrezept fir nohaltegen Tourismus, seet de Jürgen Schmude, mee et bräicht een nei Konzepter fir Touristen, sou datt si net méi all zur selwechter Zäit op déi selwecht Plaz kommen. Zu Amsterdam géif et den Amsterdam Beach ginn, datt net all d'Touristen am Zentrum wieren. Zu Berlin géife sougenannt 1B-Standpunkten den Touristen, déi méi dacks kommen, d'Stad erëm méi attraktiv maachen.
Éischt konkret Mesuren
Déi éischt Stied huelen elo Mesuren. Zu Venedeg dierfen no engem Accident vu September u keng grouss Schëffer méi erafueren. Zu Dubrovnik a Santorini dierfe just eng limitéiert Zuel vu Leit den Dag vun de Croisièren. Zu Barcelona goufen Dausende vun Touristewunnengen zougemaach, déi ouni déi néideg Lizenzen iwwer Aidbnb ugebuede goufen. D'Onlineplattform muss elo mat Geldstrofe rechnen.
Fir de Claudio Milano vun der Uni Lleida sollen d'Acteuren am Tourismussecteur hire Succès net méi nëmmen un der Zuel vun den Touriste moossen. Et bräicht een e Paradigmewiessel: den Tourismus ass momentan nach wéineg reguléiert, de Marché an de Privatsecteur géifen hei dominéieren. Dowéinst fuerdert de Claudio Milano, datt den Tourismus méi streng reguléiert soll ginn. "Eng erfollegräich Touristestad soll eng Stad sinn, wou et würdeg Aarbecht an Aarbechtskonditioune ginn, Chancëgläichheet an Nohaltegkeet."
Fir vill Awunner vu Barcelona bleift de Massentourismus fir de Moment awer eng Rechnung, bei där si schlecht ewechkommen.