Ressourcëverbrauch De Lëtzebuerger Overshoot Day

De 16. Februar war de sougenannten Overshoot Day fir Lëtzebuerg. Deemno huet Lëtzebuerg déi Ressourcë verbraucht, déi dem Land theoretesch fir ee Joer zur Verfügung stinn. an déi d'Natur nees am Laf vun dësem Zäitraum hierstelle kann. Gerechent ginn dës Date vum Global Footprint Network, eng international Fuerschungsorganisatioun.

Pit Walté / cbi

D'Äerd
Lëtzebuerg huet seng Ressourcë fir 2020 schonn opgebraucht. Foto: Bigtock / raspirator

Am Verglach mam leschte Joer huet Lëtzebuerg sech nach ëm dräi Deeg verschlechtert, 2019 war dësen Dag nach den 19. Februar. An domadder kënnt Lëtzebuerg dann nees, wéi schonn 2019 op déi zweete Plaz, just de Katar hat mam 11. Februar méi séier d'Ressourcë verbraucht, déi d'Natur nees an engem Joer regeneréiere kann.

Wéi vill verbraucht Lëtzebuerg

Fir dësen Overshoot Day ze rechne consideréiert de Global Footprint Network wéi vill, wéi si et nennen, biologesch produktiven Terrain e Land brauch fir d'Bedierfnesser vu sengen Awunner ze befriddegen. Plaz fir Liewensmëttel, fir Holzofbau an aner Produktiounen, Bësch fir den CO2 ze absorbéieren an och Terrain fir Infrastrukturen opzebauen. Donieft ginn och Import an Export mat aberechent.

All Land kritt e Wäert a sougenannte Global Hectares, also wéi vill biologesch produktiv Flächen e Land brauch fir Ressourcen hierzestellen an den entstanene Knascht ze absorbéieren. Dat verrechent een da mat dem reelle Verbrauch vum Land, bei deem ee sech op Zuele vun de Vereenten Natioune berifft. D'Differenz gëtt de positiven oder negativen ekologesche Foussofdrock vum Staat un.

Aacht Mol d'Ressourcë vun der Äerd

Kuckt ee sech Lëtzebuerg un, dann huet d'Land eng Biokapazitéit vun 1,8 Global Hectares pro Persoun, also pro Lëtzebuerger Awunner stinn 1,8 Hektar zur Verfügung fir d'Bedierfnesser ze erfëllen. Dee reelle Wäert dee mer verbrauche läit awer bei 15,3 Hektar pro Persoun, woubäi dee gréisste Faktor den CO2-Ausstouss ass. Dat heescht, mir hu bei der Biokapazitéit en Defizit, a wa weltwäit jiddwereen esou géif liewe wéi mir hei zu Lëtzebuerg, géife mer dem Global Footprint Network no an engem Joer ronn aacht Mol déi natierlech Ressourcë vun der Äerd verbrauchen.

Et muss een awer wëssen, datt sech de Global Footprint Network bei senge Kalkulatiounen deelweis op UN-Zuelen aus dem Joer 2016 baséiert, well méi aktuell Daten nach net accessibel sinn. Dat heescht, dës Resultater kéinten och nach variéieren.

Méi Informatioune fënnt een ënner www.overshootday.org oder www.footprintnetwork.org.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Massentourismus an den Alpen
Klimawandel

Den Tourismus huet en negativen Effekt op d'Alperegiounen um sozialen, kulturellen, ekonomeschen an ekologesche Plang, esou de bekannten däitschen Alpefuerscher Werner Bätzing am 100,7-Interview.

Claude Seywert Riicht Eraus
Energiertransitioun

"Mir si prett fir d'Energietransitioun an d'Ëmsetzung vum Energie- a Klimaplang", seet dee Claude Seywert, CEO vum Lëtzebuergesche Stroumkonzern Encevo, deen elo viru groussen Erausfuerderunge steet.

Permafrostbuedem a Russland
Reen a Bou

Als Permafrascht bezeechent een déi Deeler op der Äerd, wou de Buedem permanent gefruer ass. Wat et genee domat op sech huet, a wat fir eng Roll dësen a Punkto Klimawandel spillt, analyséiert de Philippe Ernzer.

Anders Levermann im Gespräch
Klimaschutz

D'Klimakäschte wieren am niddregsten, wann d'Äerderwiermung weltwäit op zwee Grad begrenzt gëtt. Dat ass d'Conclusioun vun enger rezenter Etüd, déi d'Käschte vum Klimaschued mat de Käschte vum Klimaschutz verglach huet.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen