Engagéiert Awunner suerge fir neie Wand "Dat Duerf, dat bougéiert"
Koler wëll net just en Duerf sinn, duerch dat ee fiert fir vu Garnech op Klengbetten ze kommen. Dofir entstinn hei Konscht a Kultur duerch d'Initiativ vu sengen engagéierte Bierger. Si sinn et, déi mat sollen decidéieren, wéi sech hiert Duerf soll entwéckelen. Lues a lues entsteet en neien Duerfzentrum mat eegenem Kino an e fräien "Urban Art Museum".
Zanter dësem Joer entsteet zu Koler, an der Gemeng Garnech, en "Urban Art Museum", erzielt den Alain Welter. Den 23-Joer ale Kënschtler sprayt fir seng Ofschlossaarbecht op der Fachhéichschoul zu Berlin d'Haiser a sengem Heemechtsduerf Koler mat Graffiti un. "Make Koler Kooler" nennt hie säi Projet. Säin Duerf soll duerch d'Konscht opgewäert ginn.
Konscht als Dialog mat de Bierger
17 Haiserwänn, Maueren oder Garagen, sprayt den Alain Welter fir säin Ofschlossprojet mat Motiver faarweg, déi Koler sollen erëm spigelen. Fir de Konschtstudent war et eng Erausfuerderung, well hie sech dofir mat der Identitéit vum Duerf huet missten auserneesetzen.
"Ech hu probéiert erauszefanne wat Koler ausmécht. Et ass kee grousst Duerf, et ginn och net esou vill Elementer. Mat der Kierch, der neier Bréck an enger Kou fir d'Landliewen hunn ech probéiert dëst duerzestellen."
D'lescht Joer huet den Alain Welter säi Konscht-Projet op der Garnecher Gemeng virgestallt. Säin Dossier hätt direkt iwwerzeegt, erzielt de Georges Fohl, Buergermeeschter vu Garnech. Et wier wichteg, datt Konscht den Dialog fërdert an d'Leit sech mam Duerf kéinten identifizéieren. Koler wier elo een Duerf dat bougéiere géif an dat och Leit aus anere Gemenge géif opfalen.
"Wa mir all déi véier Dierfer zu Garnech esou bougéiert kréien, dann hu mir vill areecht. Dann hu mir déi Investitiounen, déi mir dora stiechen bei wäitem zeréck, well et eben einfach eppes Positives ass."
Biergerbedeelegung fërderen
En Duerf géif Awunner brauchen, déi mat decidéiere géife wéi sech d'Gemeng entwéckelt, sou de Georges Fohl. Virun deem Hannergrond hat d'Gemeng Garnech viru fënnef Joer eng Initiative lancéiert, fir d'Biergerbedeelegung ze fërderen. A "World-Caféen" hu sech d'Bierger getraff an driwwer diskutéiert, wat si an der Gemeng am Meeschte brauchen.
2013 huet sech doraus d'Asbl "Koler-Bierger" gegrënnt, esou de Jules Barnig, Vize-President vun de Koler Bierger. Et wier fir d'Gemengeninteress an den eenzelen Uertschaften ze verdeedegen a matschwätzen ze kënne wann zum Beispill eppes net klappe géif an een intervenéiere misst.
"An dofir fannen ech et och esoueng fantastesch Iddi vun der Gemeng, datt mir kënnen als Tëscheninstanz figuréieren tëscht dem wat d'Leit gären hätten a wat d'Gemeng villäicht soss ni géif gewuer ginn."
An deenen Diskussioune koum eraus, datt sech d'Bierger vu Koler en eegene Kino géife wënschen, esou de Jules Barnig. D'Iddi wier komm, well et an der Gemeng géif dräi Filmclibb ginn. Dat sollt awer kee grousse Kino ginn, ma éischter e klenge Sall, an deem eng 45 bis 50 Leit Plaz géife fannen.
Awunner och beim Plange mat abannen
De Kino mam Numm "Kinoler" ass Deel vum neien Duerf-Zentrum, dat d'nächst Joer an der aler Schoul soll entstoen, sou de Jules Barnig. D'Gebai besteet donieft nach aus engem Festsall, enger professioneller Kichen, engem Sall fir de Club des Jeunes a Versammlungsraim, déi vu Veräiner a vun de Bierger kënne genotzt ginn.
Grad bei sou Projete wier et wichteg, d'Awunner an d'Plange mat anzebannen, seet de Buergermeeschter vu Garnech Georges Fohl.
"Dann identifizéiere si sech mat dem Projet a si gebrauchen et och. Et huet kee Sënn fir iergendeppes dohin ze setze wat schéin deier ass an am Endeffekt net gebraucht gëtt."
Projet vun 2,9 Mio. Euro
De ganze Projet vum Duerfzentrum wäert eng 2,9 Milliounen Euro kaschten, woubäi de Kinossall selwer mat der technescher Installatioun ronn een Drëttel ausmaache géif, seet de Garnecher Buergermeeschter. Den Duerfzenter wier de Projet vun der Gemeng, dee si och géife finanzéieren. Obwuel si awer och vill vun de verschiddene Ministèren géife finanziell ënnerstëtzt ginn, géif nach ee seriöe Montant iwwereg bleiwen.
De Kino am Duerf-Zentrum wäert Member vum "Centre de Diffusion et d'animation cinématographique", kuerz CDAC, ginn, engem Grupp, deen déi kleng Kinoe geréiert, esou de Georges Fohl. Ëm déi ganz Gerance vum Gebai wäert sech allerdéngs den Interesseveräin vun de Koler-Bierger këmmeren. D'Zil wier et, d'nächst Joer och den Documentaire vun der Asbl "Koler Movies" iwwer dem Alain Welter säi Konschtprojet "Make Koler Kooler" am Kino ze presentéieren.
"Normalerweis wann ee seet wou läit Koler dann huet et ëmmer geheescht ma den Ikea do dernierft, da wosst jidderee Besched awer et wär méi flott wann ee géif soe wou läit den Ikea? Ah bei Koler!"