Zäithistoriker D'Universalistin

D'Andrée Viénot, gebuere Mayrisch, war d'Duechter vun der Aline de Saint-Hubert a vum Emile Mayrisch, Grënner an éischte Patron vun der ARBED. Si war awer virun allem eng Sozialistin, eng Resistenzlerin, an eng antikolonial Aktivistin. De 25. Juni 1946 war si déi éischt Fra, déi an eng franséisch Nokrichsregierung ernannt gouf. Eigentlech war si och déi éischt gebierteg Lëtzebuergerin, déi eng ministeriell Verantwortung krut. Am Mäerz 2019 gouf zu Diddeleng eng Strooss no där Fra benannt, déi gréisstendeels aus der kollektiver Erënnerung verschwonne war. Eng Chronik vum Vincent Artuso

Vincent Artuso / cbi

Vincent Artuso
Den Zäithistoriker Vincent Artuso. Foto: Archiv

De 25. Juni 1945 gouf déi éischt Lëtzebuerger Fra an eng Regierung ernannt. Eng Sozialistin, eng Feministin, eng Resistenzlerin an eng engagéiert antikolonial Aktivistin. Déi Fra huet Andrée Viénot geheescht. Dat war den Numm vun hirem, zu deem Zäitpunkt, verstuerwene Mann, de Pierre Viénot, op der Säit vun deem si sech 20 Joer laang engagéiert hat. Mat deem si duerch eng authentesch politesch Partnerschaft verbonne war. Hire Gebuertsnumm war awer Mayrisch.

Eng antikonformistesch Erzéiung

D'Andrée Maria Mathilde Mayrisch gouf de 7. Juni 1901 zu Diddeleng gebuer, d'Duechter vum Stolmagnat Emile Mayrisch, dem Matbegrënner an éischte Patron vun der ARBED, a vun der Mäzenin a Philantropin Aline de Saint-Hubert. Si huet also engem extrem privilegiéierte Milieu ugehéiert, der Kast vun enk ënnertenee verflechte Lëtzebuerger Dynastien, déi d'Politik an d'Ekonomie dominéiert hunn.

Hir Eltere ware sécherlech Aristokraten, vum Genre awer deen e progressisteschen a fräidenkeresche Stil kultivéiert huet. Dem Schnucki, wéi d'Andrée zäertlech genannt gouf, hu si eng Educatioun ginn, déi fräi war vun de Konventiounen, déi zu dëser Zäit op de Meedercher gelaascht hunn.

D'Andrée huet sech ganz jonk bei de Scouten engagéiert. Mat sozialistesche Studentekreesser koum si am Ufank vun den 1920er Joren a Kontakt, wärend hirem Studium op der London School of Economics. Wéi d'Andrée op Lëtzebuerg zeréckkoum huet si eng Zäit laang d'sozial Déngschter vun der ARBEB geleet.

Si huet och hiren Eltere gehollef, déi sech nom Éischte Weltkrich fir eng däitsch-franséisch Versönung agesat hunn. Esou huet si déi Perséinlechkeete kennegeléiert, déi reegelméisseg am Kolpecher Schlass op Besuch waren: Staatsmänner wéi de Walther Rathenau, Schrëftsteller wéi den André Gide, Soziologe wéi den André Siegfried oder Philosophe wéi de Karl Jaspers.

1926, hunn den Emile Mayrisch an d'Aline de Saint-Hubert d'Initiativ vun engem jonke franséische Jurist ënnerstëtzt. Mat hirer Hëllef huet de Pierre Viénot de Comité d'études franco-allemand gegrënnt. D'Zil vun dësem Comité war et d'ëffentlech Meenung a Frankräich an an Däitschland am Sënn vun der géigesäiteger Verstännegung ze beaflossen.

Politesch Liewenspartner

D'Andrée huet sech am Comité agesat, de Pierre kennegeléiert. Wéi hien 1929, wéinst internen Differenzen, de Comité franco-allemand verlooss huet, hunn déi zwee sech bestuet. D'Koppel huet sech doropshin zu Rocroi, an de franséischen Ardennen, niddergelooss. Do gouf de Pierre 1932 zum Deputéierte gewielt.

1936, dräi Joer nodeems den Hitler an Däitschland un d'Muecht komm war, gouf de Léon Blum Chef vun der franséischer Regierung. Den éischte Judd an dëser Positioun. Seng Majoritéit huet op enger Koalitioun vu lénke Parteie berout, dem Front populaire, zu deem och dem Pierre Viénot säi reformistesche Parti républicain-socialiste gehéiert huet.

De Pierre gouf an der éischter Blum-Regierung zum Ënnerstaatssekretär fir d'franséisch Protektorater an der arabescher Welt ernannt. D'Andrée stoung him offiziell als Beroderin zur Säit, huet hien a senge Beméiungen encouragéiert d'Onofhängegkeet vu Syrien a vum Libanon virzebereeden.

D'Andrée hat iwwerhaapt en decisiven Impakt op dem Pierre säi politesche Parcours. Den däitschen Historiker Guido Müller schreift, datt si hire Mann, deen eigentlech aus engem kathouleschen, nationalistesche Milieu koum, zum Sozialismus bruecht huet. Kuerz virum Krich ass de Pierre dann och schlussendlech der Section française de l'Internationale socialiste - kuerz SFIO - bäigetrueden, wou seng Fra schonn zanter Jore militéiert hat.

No der franséischer Nidderlag huet de Pierre Viénot zum Grappvoll Deputéiert gehéiert, déi versicht hu mam Passagéierschëff Massilia an Nordafrika ze goen, fir vun do aus de Krich weiderzeféieren. Si goufen awer verhaft a vum Vichy-Regime wéi Landesverréider behandelt.

Wärend de Pierre am Prisong souz, huet d'Andrée däitsch Flüchtlinge gehollef. Si huet och Kontakt zu der Resistenz opgeholl an zu der geheimer Rekonstruktioun vun der SFIO bäigedroen. Nom Pierre senger Befreiung huet d'Koppel sech bis op London duerchgeschloen, wou de Pierre awer den 20. Juli 1944 gestuerwen ass.

Parlamentarierin a Ministerin

Am November 1944 huet d'Andrée un der Konferenz deelgeholl, déi d'Opersteeung vum Parti socialiste SFIO offizialiséiert huet. Zu deem Zäitpunkt gouf si och vun hirer Partei ausgewielt fir an der Assemblée consultative ze sëtzen. D'Presenz an dëser provisorescher Chamber vun der Andrée souwéi 11, dono 15, anere Frae war eng Revolutioun. Nom Zweete Weltkrich kruten déi franséisch Fraen d'Rechter unerkannt, déi d'Republik hinne laang refuséiert hat: wielen a gewielt ginn.

Am Juni 1946 huet d'Andrée Viénot dann och d'Walen an der Circonscriptioun vu Rocroi gewonnen. De 25. Juni krut si de Poste vun der Ënnerstaatssekretärin fir Jugend a Sport. Domadder war si déi véiert Fra, déi a Frankräich zu enger ministerieller Funktioun ernannt gouf. Si ass och eng vun dräi Fraen, déi an der Quatriéme République Member vun enger Regierung war.

Eigentlech war si och déi éischt gebierteg Lëtzebuergerin an enger Regierung. Déi éischt Fra an enger Lëtzebuerger Regierung war d'Madeleine Frieden-Kinnen, déi 1967 - also 21 Joer méi spéit -, Staatssekretärin fir Famill, Jugend an Erzéiung gouf.

Als Staatssekretärin huet d'Andrée Viénot de Corps des inspecteurs de la jeunesse et des sports gegrënnt. Si huet och versicht, d'Subventioune fir konfessionell a politesch Veräiner ze sträichen, fir den ëffentleche Schoulen d'Prioritéit ze ginn. Hir Ambitioun war et, nom Krich, d'Jugend souwuel kierperlech wéi och séilesch ze stäerken.

Am Januar 1947 huet d'Andrée, no enger Ëmbildung vun der Regierung, hire Poste verluer. Am November huet si och hire parlamentaresche Mandat opginn, fir sech ëm hir Kanner ze këmmeren. Dat politescht Liewen huet si trotzdeem net komplett opginn. Si war weiderhi Conseillère Générale vum Canton de Rocroi. A vun 1953 bis zu hirem Doud, war si Buergermeeschtesch vu Rocroi. Si ass och extrem aktiv bliwwen a Veräiner wéi der Ligue des droits de l'homme, der Ligue de l'Enseignement oder dem Mouvement socialiste pour les États-Unis d'Europe.

D'Wäerter virun der Partei

An deene Joren huet d'Andrée Viénot och leidenschaftlech fir d'Dekolonisatioun militéiert. Nodeems d'Fransousen 1947 eng Revolt a Madagaskar bluddeg niddergeschloen haten, huet si d'malgache Deputéiert, déi zum Doud verurteelt gi waren, ëffentlech ënnerstëtzt. No hirer Amnestie huet si si bei sech doheem opgeholl. D'Andrée huet och den Habib Bourguiba logéiert, de spéideren éischte President vun der tuneesescher Republik, wéi deen nach vun de kolonialen Autoritéite gesicht gouf.

Deen Engagement huet d'André schlussendlech och zum Broch mat der eegener Partei geféiert. Am Mee 1956 hunn de sozialistesche Regierungschef Guy Mollet a säi jonke Justizminister, e gewësse François Mitterrand, der Arméi d'zivil a militäresch Vollmuechten an Algerie ginn. E Puer Wochen duerno koum et zu engem heftege Gestreits tëschent dem Mollet an der André Viénot. Am November huet si hir Partei definitiv verlooss an d'Grënn an engem offene Bréif duergeluecht:

"Aujourd'hui, il ne m'est plus possible de rester dans un parti dont les dirigeants, ayant accédé au gouvernement, ont renié non seulement les promesses faites aux électeurs, mais toute leur morale et toute la tradition du socialisme".

D'André Viénot ass da spéider enger neier Struktur bäigetrueden, dem Parti socialiste unifié. Dee PSU war ee vun den Haaptvertrieder vun der Deuxième Gauche. Eng Stréimung vum franséische Sozialismus, déi souwuel d'kolonial Skleros vun der SFIO, wéi och den Totalitarismus vun der kommunistescher Partei verworf huet, souwuel de Marxismus wéi de franséischen Zentralismus, déi sech fir méi Autonomie fir de Bierger an de Salarié agesat huet.

D'André Viénot ass 1976 gestuerwen. Si war gréisstendeels an hirem Heemechtsland vergiess, bis d'Gemeng Diddeleng am Joer 2019 eng Strooss no hir benannt huet. Si war eng antikonformistesch a staark Perséinlechkeet, déi keng héijer Gewalt ageschüchtert huet - net mol déi vum sozialen Determinismus a vun de Virurteeler.

An der Mediathéik:

Zäithistoriker / / Vincent Artuso
Lauschteren

Méi zum Thema

Denis Scuto
Zäithistoriker

Diktatorialgesetz vun 1915, Maulkuerfgesetz vun 1937. Den Zäithistoriker Denis Scuto geet op dës historesch Referenzen an, déi am Kader vun der Verlängerung vum Etat de crise dëser Deeg dacks ernimmt goufen.

Denis Scuto
Zäithistoriker

A senger Chronik geet den Zäithistoriker Denis Scuto op d'Vergläicher tëschent Coronavirus a Spuenescher Gripp an.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen