Spëtzesportler a Corona-Zäiten "D'Coque ass eng grouss Erliichterung"

D'Corona-Kris trefft och Sportler haart: fir déi nächst Méint sinn all international Kompetitiounen ofgesot. Aktuell sinn d'Trainingsméiglechkeete net fir all Sportaarten evident. De COSL ënnerstëtzt seng Sportler.

Sophie Morang / cz

Heinz Thews
Heinz Thews (Archivfoto)

Vum 4. Mee u kënne Spëtzesportler erëm an der Coque trainéieren. "Dat war dës Woch eng super Noriicht" - seet den techneschen Direkter vum COSL - den Heinz Thews. Et wier eng enorm Erliichterung fir Sportaarten, un deenen een net dicht kann trainéieren. Wuel kéinten d'Schwëmmer zum Beispill Kraafttraining doheem maachen. Mee si kéinten eben do net schwammen. Eng Situatioun, déi elo scho sechs Wochen dauert. "Do huelen d'Leeschtunge ganz séier of", seet den Heinz Thews.

D'Coque soll nom 4. Mee "the safest place" ginn, déi méiglech ass. Et hätt een dofir e ganze Mesurëkatalog, exkläert den Heinz Thews. Esou solle fënnef Meter Ofstand gehale ginn, d'Geräter géifen desinfizéiert ginn, asw. Et wier einfach wichteg, datt d'Sportler erëm kéinte richteg aktiv ginn, seet de Vertrieder vum COSL.

Grouss Kreativitéit

Den Olympesche Comité wier awer begeeschtert, wat fir eng Kreativitéit d'Sportler bis elo gewisen hätte fir sech Trainingsmesuren och doheem ze schafen. Athleten, déi sech scho fir déi Olympesch Spiller vun 2020 qualifizéiert haten, wäerten dat och fir 2021 bleiwen, erkläert den Heinz Thews. Dat wier ee vun hire Motivatiounsgrënn fir weider intensiv ze schaffen.

Basisofsécherung

De COSL huet dofir gesuergt, datt den Athleten hir Olympiaverträg bis 2021 weiderlafen. Vill Athlete wieren och Sportzaldoten. Et wier een optimistesch, datt déi, deenen hir Déngschtzäit virun de Spiller 2021 ausleeft, dat bis dohinner weider kënne bleiwen. Dat alles géif de Sportler erlaben, eng Basisofsécherung ze hunn, esou den Heinz Thews.

Méi zum Thema

Basketball
Basketball

Den aktuelle Statuten no dierfe Lëtzebuerger Basketveräiner just dräi non-JICL-Spiller asetzen. Nieft amerikanesche Profispiller ginn et awer Fäll, déi nach net gekläert sinn. D'FLBB wëllt déi elo klären.

Coque
Cour des Comptes

Am Rapport iwwer Établissement publicen ass opgefall, datt de fréieren Direkter vun der Coque eng ze héich Pensiounsindemnitéit ausbezuelt krut. Et kéint sinn, datt hien déi zeréckbezuele muss.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen