arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lisa Jablonowski spillt fir d'University of Virginia

Lëtzebuerger Basketspillerin a

|
reading time

4 min

D'Lisa Jablonowski spillt fir d'University of Virginia

Si gëtt als dat gréisst Talent am Lëtzebuerger Basket ugesinn. No engem Championstitel mat Steesel spillt a studéiert d'Lisa Jablonowski elo op der University of Virginia. Mir ware si besichen.

reading time

4 min

Iwwer 14.000 Leit passen an d'John Paul Jones Arena zu Charlottesville. D'Frae-Basket-Equipe vun der University of Virginia trainéiert hei. D'Lisa Jablonowski ass nei am Team. Si beschreift sech selwer als Exotin.

Mat néng Joer hätt si um Gréngewald ugefaange Basket ze spillen. Duerno wier si op Hesper gewiesselt. A schlussendlech hätt si mat Steesel nach de Championstitel geholl. "Ech hu mir déi lescht dräi Joer awer iwwerluecht, datt ech dat alles méi professionell wéilt ugoen." Dowéinst hätt si den Challenge ugeholl, fir direkt no der Première an d'USA ze goen.

"Bal wéi an Europa"

Charlottesville ass eng kleng Stad, e puer Stonnen ewech vun der Haaptstad Washington. Et géif si bëssen un Europa erënneren. Dofir hätt si sech fir dës Stad decidéiert, erkläert d'Lisa Jablonowski. "Hei si souvill kleng, süüss Restauranten, et kritt ee vill lokal Saachen, jidderee kennt bal jiddereen. Et ass, wéi eng kleng Famill." Dat wier ee schéine Kontrast zum Land, wou alles grouss a breet a Fast Food wier.

D'Lisa Jablonowski spillt fir d'University of Virginia

D'Lisa Jablonowski ass Freshman. Also Studentin am éischte Joer. Zënter dem Summer ass si an den USA an huet sech an der Equipe duerchgesat. Mat eréischt 19 Joer. "Den Training ass mega ustrengend, mee mir sinn alleguer mega motivéiert." Si wier awer selwer iwwerrascht gewiescht, datt si Spillzäit géif kréien. Dacks misst een als Freschman méi op der Bänk sëtzen.

Eng Spillerin mat Kampfgeescht

D'Trainerin ass d'Joanna Boyle, si ass Deel vun engem grousse Staff. De College-Basket gëtt an den USA immens eescht geholl. Och bei de Fraen. Duerch ee Film iwwert d'Lisa wier si op d'Spillerin opmierksam ginn, erkläert d'Joanna Boyle. "Dunn hunn ech entscheet, op Lëtzebuerg ze fléien, fir hat spillen ze gesinn. Ech menge mat senger Gréisst huet hatt e groussen Avantage a vill Potential." D'Lisa wier super an der Defense an am Rebound. Virun allem seng Determinatioun hätt dem Staff an de Fans gutt gefall. "Wann een eng Spillerin sicht mat Kampfgeescht: dat ass d'Lisa."

D'Joanne Boyle kennt Lëtzebuerg gutt. Si huet fréier zu Ettelbréck gespillt an ass mat der Etzella zwee Mol Champion ginn. "Lëtzebuerg ass e klengt Land an et leiert ee jidderee kennen. D'Basket-Welt ass kleng. An ech hu vill gutt Frënn. Esou ass et heizou komm. Si hu mir vum Lisa erzielt."

Dausende Fans an den Faarwe vum Club, eng Brass-Band, Cheerleaderen an eng riseg Show - d'Lisa Jablonowski ass begeeschtert vun der Atmosphär bei de Matcher. "Dat ass eppes, wat een zu Lëtzebuerg leider net sou dacks kritt."

Cheerleaderen an de Faarwe vun der Equipe

D'Lëtzebuergerin bréngt en neie Flair

Et si keng aner Auslänner an der Equipe, mä si hunn all afroamerikanesch Originnen. D'Lëtzebuergerin ass déi eenzeg wäiss Spillerin. "Zanter ech hei sinn, hate mir just zwou Spillerinnen aus Afrika, an dat war et schonn. Mir hate keng aner international Spillerinnen ausser d'Lisa", erzielt den Channing Poole. Hie kommentéiert d'Matcher vun der Equipe um Radio. D'Lëtzebuergerin géif en neie Flair bréngen.

D'Lisa Jablonowski hätt sech an d'Häerze vun de Supporter gespillt, seet d'Trainerin Joanne Boyle. "Hat ass eng Favoritin hei. Wann ech zum Beispill an d'Kierch ginn, soen d'Leit mir, wéi gär si eis Nummer 14 hunn."

"Hatt ass eng gutt Equipë-Spillerin, dat ass wichteg an dësem Business", sou de Bill Porterfield, ee Supporter vun der Fraen-Equipe vun der University of Virginia. Iwwer Lëtzebuerg wéisst hien net vill. Hie wier eng Kéier duerchgefuer.

Och d'Cindy Wallace, wat Matcher vun der Equipe suivéiert, weess net vill iwwer de Grand-Duché, ass awer vum Lisa begeeschtert. "Hat ass immens aggressiv, gutt am Rebound an an der Defense. Hatt huet keng Angscht viru gréissere Spillerinnen."

D'Lisa Jablonowski ass déi eenzeg wäiss Spillerin an der Equipe

Nach dräi an en halleft Joer Studien a Basket waarden op d'Lisa Jablonowski op der University of Virginia. Wat kennt dono? Villäicht eng Profi-Carrière an Europa. Oder eng Plaz an der WNBA, der amerikanescher Profi-Liga. Mee fir d'Éischt muss och de Studium gemaach ginn. Dat kann ee bei esou vill Rambazamba, wéi d'Lisa seet, bal vergiessen.