Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik D'Liewen zu Phadai

Trotz Wirtschaftswuesstum si virun allem Dierfer an de méi héich geleeëne Regiounen an an de Bierger am Laos nach ëmmer vun Aarmut betraff. Mat am Ganzen 30 Milliounen Euro ënnerstëtzt Lëtzebuerg dofir fir d'Period 2017 bis 2022 ee Projet vun der Agence LuxDev am Beräich ländlech Entwécklung.

Françoise Keller / cbi

Françoise Keller
D'Françoise Keller war fir de radio 100,7 mat an de Laos. Foto: Archiv

D'Kooperatiounsministesch an eng Lëtzebuerger Delegatioun sinn ënner anerem an dat éischt vun den Dierfer gaangen, dat duerch d'Lëtzebuerger Hëllef ënner d'Äerm gegraff krut. D'Françoise Keller war fir de radio 100,7 mat.

Françoise, wéi een Androck krus du vum Duerf?

Ma fir unzefänken emol een immens waarmen an zimlech holperechen. D'Temperature louchen deen Dag bei iwwer 30 Grad a wéinst der héijer Loftfiichtegkeet ass et an der Sonn bal net auszehale gewiescht. Den Accès zum Duerf war wéinst der Reesaison zimlech schwiereg. D'Stroosse waren zum Deel opgeweecht.

D'Duerf, dat mir besiche waren, Phadai, läit am Bolikhan Distrikt, plus ou moins an der Mëtt vum Laos. Phadai selwer ass awer nach relativ gutt connectéiert - Aacht Kilometer wäit ewech läit ënner anerem ee Spidol an ee Lycée.

Am Ganze liewe ronn 2.000 Leit zu Phadai. Si sinn all Hmong, eng ethnesch Minoritéit am Laos. Si sinn ursprénglech aus Dierfer aus nach méi entleeëne Regiounen an de Bierger erofkomm. Haut relokaliséiert d'Regierung d'Hmong och aus de Bierger a méi niddereg geleeë Regiounen.

Vläicht kann ech kuerz op den Ëmfang agoen. Do gouf eng sougenannt Baci Zeremonie ofgehalen, een typescht Ritual a Südostasië fir zum Beispill een anzwousch ze begréissen, oder och nach wann ee bestuet gëtt. Zu Phadai hunn d'Awunner vum Duerf eis no der Zeremonie Fiedem ronderëm d'Handgelenk gestréckt, Eeër geschenkt an eis Freed, eng gutt Gesondheet a Wuelstand gewënscht. Dat beweegt een zimlech, wann ee bedenkt, datt d'Leit a Prekaritéit liewen.

Wéi ass dann d'Liewenssituatioun vun den Awunner?

Vun am Ganzen 280 Stéit géifen d'Awunner vu Phadai selwer eng 50 als aarm an dräi als ouni Moyene bezeechnen, seet zumindest Luxdev. Dat ass d'Agence, déi d'Programmer fir Entwécklungshëllef vun der Lëtzebuerger Regierung op der Plaz ëmsetzt. Luxdev no wiere virun allem déi Awunner, déi als lescht dobäi geplënnert wieren, oder wou et Drogeproblemer géife ginn, vun Aarmut betraff.

Ma wann een duerch d'Duerf geet, gesäit een dach e Bild vun zimlech grousser Prekaritéit. D'Haiser sinn aus deem gebaut, wat disponibel ass - Holz, Bambus, zum Deel och méi zolidd aus Steen. Eng Fra, déi baussen dem Haus an der praller Sonn de Räis gedréchent huet, huet eis bei si eragelooss. Iwwer der Dier houng een aalt Harespelsnascht a Messer aus Holz - fir béis Geeschter erauszehalen, hunn ech mir soe gelooss. Bannendra war alles däischter an immens waarm. Et stoungen net weider Miwwelen dran. Wéi vill Leit sech d'Haus - respektiv déi zwee Raim - deelen, ass och net kloer. Ech hu mol d'Fra mat hirem klenge Kand, ee Mann an eng eeler Fra gesinn. Eng Toilette hunn ech net gesinn, wéi et heescht sollen awer 90 Prozent vun den Haiser zu Phadai eng Toilette hunn.

Wéi gesäit et da mam Zougang zu Waasser aus?

Eng vun den Installatiounen, déi duerch d'Lëtzebuerger Kooperatiounshëllef entstanen ass, ass ee Waasserversuergungs-System. Et huet net all Haus ee Krunn direkt niewebäi, mee jeeweils ronn zéng Haiser deele sech ee Krunn. D'Awunner kënnen dann zum Beispill ee Schlauch drun uschléissen an esou awer Waasser bei sech doheem hunn. Da géifen d'Leit méi spuersam mam Waasser ëmgoen an de Krunn net dauernd lafe loossen, heescht et.

Éier dee System installéiert war, hunn d'Leit - virun allem Fraen - d'Waasser zum Beispill aus engem Flooss oder Séi geholl. Wat de Fraen och entgéint kéim, wier, datt ee Lycée an der Géigend ass, well si soss dacks net an de Lycée géife goen, fréi bestuet a Kanner géife kréien. D'Frae goufen iwwregens an der Ministesch hirer Ried am Ufank och ugeschwat. Hiren Appell un d'Meedercher am Raum, fir ebe grad an d'Schoul ze goen an "just go for it" ass allerdéngs net wierklech op eng Reaktioun gestouss - wat awer vläicht och un der Iwwersetzung louch.

Gëtt et dann eng Schoul am Duerf?

Jo, eng Primärschoul an eng Spillschoul. D'Spillschoul ass an deem Sënn wichteg, fir d'Kanner vu Minoritéiten - an dësem Fall de Hmong - mat der Lao Sprooch a Kontakt ze bréngen, déi se herno och an der Schoul léieren ze liesen an ze schreiwen. Een Zil vun den Awunner, dat si sech bis 2021 gesat hunn, ass dann och datt all d'Kanner Lao verstinn. Et bleift ofzewaarden ob si dat, an all hir aner Ziler, bis dohinner erreechen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Françoise Keller
Lauschteren

Méi zum Thema

Louise Kelly, Haapt-Responsabel vu Caritas Lëtzebuerg am Laos
Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik

Caritas Lëtzebuerg ass zanter 2010 am Laos aktiv fir den Hmong ze hëllefen. Dës ethnesch Minoritéit wunnt dacks an Aarmut a gëtt zum Deel vun de Lao Communautéiten diskriminéiert.

Romain-Schneider-Zanda-Kalnina-Lukasevica.jpg
EU-Entwécklungspolitik

D'EU definéiert nei Ziler fir d'Entwécklungspolitik. Lëtzebuerg war als eenzegt Land kritesch par rapport zu den neie Critèren. De Kampf géint d'Aarmut géif net méi am Fokus stoen, esou d'Kritik.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen