Reen a Bou D'Kippelementer am Äerd- a Klimasystem (Deel 3)

Datt mir a ville Beräicher vun eisem Äerd- a Klimasystem sougenannt Kippelementer fannen, hu mir an de leschten zwou Episode vum Reen a Bou gemierkt. Mir si mat eiser Mini-Serie zu dësem ganz interessanten Thema awer nach net um Enn.

Philippe Ernzer / cbi

Philippe Ernzer
De Philippe Ernzer beschäftegt sech dës Kéier mat de Kippelementer. Foto: Archiv

An der leschter Episod hu mir ënner anerem gesinn, datt Anomalien, wéi zum Beispill den El Niño, duerch d'Äerderwiermung an Zukunft tendenziell méi dacks virkomme kënnen. Bis ewell ass et statistesch gesinn all zwee bis siwe Joer virkomm, datt de Passatwand am Pazifik staark ofgeschwächt war a sech doduerch de südëstleche Pazifik erwiermt huet.

D'Konsequenz vun engem El Niño ka sech ganz ënnerschiddlech weisen, ënner anerem ass mat staarken Dréchenten ze rechnen - do, wou se normalerweis net sou dacks virkommen - oder och méi streng Wanteren an eise Géigende kënnen eng Auswierkung sinn.

Och koume mir kuerz drop ze schwätzen, datt sech den Jetstream duerch d'Äerderwiermung ofschwächt an zäitweis op ville Plazen och guer net méi wierklech present ass. Doduerch kënne sech Grousswiederlagen iwwer eng méi laang Zäit festsetzen, wouduerch et zu laangen Dréchenten, Reeperioden, Hëtzt- a Keeltwelle komme kann. Och déi uerg Iwwerschwemmungen an der éischter Hallschent vum Juni 2018 sinn op e méi luesen Jetstream an eng domat zesummenhänkend festgefuere Grousswiederlag zeréckzeféieren.

Den indesche Monsun

Net nëmmen den Jetstream ass destabiliséiert, mee och den indesche Monsun fält mat sengem Verhalen op. Bis zu 90 Prozent vum ganze Reen, deen an Indien iwwer ganzt Joer verdeelt erofkënnt, ass d'Wierk vum reegelméissege Summermonsun. Dëse Summermonsun gëtt duerch e Réckkopplungsmechanismus ugedriwwen - onënnerbrach stréimt fiicht Loft vum Mier u Land.

Et entsti Wolleken an domat och Nidderschléi, duerch déi zousätzlech sougenannt latent Wäermt fräigesat gëtt. Ënner latenter Wäermt versteet een an der Meteorologie d'Quantitéit u Wäermt, déi am Waasserdamp als potenziell Energie gespäichert ass. Dës Quantitéit u Wäermt gëtt haaptsächlech der Mieresuewerfläch duerch d'Verdonstung entzunn. Dobäi verdonst 86 Prozent vum Waasser iwwer dem Mier a 14 Prozent iwwer Land.

Duerch déi latent Wäermt gëtt also a Punkto Monsun dofir gesuergt, datt ëmmer erëm waarm Loftmassen opsteigen, déi dann nach méi fiicht Loftmasse vum Mier u Land bréngen. Eng gréisser Roll spillen och Aerosolen an der Loft, duerch déi méi Nidderschléi provozéiert ginn. Op Grond vum Klimawandel wier also mol mat méi staarken an och mat manner staarke Monsun-Evenementer ze rechnen, wat all kéiers fir Konsequenze suerge géif.

Fält de Monsun manner staark aus, verréngert sech d'Reequantitéit, déi am Joer erofkënnt, markant. Dréchente wiere virprogramméiert. Reent et ze vill, da geet et an eng komplett aner Richtung: katastrophal Iwwerschwemmungen.

Auswierkungen op d'Sahara

Bëssen änlech gesäit et och fir de westafrikanesche Monsun aus, wat och eng Auswierkung op déi gréisst Dréchewüst vun der Äerd kéint hunn - nämlech d'Sahara. D'Zesummespill aus Buedemfiichtegkeet, der Vegetatioun an der Atmosphär, kënnen dofir suergen, datt sech och d'Verhale vum westafrikanesche Monsun verännert.

Engersäits géif dat och erëm entweder Phase mat vill Reen an anerersäits och Phase mat bal guer kengem Ree bedeiten. Ofhängeg ass dat Ganzt vum sougenannten Nidderschlagsrimm. Wann dëse sech zum Beispill méi wäit an den Norde beweegt, géif dat d'Warscheinlechkeet vu Nidderschléi an der Sahel-Zon an d'Luucht drécken, wouduerch och mol erëm bësse Grénges an der Sahara wuesse géif. D'Sahel-Zon ass eng Iwwergangszon am Norde vun Afrika, déi den Iwwergang tëschent der Sahara an de méi fiichten Trope markéiert.

Géif d'Sahara a Punkto Vegetatioun erëm opbléien, kéint dat awer och negativ Auswierkungen hunn. D'Mieresplanzen an der Karibik an och den Amazonas-Reebësch gëtt duerch Nährstoffer, déi mam Wüstestëbs duerch Stierm iwwer den Atlantik an de Weste geblose ginn, um Liewe gehalen. Sollt d'Sahara also erëm méi gréng ginn, dann hätt dat manner Nährstoffer als Konsequenz.

D'Dréchenzon am Südweste vun den USA

Aus der Karibik maache mir e Sprong an de Südweste vun den USA. Do deent sech schonn zanter e puer Joer d'subtropesch Dréchenzon ëmmer méi wäit an den Norden aus, wouduerch elo schonn ëmmer manner Nidderschléi iwwer de Südweste vu Nordamerika falen.

De Fuerscher ass opgefall, datt op där Plaz d'Zesummespill aus dem Stréimungsmuster vum Mier an der Loftstréimung an der Atmosphär ganz änlech wéi dat vun engem Monsun-System ausgesäit. Sécher ass et net, allerdéngs kéint sech dohannert e Kipp-Punkt verstoppen, deen, soubal en iwwerschratt gëtt, Prozesser an d'Weeër leede kéint, datt nach vill manner Ree wéi souwisou schonn iwwer dem Südweste vu Nordamerika erofkomme kéint. Et wier also mat nach méi extremen Dréchenten ze rechnen.

D'Ekosystemer op der Äerd

Komme mir bei déi lescht Kategorie - d'Kippelementer an den Zesummenhang mat den Ekosystemer op der Äerd. An de verschiddenen Ekosystemer fanne Planzen an Déieren hir ekologesch Nisch, wat et hinnen erméiglecht, sech ze vervillfältegen an ze liewen. Ännert sech awer eppes, da kënne se sech iergendwann net méi op de gewinnte Plazen ophalen an och Planzenaarte verschwannen. E puer Planzen- an Déierenaarte sinn dynamesch a kënnen am Fall vu Changementer ouni gréisser Problemer a besser geleeë Géigenden auswäichen.

Aner Aarten awer, déi vu ganz bestëmmte Konditiounen ofhängeg sinn, kënnen dat awer net. Duerch de Klimawandel ass ze erwaarden, datt sech an Zukunft ganz Landgéigende kënne veränneren - wat och de Liewensraum vu Planz an Déier betrëfft oder leider och verschwanne loosse kéint.

Méi zum Thema

Äiswaasser
Reen a Bou

Bal keen Thema ass de Moment sou present, wéi de Klimawandel an och de Klima u sech. Et ginn e ganze Koup Grënn fir driwwer ze schwätzen, wéi z. B d'Kippelementer an eisem Äerd- a Klimasystem.

Den Himmel ka vill veschidde Faarwen hunn. Wisou eigentlech?
Reen a Bou

D'Themen an der Wiederwelt si meeschtens net esou einfach ze erklären. Et muss een och net wäit siche goen, fir op eng eigentlech ganz banal Fro ze kommen: Firwat ass den Himmel blo an net gréng?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen