Kuerz virum Camping zu Léifreg hunn ech no enger méi enker Kéier staark mussen ofbremsen. Ass do ee Wëllt Schwäin iwwer d'Strooss gelaf? Oder war et ee vun de sëlleche Wiichtelcher, déi do um Piermes-Knapp viru laanger Zäit emol ee Schlass solle gehat hunn. Oder war et carrement de Piirmes-Männchen, deen - enger Lëtzebuerger Seechen no - do an enger klenger Kapell geschlof huet, oder nach ëmmer schléift!?
Eng al Seechen aus der Géigend
"Lipp, lapp, lipp, lapp, de Piirmes-Männchen läit um wäisse Knapp.", hunn d'Kanner laang Zäit an dëser Géigend gesongen. A wann een him begéint, esou heescht et weider, da pléckt hien engem dat ganzt Liewen auserneen. An net nëmmen d'Vergaangenheet, mee och nach déi ganz Zukunft.
Nodeems ech dës Seechen nogelies hat, war ech schlussendlech frou, um Léifreger Camping ukomm ze sinn, ouni dësem dach gelungene Piirmes-Männchen iwwer de Wee gelaf ze sinn.
E Camping um Stau
"De Stopp vum Séi" nennt sech de Camping zu Léifreg och nach ganz passend. Deen eenzege Camping iwwregens, deen direkt um Stau läit. Fir net ze soen, déi eenzeg Schlofgeleeënheet, ausser natierlech d'Jugendherberg zu Lëlz, vun där aus een a just e puer Schrëtt scho mat de Féiss am Stauséi steet.
Zanter dräi Joer gëtt dëse Camping elo vun deem selwechte Bedreiwer, wéi deem vum Camping an der Fuussekaul geréiert, an et mierkt een och direkt, datt hei vill Know-How vun do aus mat op Léifreg erafléisst.