Lëtzebuerg entdecken Camping Kautenbach

Net wäit vum Camping Kautenbach ewech läit d'Schëttbuerg, genannt Schibbreg, déi am drëtte Gesank vum Michel Rodange sengem Renert och kuerz virkënnt. Dës Buerg ass anscheinend zu der Zäit vum Jang de Blanne gebaut ginn.

Claude Faber / cz

Camping Kautenbach

Net wäit vum Camping Kautenbach ewech läit d'Schëttbuerg, genannt Schibbreg, déi am drëtte Gesank vum Michel Rodange sengem Renert och kuerz virkënnt. Dës Buerg ass anscheinend zu der Zäit vum Jang de Blanne gebaut ginn, mee eréischt 1406 geet eng éischte Kéier an engem Dokument vun hir rieds, als Lehnsgut vun der Herrschaft Roudemaacher. Et ass sécherlech ee vun den ofgeleeënste Campingen am Land.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Aquarium Waasserbëlleg 2
Lëtzebuerg entdecken

A 15 verschiddenen Aquariume gi Fësch vun de fënnef Kontinente gewisen. Ënnen op der Musel, zu Waasserbëlleg gëtt et hei am Land en Aquarium, eppes wat vill Leit vläicht net wëssen. An do ginn et net nëmmen déi heemesch Fësch ze gesinn.

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen